Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Handbuch fir Massendénger, Kräiz fir Massendénger a Kommiounskanner

$
0
0

« Advent – Zingulum. ABC fir Massendénger »

Dëst ass de villverspriechenden Titel vun engem neien Handbuch fir Massendénger an hir Responsabel, dat den 28. Februar am Centre Jean XXIII vum Tanja Konsbruck, Directrice vun de „Lëtzebuerger Massendénger“, virstallt gouf. D'Buch vun 100 Säiten, dat am A5-Format ganz handlech ass, ass ideal fir net nëmmen dermat, mä och dran ze schaffen.

A sengem Virwuert weist den Här Äerzbëschof sech erfreet iwwert den onverzichtbaren Asaz an domat och dem Zeechnës fir Christus vun de Massendénger a Massendéngerinnen. D'Equipe „Lëtzebuerger Massendénger“, déi dëst flott Buch erausginn huet, wënscht vill Spaass a Freed – esou wuel beim Entdecke vu villem Neien, Interessanten a Wëssenswerte ronderëm den Déngscht als Massendénger, wéi och beim Déngscht als Massendénger.

An 11 Kapitele kritt een an einfache Wierder Informatiounen iwwert d'Kierch als Gemeinschaft vun de Chrëschten, d'Opdeelung vun der Kathoulescher Kierch, d'Kierch als Gebai an di verschidde Baustiler. En Trëppeltuer duerch d'Kierch féiert eis mat Fotoen op di eenzel Plazen am Kiercheraum, mat den néidegen Erklärungen zu deem, wat een do gesäit.

Advent – Zingulum. ABC fir MassendéngerDe Massendéngerdéngscht gëtt a 4 Volete virgestallt: e kuerze Bléck an d'Geschicht, de Massendénger am Déngscht, de Massendénger am Asaz fir anerer an de Massendénger a senger Fräizäit. D'Aufgabe vun de Massendénger an den eenzelne Gottesdéngschter ginn unhand vu Fotoen an Illustratioune mat entspriechenden Erklärunge lieweg an anschaulech gewisen. Och di liturgesch Grondhaltungen, Géigestänn, Gewänner, Faarwen a Bicher kommen net ze kuerz. D'Kierchejoer mat sengen 3 Deeler, Chrëschtdagsfestkrees, Ouschterfestkrees an normal Zäit mat den einfache Sonndeger am Joreskrees gëtt gutt verständlech a flott illustréiert presentéiert – net ze vergiessen eng ganz Rei vun Helleger mat engem gréisseren Deel fir den hellegen Tarcisius, de Schutzpatroun vun de Massendénger.

Zu deene verschiddene Kapitele gëtt et ausserdeem Quizfroen, Rätselen, Plaz fir selwer Biller anzepechen oder ze molen. En Dictionnaire fir Massendénger a 5 Sproochen an eng Lescht mat Hëllefsliteratur aus dem Ausland vervollstännegen dëst impressionnant Buch, wat demnächst bei kengem Massendénger soll feelen.

Lëtzebuerger Massendénger, Advent – Zingulum. ABC fir Massendénger, ISBN 978-99959-0-064-9, 12,50 € / Buch


Tarcisius-KräizKräiz fir Massendénger / Kommiounskanner

De Bernard Lang (Kënschtler vun der grousser Tarcisiusstatu) huet ee Kräiz fir Massendénger entworf. Um Kräiz gesäit een den hellegen Tarcisius – Patréiner vun de Massendénger an de Kommiounskanner –ähnlech wéi déi grouss Statu. D'Kräiz kann an eng Kordel gemaach ginn (wéi eben hei um Bild) mee et kann een et och ophänken. Hannendrop kann een och eppes aggravéiere loossen – d'Kräiz huet nämlech eng flaach Récksäit.

Dimensioune vum Kräiz: Héicht: 6,9 cm, Breet: 6,5 cm, Déift: 0,6 cm, Gewiicht: 90 gr
Material: Koffer (patinéiert)
Präiss vum Kräiz am Bicherzelt: 15 € / Kräiz (ouni Kordel)


Lëtzebuerger Massendénger
5, avenue Marie-Thérèse – Block A, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
Permanence am Büro: dënschdes mëttes a mëttwochs moies (an der Schoulzäit)
Tel.: 44 743-243; Fax: 44743-248
Email: massendenger chez hotmail.com
Homepage: http://massendenger.cathol.lu
Facebook


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411