Fir ze weisen, dass de Choix ganz ville Leit hei am Land wichteg ass, hat d'Biergerinitiativ op eng Marche “Fir de Choix” dëse Samschden, 26. Abrëll 2014, um 15 Auer, an der Stad Lëtzebuerg invitéiert. Méi wéi 2.500 Participanten, Kanner, Jugendlecher an Erwuessener, hunn deelgeholl a sech ausgeschwat:
- Fir de Choix tëscht Reliounsunterrecht an Education morale et sociale
- Fir eng ganzheetlech Bildung an eise Schoulen
- Fir d'Matbestëmmung vun den Elteren an hire Kanner an Erzéiungsfroen
- Fir e respektvollen Ëmgang tëscht alle Weltanschauungen an enger moderner pluralistescher Welt