Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Onverstanenes am Häerz behalen an driwwer nodenken – D'Maria op der Sich no hirem Kand (Lk 2,41-52)

$
0
0

D'Priedegt lauschteren

Download
Quell: wort.lu

JPEG - 52.7 kB
Zwölfjähriger Jesus im Tempel. (Illustration: Friedrich Stummel / Foto: Christophe Hubert)

Evangelium: Lk 2,41-52

Dem Jesus seng Eltere sinn all Joer fir d'Pessach-Fest erop op Jerusalem gaang. Wéi hien zwielef Joer al gi war, goungen si nees doropper, esou wéi et de Brauch fir d'Fest war.

No de Feierdeeg, wéi si sech op den Heemwee gemaach hunn, ass d'Kand, de Jesus, zu Jerusalem zréckbliwwen, ouni datt seng Elteren et an Uecht geholl hunn. An der Meenung, hie wär bei anere Pilger vum Grupp, sinn si e ganzen Dag laang gaang; eréischt dunn hunn si hie bei hirer Famill an hire Bekannte gesicht. Wéi si hien net fonnt hunn, sinn si hannescht op Jerusalem gaang an hunn do no him gesicht.

No dräi Deeg hunn si hien am Tempel fonnt. Hie souz matzen ënner de Léiermeeschter, huet hinnen nogelauschtert an huet hinne Froe gestallt. All déi, déi hien héieren hunn, ware paff iwwer säi Verstand an iwwer d'Äntwerten, déi hie ginn huet.

Wéi seng Elteren hie gesinn hunn, waren si ausser sech, an seng Mamm sot zu him: “Kand, wéi konns du äis dat undoen? Kuck, däi Papp an ech, mir hunn dech voller Angscht gesicht!” Du sot hien zu hinnen: “Firwat hutt dir mech gesicht? Wousst dir dann net, datt ech an deem si muss, wat mengem Papp gehéiert?” Si awer hunn dat, wat hien hinne gesot huet, net verstan.

Dunn ass hie mat hinnen erof op Nazareth gaang, an hie war sengen Elteren ënnerdon. Seng Mamm huet sech all dës Wierder an hirem Häerz gemierkt. De Jesus awer huet zougeholl u Weisheet, un Alter an u Gnod beim Herrgott a bei de Mënschen.

5. Oktavpriedegt

1. D'Evangelium vum 12 Joer ale Jesus am Tempel, dat äis elo grad verkënnegt gouf, ass äis geleefeg. Ëmmer erëm ass et – zu Recht oder zu Onrecht? – gelies ginn, fir de Kanner anzetriichteren, datt si hiren Eltere solle follechen. Ech wëll awer de Mëtteg eise Bléck op en anere Gedanken aus dësem Evangelium riichten, dee mir fir d'Zesummeliewe vun de Mënschen, och an der Famill, ganz wichteg ze si schéngt.

Nach eng Kéier kuerz d'Situatioun: De Jesus ass mat sengen Elteren op Wallfahrt, an hie bleift um Enn zu Jerusalem. Dräi Deeg laang sichen d'Maria an de Jouseph hien. All Mamm an all Papp kann sech virstellen, wat et bedeit: Eist Kand ass fort, a mir fannen et dräi Deeg laang net erëm. A wann si dann no dräi Deeg vun ängschtlechem Sichen an den Tempel kommen a gesinn, wéi hire Jong do mat enger Selbstverständlechkeet mat de Priister an de Schrëftgeléierten diskutéiert, da muss d'Mooss voll gewiescht sinn. Et ass nëmme verständlech, datt et der Maria entfiert: „Kand, wéi konns du äis dat undinn!?“ An dann dem Jesus seng Äntwert: „Firwat hutt dir mech gesicht? Wousst dir dann net, datt ech an deem si muss, wat mengem Papp gehéiert?“

An da steet do e Saz, dee ganz wichteg ass: Si, d'Maria an de Jouseph, hunn net verstan, wat hien hinne soe wollt.

2. Dat ass jo déi grouss Nout am Zesummeliewe vun de Mënschen haut, datt mir äis dacks net verstinn.

Do gëtt uneneen erlaanscht geschwat, z. B. bei Diskussiounen. Do gëtt iwwerhaapt net nogelauschtert, wann een aneren eppes seet. Iwwerdeems deen ee schwätzt, iwwerleet deen anere schonns, wat hien als nächst soe soll.

Do schwätze Politiker mateneen op eng Manéier, datt ee menge kéint, si wiere jiddereen an engem anere Film, well si sech net méi verstinn.

Oder wéi dacks ass et esou, datt Kanner an Elteren sech net verstinn. Firwat verbidde si mir alles? Firwat mécht hatt oder hie just de Contraire vun deem, wat mir him soen?

Oder datt d'Léierpersounen hir Schüler net verstinn, wann si opsässeg sinn an der Schoul. Do ass een en „Zappelphilipp“, an et versteet een net, firwat dat esou ass.

Oder eeler Leit verstinn déi Jugendlech net. „D'Jugend vun haut“, heescht et dann. An da geet et lass, ëm wéivill fréier alles besser war.

Och an eiser Kierch kenne mir dat. Do hannerfreet een eppes, an deen aneren ass direkt gereizt a fiert an d'héich Luucht, amplaz roueg driwwer nozedenken a mat sachlechen Argumenter z'äntwerten.

Déi gréisst Nout vun eisen Deeg ass, datt mir äis net verstinn. A meeschtens ass dat d'Konsequenz dovunner, datt mir kee Vertrauen een an deen aneren hunn. Wou kee Vertrauen ass, ass och keen Dialog méi! Mir schwätze vill méi iwwerteneen ass wéi mateneen. An och wa mir matenee schwätzen, wou bleift do d‘Mënschlechkeet am Ëmgank ee mat deem aneren? Grad an der Kierch misst dat jo eng Selbsverständlechkeet sinn!

Mä et geet nach virun. Dacks ass et esou, datt een och den Härgott net méi versteet. Ob dat alles stëmmt, wat an der Bibel steet…? Wéisou léisst den Härgott Leed a Misär a mengem Liewen zou? Et versteet een dann och d'Kierch net, munnech Entscheedungen, déi vu Roum kommen. Et ass déi gréisst Nout, datt mir äis net oder net méi verstinn.

3. Awer wa mir eppes net verstinn, da geschitt bei äis ganz séier dësen Dräischrëtt: Éischte Schrëtt: Ech verstinn et net. Zweete Schrëtt: Dofir hunn ech kee Verstees-de-Mech. Drëtte Schrëtt: Domat kann ech näischt ufänken, also: Fort dermat! A schonns ass de Rëss do.

Vun der Muttergottes kënne mir eng Haltung léieren, déi äis zréckhält, direkt d'Dëschelduch ze zerschneiden. D'Maria huet hire Jong och net verstan, wéi si hien am Tempel fonnt huet. Awer da steet do am Evangelium eng kleng Notiz: „D'Maria huet alles, wat si net verstan huet, an hirem Häerz behal.“

Dat wier eppes Grousses, wa mir – als Eenzelnen an als Kierch – dat vun hir léiere géifen. Dat, wat mir bei aneren, bei der Kierch, beim Härgott net verstinn, net direkt ze veruertelen: Fort dermat! Mä mir misste léieren, all dat an eisem Häerz ze behalen. Wuel verstan: am Häerz, net am Kapp! Et kann een nämlech och driwwer nodenken an sech de Kapp zerbriechen, an et kënnt een awer net virun. Neen, et am Häerz behalen.

Wien et fäerdeg bréngt, eppes Onverstanenes am Häerz ze behalen, deen erlieft op eemol, datt iergend eng Kéier den Ament kënnt, wou den Härgott hie verstoen deet. Do liest een an engem Buch, et héiert een eng Priedegt oder eng Émissioun am Radio, an hei, ganz stënterlech ass dat genee d'Äntwert op dat, wat ech net verstan hunn an esou laang, vläicht iwwer Joren, a mengem Häerz behal hunn.

Et kënnt den Dag, wou Kanner hir Eltere verstinn, firwat se deemools dëst an dat verbueden hunn. Et kënnt den Dag, wou de Schoulmeeschter op eng Kéier versteet, firwat eng Schülerin esou opsiesseg war. Dat geet awer nëmmen, wann ee sech ugewinnt huet, net ze veruerteelen, mä Onverstanenes am Häerz ze behalen.

