Tëscht Mäerz a Mee hat d'Internetredaktioun vu cathol.lu op dëser Plaz e Sondage lancéiert, fir ze froen, wéi eise Site genotzt gëtt, wat d'Utilisateure sichen a wat d'Stäerkten an d'Schwächte vun der Homepage sinn. 132 Leit hu sech un eiser klenger Ëmfro bedeelegt, hinnen all e grousse Merci fir hiren Input, deen eis hëlleft, de Site weider z'entwéckelen an nach méi benotzerfrëndlech ze gestalten. Och wann e groussen Deel vun de Leit zefridde mam Contenu ass an d'Surfen agreabel fënnt, goufen eng Partie konstruktiv Kritikpunkte genannt, déi mir an den nächste Méint opgräife wäerten, besonnesch um Niveau vun der Iwwersiichtlechkeet. Kloer geet aus der net representativer Ëmfro ervir, datt d'Leit virun allem praktesch Informatioune sichen a sech wëllen um Lafenden halen iwwer d'Liewen op diözesanem Niveau an an de Poren. D'Resultater vun der Ëmfro fannt Dir an der Presentatioun en annexe.
↧
Praktesch Informatioune gesicht!
↧