Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Ganz eent gi mam Jesus – D'Maria bei der Gebuert zu Bethlehem (Lk 2,1-14)

$
0
0

D'Priedegt lauschteren

Download
Quell: wort.lu

JPEG - 66.1 kB
Christi Geburt. (Illustration: Charles-Laurent Maréchal, 1846 - 1860 / Foto: Christophe Hubert)

Evangelium: Lk 2,1-14

Deemools koum en Uerder vum Keeser Augustus eraus, datt d'ganz Welt sech aschreiwe loosse sollt. Dëst war déi éischt Zielung, déi duerchgefouert gouf, wéi de Quirinius Gouverneur vu Syrien war. An alleguer goungen si sech aschreiwe loossen, jiddereen an seng Stad.

Och de Jouseph ass aus Galiläa, vun der Stad Nazareth, erop a Judäa gaang, an d'Davidsstad, déi Bethlehem heescht – hie war nämlech aus dem Haus an der Famill vum David –, fir sech aschreiwen ze loosse mat der Maria, déi him versprach war an déi an aneren Ëmstänn war.

Wéi si do waren, ass fir d'Maria den Dag komm, wou si nidderkomme sollt, an si huet e Jong kritt, hiren Éischtgebuerenen. Si huet hien a Wëndele gewéckelt an an eng Krëpp geluecht, well am Wiertshaus keng Plaz fir si war.

An deemselwechte Streech hunn Hierden um fräie Feld gelieft an nuets bei hirer Häerd Wuecht gehal.

Dunn ass dem Här säin Engel op si duerkomm, an dem Här seng Herrlechkeet huet si mat Liicht ëmginn. Eng freeschlech Angscht ass an si gefuer, ma den Engel sot zu hinnen: "Fäert net! Kuckt, ech verkënnegen iech eng grouss Freed, déi fir dat ganzt Vollek bestëmmt ass: Fir iech ass haut an der Davidsstad e Retter op d'Welt komm; hien ass de Christus, den Här.

An dat hei ass d'Zeeche fir iech: Dir fannt e Këndchen, dat a Wëndele gewéckelt ass an dat an enger Krëpp läit."

An op eemol war bei dem Engel eng grouss himmlesch Arméi [vun Engelen], déi den Herrgott gelueft hunn a soten: “Herrlechkeet dem Herrgott héich do uewen an op der Äerd Fridden de Mënschen, déi an senger Gonscht stinn!”

4. Oktavpriedegt

1. Dat grousst Geheimnes vum Evangeliumstext, deen äis elo verkënnegt gouf, läit an engem onscheinbaren, alldeegleche Wuert, an dem Wuert haut.

D´Botschaft, déi d´Engelen den Hierden um Feld verkënnegt hunn, heescht: „Fir iech ass haut an der Davidsstad e Retter op d'Welt komm; hien ass de Christus, den Här“. De Messias ass deen, op deen d´Vollek Israel Jorhonnerte laang gewaart huet. Si haten dono geruff, gebiet, gerongen, datt den Härgott dach endlech dësen Erléiser schécke sollt. Beim Prophéit Isaias gëtt et e Gebiet, dat engem d´Häerz zerräissen deet. Do heescht et: „O datt s du dach den Himmel opräissen deess an hie schécks“. Vun dohir kënnt jo och eist Adventslidd „O Heiland, reiß die Himmel auf“. Si hunn dono verlaangert, well si genee wossten: Eist Verhältnes zum Härgott ass net méi esou, wéi et um Ufank war. Do ass e Rëss duerch d´Schëpfung gaang, an dat ass d´Sënd an d‘Schold.

An net nëmmen d´Verhältnes zum Härgott war zerbrach, mä och d´Verhältnes ënnerteneen. Nom Sündenfall koum fir d´éischt de Bruddermord. De Kain erschléit den Abel. D´Vollek Israel hat Gespier dofir: Och wann et äis vläicht wirtschaftlech gutt geet, iergendwéi ass bei äis eng Zerrassenheet do. A gleeft mir, déi Zerrassenheet ass an eiser Welt haut grad esou grouss, wann net esouguer nach méi grouss ewéi jee. Do brauche mir nëmmen e Bléck an eis Medien ze geheien.

2. Awer dëst Verlaangeren, dëst Gebiet, dëse Kreesch vum Vollek Israel nom Messias ass net ouni Äntwert bliwwen. D´Gebiet, dat si un den Härgott geriicht hunn, ass net nëmme bis un de Plafong vun hiren Haiser oder vun hire Gebietsraim gaang, neen, et ass wierklech bis un den Troun vum Härgott komm. An den Härgott huet dem Vollek Israel ëmmer erëm duerch d´Prophéite vermëttele gelooss: Et kënnt eng Kéier deen Dag, wou de Messias, de Retter geschéckt gëtt. An dat ass een Dag, op deem d´Mënschen all Schwäert an e Plou ëmfonctionnéieren. Da gëtt net méi fir de Krich opgerüst. A wann deen Dag kënnt an de Messias do ass, da kann e klengt Kand mat enger gëfteger Schlaang spillen, an d´Schlaang bäisst dann net zou. Dat heescht: Da gëtt et an der Schëpfung keng Feindschaft méi. Dat huet den Härgott duerch d´Prophéiten ugekënnegt.

3. Awer eppes konnt kee vun dëse Prophéite soen: „Haut ass et esou wäit.“ D´Prophéite konnten ëmmer nëmme soen: Et kënnt eng Kéier deen Dag. D´Botschaft Haut bleift dem Engel virbehal, deen an der Chrëschtnuecht den Hierden um Feld verkënnegt: „Haut ass fir iech de Messias gebuer ginn, de Retter, den Här.“

Dëst Stéchwuert haut zitt sech ewéi e roude Fuedem duerch dat ganzt Liewe vum Jesus.
Drësseg Joer méi spéit, wéi de Jesus säin ëffentlecht Liewen ufänkt a souzesoe säi Maidenspeech a senger Heemechtsstad Nazareth hält, do besteet seng Priedegt nëmmen aus engem Saz: „Haut huet sech dat Wuert, dat nach an ären Ouere kléngt, bei iech zou erfëllt.“

Wéi de Jesus méi spéit op Jericho kënnt, do begéint hien an der Stad dem Zachäus, dësem onéierleche Steierandreiwer, deen d´Leit beduckst an iwwer d´Oueren heet. Et ass ee vun deene Leit, déi am meeschte vun deene rondrëm gehaasst ginn. An ausgerechent bei dee geet de Jesus iessen. An do geschitt d´Verwandlung vum Häerz, datt aus dësem Gauner e Mënsch gëtt, deen net nëmmen dat zréckgëtt, wat hien zevill ofgeknäppt huet, mä och nach een, dee bereet ass ze deelen, jo méi nach, deen dat, wat hien zevill gefrot huet, véierfach zréckgëtt. A wat seet de Jesus him um Enn? – An do kënnt dann neess d´Botschaft vu Chrëschtdag zum Virschäin: „Haut ass dësem Haus Heel widderfuer.“

Kuerz Zäit drop hänkt dëse Messias, dësen Heiland um Kräiz. An nieft him hänken zwéi Verbriecher, rechtskräfteg zum Doud veruerteelt wéinst Mord a Rebellioun. Ee vun dëse Verbriecher riicht sech an der leschter Stonn vun sengem Liewen esou onbehollef, wéi et nëmme si kann, un de Jesus, deen an der Mëtt hänkt, a seet zu him: „Här, denk u mech, wann s du an däi Räich kënns. Vergiess mech net!“ An erëm schéngt d´Chrëschtdagsbotschaft op, wann de Jesus zu him seet: „Haut nach bass du mat mir am Paradäis.“Ëmmer erem dëst klengt Wuert haut. Do gëtt d´Botschaft vu Chrëschtdag fir e Verbriecher Wierklechkeet.

Erëm foffzeg Joer méi spéit, mir schreiwen d´Joer 80 no Christus, schreift den Evangelist Lukas säin Evangelium. A wéi hien d´Chrëschtdagsgeschicht opschreift, du schreift hien net: „Deemools gouf dem Vollek Israel den Erléiser gebuer, den Heiland“. Neen, de Lukas schreift am Joer 80 no Christus: „Haut ass fir iech de Christus gebuer, fir iech, déi dir dëst Evangelium liest oder dës Botschaft héiert, fir iech ass haut den Erléiser gebuer; dir sidd mat abezunn. Dës Offer vun Heel duerch den Härgott ass net nëmme fir deemools, mä si ass fir iech haut, déi dir d´Evangelium hei an elo liest an héiert.“

4. Zënterhir gëtt dës Botschaft op jidder Chrëschtfest gelies. An och haut de mëtteg hu mir hei an der Kathedral dës Botschaft héieren. Awer och haut gouf äis net verkënnegt: Deemools ass fir d‘Israeliten de Messias gebuer ginn, mä och elo, grad ewéi op all Chrëschtfest heescht et: „Haut ass fir iech de Messias gebuer ginn; et ass Christus, den Här.“

An esou däerf jidderee vun äis wëssen: Haut ass hie fir mech gebuer ginn. Dem Härgott seng Offer vun Heel ass haut an elo den Erléiser, de Messias – fir mech!

D´Hierden hunn deemools de Messias fonnt. Mä wat hunn si fonnt? Si hunn e Kand fonnt, en onscheinbare Puppelchen. Dëst Kand hat keen Hellegeschäin. Et huet gekrasch ewéi all Puppelchen, et huet ausgesinn ewéi all anert neigebuerent Kand. Den Härgott kënnt an dësem onscheinbaren Zeechen.

Elo, an eiser Zäit, kënnt den Härgott net als Kand bei äis, mä hie kënnt och an engem ganz onscheinbaren Zeechen, nämlech an engem klenge Stéck Brout, dat mir Hostie nennen. Do begéint äis den Erléiser, de liewege Gott. Natierlech kann een elo soen: Et schmaacht ewéi Brout, et gesäit aus ewéi Brout, et grimmelt ewéi Brout. Jo, mä och deemools hunn si gesot: Et gesäit aus ewéi en neigebuerent Kand a.s.v. An dësem Stéck Brout begéint äis de Retter, den Erléiser, ganz perséinlech.

5. Wat dës Kraaft vun der Chrëschtdagsbotschaft, déi verwandele kann, bedeit, „haut ass fir iech den Erléiser gebuer ginn“, dat ass mir ni méi esou däitlech ginn, wéi deemools, op deem éischten Hellegen Owend als Diakon 1989 zu Rëmeleng, wéi ech dat hei erliewen duerft:

Do gouf et eng jonk Koppel, déi keng Kanner hat. Déi zwee souzen um Hellegen Owend doheem an hunn sech just gelangweilt. Hie war aus der Kierch ausgetratt. Nomëttes haten si op der Televisioun d´Sendung gesinn, déi et deemools gouf „Wir warten aufs Christkind“. Awer dat war jo am Fong geholl eng Kannersendung, an si hate keng Kanner.

Aus Léift zu senger Fra war hie mat an d´Kannermette gaang. Mä do huet hien et net méi ausgehal an ass neess heem getrëppelt.

An elo souzen si um Hellegen Owend beim Chrëschtbeemchen doheem a wosste mat dësem Fest awer och glat näischt unzefänken. A wat mécht de Mann? Hien hëlt d´Chrëschtdagspost beihand a bliedert esou duerch d´Kaarten, déi si geschéckt kritt haten. Wat een do esou alles schreift…: „Schéi Feierdeeg, e frout Fest, e gudde Rutsch.“

Mä et war eng Kaart derbäi, do stoung virdop d´Botschaft vu Chrëschtdag: „Aujourd'hui vous est né un Sauveur. Il est le Messie, le Seigneur“. A wéi de Mann dat an dëser Situtioun gelies huet – ech weess net, wéi den Härgott et gemaach huet –, dunn huet hien et net méi doheem ausgehal.

E koum bei d´Kierch gelaf, déi zu dëser Stonn schonn zougespaart war. Dofir koum hie bei äis an d´Paschtoueschhaus – an dofir weess ech iwwerhaapt vun dëser Geschicht. Hien huet gefrot: „Kann ech nach eng Kéier an d´Kierch goen?“ Mir hunn him d´Kierch opgespaart. An dunn huet dëse Mann bal eng geschloe Stonn laang eleng an der Kierch virun der Krëppche gekrasch. All seng Batterkeet, seng Enttäuschung, alles, wat a sengem Liewen zerrass war, all Zweiwel, déi hien hat, alles wat a sengem Verhältnes zum Härgott an zur Kierch zerbrach war, dat huet hien owes ganz eleng am Däischtere virun der Krëpp vum Jesuskand erausgekrasch.

A wéi hien dunn an d´Paschtoueschhaus zréckkoum a sot, mir kéinten d´Kierch erëm zouspäeren, du war aus dësem Mann en neie Mënsch ginn, an dat huet een esouguer un sengem Äussere gesinn: E Liicht louch op sengem Gesiicht an seng Aen hu gestraalt.

Dëse Mann hat d´Chrëschtdagsbotschaft erfuer. „Haut ass fir iech de Retter gebuer, Christus, den Här.“

6. Et ass am Fong geholl net ze faassen, wat mir do feieren: Den Härgott léisst sech op eis Äerd erof. Hie mécht et op eng ganz douce Manéier, an der Stëllt. D'Äerd ziddert net, obschonns si bis an hiere banneschte Kär opgewullt misst sinn. Fir eng Handvoll aarmséileg Leit huet mussen eng ganz himmlesch Arméi a Beweegung kommen, fir datt si mierke konnten, wat do op hirem Feld geschitt ass.

Wa schonns d'Liewen an eisem Weltall fir äis onvirstellbar ass, ëm wéivill méi dann d'Erschénge vun eisem Gott op der Äerd! Wéi konnt eis Äerd, dësen onscheinbare Planéit am Universum, den Härgott droen? Wéi konnt dee grousse Gott, deen Himmel an Äerd erschafen huet, sech dëse klenge Planéit Äerd aussichen, fir sech do ze weisen, awer net mat senger grousser, majestéitescher Muecht, mä als Mënsch ënnert de Mënschen, jo, als onscheinbart an zerbriechlecht Kand an enger Fudderkrëpp?

Wéi spektakulär hätt de Jesus op eiser Äerd optriede kënnen! Wéi groussaarteg hätt hien sech äis opzwénge kënnen! Mä hie mécht et net. Hie wollt ganz vu vir ufänken – wéi jiddfer Mënsch. Hien huet sech eng Mamm gesicht. Den Härgott kënnt bei d'Maria. Wéi konnt e Mënsch, eng Fra, den Härgott an hirem Schouss droen? Wéi konnt si dem Härgott säi Jong, de Schëpfergott selwer aushalen? Dem Härgott säi Kommen an dës Welt ass einfach net ze faassen. Awer nach méi onfaassbar ass d'Tatsaach, datt den Härgott am Schouss vun enger Fra Mënsch gëtt. Awer esou wollt hien et.

7. Dat grousst Événement fänkt mat enger Fra un: mat der Maria. Wat huet si eigentlech gemaach. Abbee, si war Mamm. Si huet hiert Kand gebuer. Si huet et geheegt a gefleegt. Si huet et begleet – och bis an den Doud, sou wéi jiddfer Mamm et gemaach hätt. Awer well hiert Kand eeben net nëmmen e Mënsch war, dofir war hiert Schicksal als Mamm och iwwer-mënschlech.

Hiert Kand, mat deem si schwätzt, dat si un hiert Häerz dréckt, deem si z'iessen an ze drénke gëtt, dëst klengt Kand kënnt vum Himmel, vum Papp am Himmel. Net nëmmen aus hirem Schouss, och aus dem Papp sengem Schouss. Dëst Kand ass hire Jong. Awer net nëmmen hire Jong. Hien ass esouguer méi dem Papp am Himmel säin, wéi hiren eegenen. Sou huet de Papp am Himmel d'Äerd beschenkt. Den hellege Johannes schreift et an sengem Evangelium: „Den Härgott huet d'Welt esou gär, datt hie säin eenzege Jong higinn huet“ (Joh 3,16).