4. Op enger anerer Plaz an der Helleger Schrëft héiere mir dëst Wuert vun der Muttergottes nach eng Kéier: An der Chrëschtdagsgeschicht, wéi d'Hierde bei d´Krëpp kommen, do steet och dës Ausso mat praktesch deene selwechte Wierder: „D'Maria huet all dat an hirem Häerz behal.“ An da steet do awer nach en Zousaz, dee grad esou wichteg ass: „…an si huet driwwer nogeduecht“.

Et gëtt nämlech eng Manéier, eppes am Häerz ze behalen, déi verhängnesvoll ass. D'Psychologen nennen et Verdrängung. Do gëtt alles, wat Onverstan ass, ënnen am Häerz an déi ënnescht Këscht verpaakt, an den Dossier fir Onverstanenes. Do läit et dann, agepaakt, an et kuckt een net méi dran. Neen, et geet net drëm, Onverstanenes anzepaken an net méi dono ze kucken, mä et geet drëm, et ëmmer neess ze beweegen, driwwer nozedenken, et als Fro lieweg ze halen. Dann eréischt hunn ech d´Haltung, déi um Enn zu enger Léisung féiere kann.

5. Ech wëll et nach eng Kéier mat engem Bild aus dem Stot verdäitlechen. Déi meescht vun äis hunn doheem e modernen elektreschen Trockner fir d'Wäsch ze dréchnen. Wann esou en Trockner säi ganze Programm ofgespullt huet, da gëtt et zum Schluss, wann d'Wäsch schonns dréchen ass, nach e sou genannten „Antiknittergang“. Do mécht d'Trommel nach vun Zäit zu Zäit eng oder zwou Ëmdréiungen. Do geet et nëmmen drëm, datt d'Wäsch keng Fale kritt. Fir datt d'Wäsch net kniwwelt, kritt se nach vun Zäit zu Zäit e bësse Beweegung.

Esou een „Antikniwwelprogramm“ brauche mir och an eisem Häerz. Do gëtt dann dat Onverstanent an eisem Häerz nach e bësse beweegt, gëtt et als Fro lieweg gehal, fir datt et net kniwwelt.

Wien dat vun der Muttergottes geléiert huet, deen huet eppes ganz Wiesentleches geléiert. Wann d'Maria méi spéit an hirem Liewen als eng vun deenen eenzegen och nach d'Kraaft hat, fir ënnert dem Kräiz vun hirem Jong auszehalen, wou sech d'Jünger all – ausser dem Johannes – duerch d'Bascht gemaach haten, da louch dat vläicht net zulescht dorun, datt si dës Haltung hat: Onverstanenes am Häerz behalen an driwwer nodenken.

6. Wa mir äis an dëser Oktav ënnerlech erneieren an op Christus hin ëmdenke sollen, da kéint grad och dës Haltung vun der Maria äis dobäi hëllefen, verschidde Froen an äis opkommen ze loossen, Froen, op déi mir vläicht net direkt eng Äntwert hunn, Froen och, déi äis gär kënne verzweiwelen dinn, wa mir se net zouloossen: Firwat sech engagéieren, wann d'Resultat esou kleng ass? Firwat sech esou ploe mussen an der Erzéiung vun eise Kanner? Firwat lassloosse mussen?

An dann, déi grouss existenziell Froen: Firwat leide mussen? Firwat Misär a Leed op äis huele mussen? Firwat e léiwe Mënsch hiergi mussen, deen äis esou villes bedeit huet? Firwat stierwe mussen, wann e Liewen – mënschlech geschwat – nach net ausgelieft ass?

Un all deene Froe gi mir zegronn, wann mir et net fäerdeg bréngen, se – wéi d'Muttergottes – fir d'éischt emol zouzeloossen, se an eisem Häerz ze behalen. An dat heescht leschtenenns näischt anescht, wéi se an dem Härgott seng Hänn ze leeën, hien dermat ze konfrontéieren, esou wéi d'Prophéiten et ëmmer erëm gemaach hunn. Mir denken do un e Jeremias, dee sech beim Härgott beklot: „Du hast mich betört, o Herr, und ich ließ mich betören; du hast mich gepackt und überwältigt. Zum Gespött bin ich geworden den ganzen Tag, ein jeder verhöhnt mich. (…) Das Wort des Herrn bringt mir den ganzen Tag nur Spott und Hohn“ (Jer 20,7-8).

Awer grad doduerch, datt hie seng Froen net fir sech behält, mä se an dem Härgott seng Hänn leet, him se iwwerléisst, grad doduerch mécht hien um Enn d‘Erfahrung: „Mir war es, als brenne in meinem Herzen ein Feuer, eingeschlossen in meinem Innern“ (Jer 20,9). Dat ass d'Feier vun der Léift, déi den Härgott him grad an senger Verzweiflung gewisen huet.

Déi selwecht Erfahrung huet och zum Beispill en hellegen Augustinus gemaach. Hie schreift dovunner a senge Confessiones: „Du hast mich betört, o Herr, und ich ließ mich betören; du hast mich gepackt und überwältigt. Zum Gespött bin ich geworden den ganzen Tag, ein jeder verhöhnt mich. Ja, sooft ich rede, muss ich schreien, ‚Gewalt und Unterdrückung!‘, muss ich rufen. Denn das Wort des Herrn bringt mir den ganzen Tag nur Spott und Hohn. Sagte ich aber: Ich will nicht mehr an ihn denken und nicht mehr in seinem Namen sprechen!, so war es mir, als brenne in meinem Herzen ein Feuer, eingeschlossen in meinem Innern.“

7. Loosse mir op eis Patréinesch kucken, op hiert Wuert lauschteren an hiert Beispill imitéieren, an all dat, wat äis dréckt a plot – an eisem perséinleche Liewen, an eiser Gesellschaft, an eiser Kierch – loosse mir all dat an eisem Häerz behalen an driwwer nodenken.

Ech sinn iwwerzeegt, da weist Christus äis och e Wee, un dee mir mol vläicht guer net geduecht hunn, e Wee, deen an senger Léift zu äis Mënschen säi Fëllement huet.

An esou wëlle mir dës Priedegt ofschléisse mat engem ale Pilgergebiet un d'Maria, eis Mamm an Tréischterin:

Alles möcht‘ ich Dir erzählen,
alle Sorgen, die mich quälen, alle Zweifel,
alle Fragen, möcht' ich,
Mutter, zu Dir tragen.
Wege, die ich selbst nicht kenne,
liebe Namen, die ich nenne,
Schuld, die ich mir aufgeladen,
anderen zugefügten Schaden.
Ärgernis, das ich gegeben,
all mein Wollen, all mein Streben,
all mein Beraten, mein Verwalten,
mein Vergessen, mein Behalten.
Mein Begehren, mein Verzichten,
und mein Schweigen, und mein Richten,
alle kleinen Kleinigkeiten,
die so oft mir Müh‘ bereiten.
Jedes Lassen, jede Tat,
Mutter Dir, vom guten Rat,
leg ich alles in die Hände.
Du führst es zum rechten Ende!
Amen.

5. Oktavpriedegt – Allgemengt Gebiet

Zesumme mat der Maria, eiser Mamm a Patréinesch, wëlle mir elo zum Härgott bieden, deen an der Persoun vum Jesus Christus senger Kierch no ass, matten an all Onsécherheet:

  • Mir biede fir d'Kierch an all déi, déi sech an der Kierch engagéieren, datt si ëmmer neess no Weeër vun Eenheet a Fridde sichen. Härgott, héier äis!
  • Mir biede fir all déi, déi am Glaf veronséchert sinn, an déi esou villes an hirem Liewen net verstinn, datt si erkennen, datt och deen, dee gleeft, emol duerch en däischteren Dall goe muss. Härgott, héier äis!
  • Nous prions pour que naisse en beaucoup d'hommes et de femmes le désir de mieux connaître ton Fils et de se tourner davantage vers lui. Seigneur, écoute-nous !
  • Mir biede fir äis all, datt mir et verstinn, aus dem Hellege Geescht eraus ëmmer erëm nei Kraaft an neie Courage fir eise Lieweswee ze schäffen. Härgott, héier äis!
  • An engem Ament vu Stëllt brénge mir elo déi Gebietsintentioune virun de Votivaltoer, déi d'Pilger haut virun d'Tréischterin gedroen hunn. (–)

Härgott, du kenns eis Schwächen an eis Probleemer. Huel dech eiser un a stäerk äis – op d'gutt Wuert vun der Maria, eiser Tréischterin – duerch däin hellege Geescht. Dat froe mir dech, deen s du Här bass, elo an ëmmer an éiweg. Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Latest Images