Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Browsing all 10411 articles
Browse latest View live

Ouschteren A

1 Den éischten Dag vun der Woch ass d'Maria vu Magdala an aller Fréi, wéi et nach däischter war, bei d'Graf komm an huet gesinn, datt de Stee vum Graf ewechgeholl gi war.2 Dunn ass si bei de Simon...

View Article



2. Ouschtersonndeg A

19 Um Owend vun deem éischten Dag vun der Woch, wéi d'Jünger sech aus Angscht virun de Judden hanner zouenen Dieren opgehal hunn, ass de Jesus komm an huet sech an hir Mëtt gestallt. Hie sot zu hinnen:...

View Article

3. Ouschtersonndeg A

13 Deen éischten Dag vun der Woch waren zwéi vum Jesus senge Jünger ënnerwee an en Duerf, dat 60 Stadievu Jerusalem ewech läit an Emmaus heescht.14 Si hunn ënner sech iwwer all dat geschwat, wat...

View Article

4. Ouschtersonndeg A

1 De Jesus sot: "Amen, amen, ech soen iech: Deejéinegen, deen net duerch d'Dier an de Schof hire Stall erageet, ma anerwäerts eraklëmmt, deen ass en Déif an e Raiber.2 Deejéinegen awer, deen duerch...

View Article

5. Ouschtersonndeg A

1 De Jesus sot zu senge Jünger: "Äert Häerz soll net onroueg sinn! Gleeft un den Herrgott, a gleeft u mech!2 A mengem Papp sengem Haus si vill Wunnechten. Wann dat net esou wär, hätt ech iech da gesot,...

View Article


6. Ouschtersonndeg A

15 De Jesus sot zu senge Jünger: "Wann dir mech gär hutt, haalt dir iech u meng Geboter.16 Da froen ech de Papp, an hie gëtt iech en anere Bäistand, fir datt deen an all Éiwegkeet bei iech ass17– de...

View Article

Christi Himmelfahrt A

16 Déi eelef Jünger sinn a Galiläa op de Bierg gaang, deen de Jesus hinnen uginn hat.17 Wéi si de Jesus gesinn hunn, hunn si hien ugebiet; en etlecher awer haten hir Zweiwel.18 De Jesus ass op si...

View Article

7. Ouschtersonndeg A

1 De Jesus huet an den Himmel opgekuckt a sot: "Papp, d'Stonn ass do. Verherrlech däi Jong, fir datt de Jong dech verherrlecht.2 Well du hues him jo Muecht ginn iwwer all déi, déi aus Fleesch sinn, fir...

View Article


Péngschten A

19 Um Owend vun deem éischten Dag vun der Woch, wéi d'Jünger sech aus Angscht virun de Judden hanner zouenen Dieren opgehal hunn, ass de Jesus komm an huet sech an hir Mëtt gestallt. Hie sot zu hinnen:...

View Article


Dräifaltegkeetssonndeg A

16 Den Herrgott huet d'Welt esou gär, datt hien säin eenzege Jong higinn huet, fir datt déi, déi un hie gleewen, net verluer ginn, ma éiwegt Liewe kréien. 17 Den Herrgott huet säi Jong nämlech net an...

View Article

Härläichendag A

51 De Jesus sot zu deene ville Leit: “Ech sinn dat liewegt Brout, dat aus dem Himmel erofkomm ass: Wann ee vun dësem Brout ësst, da lieft hien an Éiwegkeet; d'Brout, dat ech ginn, dat ass mäi Fleesch...

View Article

Hellegt Häerz Jesu A

25 Där Deeg een huet de Jesus gesot: "Ech luewen dech, Papp, Här vum Himmel a vun der Äerd, well s du dat hei virun deene Verstännegen a Gescheite verbuerge gehal an et deene Klenge bekannt gemaach...

View Article

10. Sonndeg am Joereskrees A

9 Där Deeg een huet de Jesus e Mann, dee Matthäus geheescht huet, beim Oktroishaische sëtze gesinn, an hie sot zu him: “Komm mir no!” Dunn ass de Mann opgestan an ass him nogaang.10 A wéi de Jesus am...

View Article


11. Sonndeg am Joereskrees A

36 Wéi de Jesus déi vill Leit gesinn huet, huet et him am Häerz wéigedoen, well si waren um Enn, an si waren doruechter verspreet wéi Schof, déi keen Hiert hunn.37 Du sot hien zu senge Jünger:...

View Article

12. Sonndeg am Joereskrees A

26 De Jesus sot zu sengen Apostelen: "Fäert d'Mënschen net! Et ass nämlech näischt zougedeckt, wat net géif opgedeckt ginn, an et ass näischt verbuergen, wat net géif bekannt ginn.27 Wat ech iech an...

View Article


13. Sonndeg am Joereskrees A

37 De Jesus sot zu sengen Apostelen: "Wie méi frou mat sengem Papp oder senger Mamm ass wéi mat mir, deen ass menger net wäert, a wie méi frou mat sengem Jong oder senger Duechter ass wéi mat mir, deen...

View Article

14. Sonndeg am Joereskrees A

25 Där Deeg een huet de Jesus gesot: "Ech luewen dech, Papp, Här vum Himmel a vun der Äerd, well s du dat hei virun deene Verstännegen a Gescheite verbuerge gehal an et deene Klenge bekannt gemaach...

View Article


15. Sonndeg am Joereskrees A

1 De Jesus ass aus dem Haus erausgaang an huet sech bei de Séi gesat.2 Eng Onmass Leit si bei him zesummekomm, esou datt hien an en Naache geklomm ass an sech gesat huet, iwwerdeems d'Leit alleguer um...

View Article

16. Sonndeg am Joereskrees A

24 De Jesus huet de Leit dat Gläichnes hei erzielt: "D'Himmelräich ass ze vergläiche mat engem Mënsch, dee gudde Som op säi Stéck geséit huet.25 Wéi alles geschlof huet, koum säi Feind, huet matzen...

View Article

17. Sonndeg am Joereskrees A

44 De Jesus sot zu senge Jünger: "Mat dem Himmelräich ass et wéi mat engem Schaz, deen an engem Feld verstoppt war. Deejéinegen, deen de Schaz fonnt huet, huet en nees verstoppt, ass voller Freed vun...

View Article
Browsing all 10411 articles
Browse latest View live




Latest Images