D'Maria erfiert d'Léift an d'No-Sinn vun hirem Jong, an dat ass wonnerbar fir si. Awer et ass en No-Sinn an et ass eng Léift, déi och Froen opwerfen. D‘Maria gëtt – grad wéinst hirem Jong – haart op d'Prouf gestallt. Si geet mat him, säi ganze Wee, iwwer Héichten an Déiften. Hien ass hiert Kand, mä hien ass an engems och hiren Erléiser.

Mir gesinn d'Maria op ville Biller ganz eent mat hirem Jong. Mamm a Kand gehéieren zesummen, sou wéi et jo och op eisem Gnodebild de Fall ass. An esou hu mir si och gär: d'Mamm mam Kand um Aarm, oder och d'Mamm bei der Houchzäit zu Kana an ënnert dem Kräiz vun hirem Jong, schliisslech d'Schmäerzensmamm mat deem doudege Kierper vun hirem Jong um Schouss. Iwwerall ass si ganz eent mat him.

Ech kéint si och mat engem Häerz vergläichen: Lues, onopfälleg, awer ganz natierlech a selbstverständlech ass si fir hire Jong do. Sou wéi eist Häerz och säin Déngscht mécht, sou steet d'Maria un der Säit vun hirem Jong, sou steet si un der Säit vun där jonker Gemeinschaft. Si leescht en onverzichtbaren Déngscht fir déi jonk Communautéit duerch hir Disponibilitéit, hiert Do-Sinn, hir déif Verbonnenheet mat hirem Jong.

„Sech zu Christus bekéieren“ heescht dann am Fong geholl näischt anescht, ass wéi dat ze maachen, wat och d'Maria gemaach an äis virgelieft huet: ganz eent gi mam Jesus; hien an äis ophuelen, hien an eist Liewen eraloossen, him eng Plaz an eisem Häerz ginn, an dann aus der Verbonnenheet mat him liewen.

Loosse mir direkt domat ufänken, well: “Haut ass fir äis de Retter gebuer ginn; et ass Christus, den Här.“ Amen.

4. Oktavpriedegt – Allgemengt Gebiet

Mir sinn haut hei versammelt mat der Maria, der Mamm vun eisem Erléiser. Mat hir, déi ganz eent mat dem Jesus ass, wëlle mir elo zum Härgott bieden:

  • Maach deng Kierch helleg a gëff, datt si ëmmer an iwwerall, geleeën oder ongeleeën, d'Evangelium vum Liewe verkënnege kann. Härgott, héier äis!
  • Lauschter op d'Gebiet vun der Maria, der Mamm vum Erléiser, a schenk alle Mënsche Fridden an hirem Häerz. Härgott, héier äis!
  • Stäerk all déi, déi an hirem Glaf zweiwelen, datt si duerch d'Beispill vun der Muttergottes nei Kraaft an nei Hoffnung schäffe kënnen. Härgott, héier äis!
  • Pour que les chrétiens osent une parole et un engagement forts dans les défis de notre monde. Seigneur, écoute-nous !
  • Schenk eise léiwe Verstuerwenen, déi äis d'Léift zur Tréischterin an d'Häerz geluecht hunn, d'Erléisung vun hirer Schold, a looss si deelhuelen um éiwege Liewe bei dir. Härgott, héier äis!
  • An engem Ament vu Stëllt brénge mir elo déi Gebietsintentioune virun de Votivaltoer, déi d'Pilger haut virun d'Tréischterin gedroen hunn. (–)

Härgott, gudde Papp. Du hues all Muecht. Du hues d'Maria vun Ufank un erwielt, fir d'Mamm vun eisem Erléiser ze ginn. Lauschter op d'Gebiet, dat mir mat hir vrun dech bruecht hunn an erhéier et duerch hien, däi Jong Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles