Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

De Schëtter Gesank séngt d'Radiosmass

$
0
0

D'Chorale Schuttrange – Schëtter Gesank ass am Joer 1833 als Männerchouer gegrënnt ginn. Honnert Joer méi spéit, am Joer 1963, ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn. An deenen iwwert 150 Joer hat d'Chorale véierzeng Presidenten, awer nëmme véier Dirigenten. Ënnert hinne sief besonnesch den Henri Rodesch genannt, deen de Chouer 47 Joer laang gefouert huet. Haut besteet d'Chorale aus 24 aktive Memberen. Dirigentin ass d'Marianne Hengel.

Mat eisem Gesank verschéinere mir souwuel weltlech wéi och kierchlech Fester. Wa mir och haaptsächlech e weltleche Chouer sinn, sou triede mir awer och gäre bei kierchleche Fester a Feieren an der Schëtter Péiterskierch op. Fir dass mir nach laang kënnen esou sange wéi bis elo, brauche mir nei Sängerinnen a Sänger. Wéi vill aner Veräiner brauch och de Schëtter Gesank Verstäerkung an den eenzelne Stëmmen (Sopran, Alt, Tenor, Bass) fir dozou bäizedroen, d'Gesangskultur aktiv ze stäerken zur Freed vun alle Bierger.

D'Prouwen, ënner der Direktioun vun der Madame Marianne Hengel, fannen am Proufsall op 167, rue Principale zu L-5366 Munsbach all Freideg vun 20.00 bis 22.00 Auer statt! D'Kontaktadresse sinn: Guy Jourdain, President: Tel.: 621-140775 , E-mail: guy.jourdain12 chez gmail.com a Michèle Nuss, Sekretärin: E-mail: michelenuss chez web.de

Suivéiert d'Mass hei e Sonnden als AUDIO-Live-Stream an d'ganz Woch iwwer am Replay.

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: EntréePrélude
Agangslidd Lobsinget Gott dem HerrnC. Saint Saëns
Kyrie Missa in G-DurGiovanni Battista Casali
Gloria Gloire à Dieu
Zwëschegesank My Lord, what a morningR. Nathaniel Dett
Alleluja Alleluja
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Du gabst, o Herr, mir Sein und LebenF. Schubert
Sanctus, Benedictus Missa in G-DurGiovanni Battista Casali
Anamnèse Christ est venuWackenheim
Vater unser Father in HeavenCharles G. Ames
Agnus Dei Missa in G-DurGiovanni Battista Casali
KommiounsliddAve VerumW. A. Mozart
SchlussliddO Mamm léiw Mamm
Uergel: SortieFugue Finale

Chouer: Schëtter Gesank
Direktioun: Marianne Hengel
Organist: Daniel Lang


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles