Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc invitéiert den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich d'Populatioun, um feierlechen „Te Deum“ an der Kathedral deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mir eis Verbonnenheet mam Land a sengem Staatschef ausdrécken. Als gleeweg Mënsche wëlle mir fir eise Grand-Duc, all politesch Responsabel a fir d'Wuel vun eisem Land bieden. De Gottesdéngscht, dee mat engem interreliéise Gebiet ageleet gëtt, ass e Méinden, den 23. Juni 2014 um 16.30 Auer.
Aus organisatoresche Grënn gëtt gebieden, tëscht 15.30 a spéitstens 16.00 Auer an der Kathedral Plaz ze huelen. Eragoe kann een nëmmen duerch den Agank an der Rue Notre-Dame.