D'Chorales réunies Greiweldengen-Stadbriedemes sangen d'Radiosmass den 23. November
D'Gemeng Stadbriedemes besteet aus den Uertschafte Greiweldengen a Stadbriedemes, déi allen zwou eegestänneg Poare sinn an hiren eegene Gesangveräin hunn.
Mee d'Sängerinnen an d'Sänger vun den zwee Veräiner hu viru 35 Joar erkannt, dass et fir béid Choralen nëmme vu Virdeel wäer, zesummen ze sangen. Am November 1979 sinn esou d'Chorales réunies Greiweldengen-Stadbriedemes entstan.
Bis Ufank 2014 hunn d‘Chorale vu Greiweldeng, sou wéi d‘Chorale vu Stadbriedemes all Woch d'Mass an hirer Kërrech gesongen, d. h. an all Ortschaft ass de Weekend eng Mass gefeiert ginn. Bäi méi festleche Massen, wéi z. B. Ouschteren, Chrëschtdag, Allerhellgen, Éischt Helleg Kommioun, Hochzäiten a Begriefnesmassen hu mir no an no als Chorales réunies zesummen d'Gottesdéngschter verschéinert. Zanter dësem Joar sange mir elo och gemeinsam d'Mass um Sonndeg zesummen.
De Jemp Stronck ass laangjähregen Dirigent vun der Briedemesser Chorale an huet och, mat Ënnerbriechung, während etleche Joaren den Dirigentebengel bäi der vereenegter Chorale geschwongen. An de leschte Joaren hu sech d'Dirigentin vun der Chorale Greiweldengen, d'Isabelle Hall, an de Jemp Stronck d'Dirigentecharge gedeelt.
D'Chorale réunie zielt haut 14 aktiv Memberen, dovun 9 Fraen a 5 Männer. Op der Uergel gi mir an de Prouwen a Massen begleet vum Mike Greiveldinger, dee schonn 22 Joar mat dobäi ass.
Trotz gerénger Sängerunzuel geléngt et iis, an de Massen e flotten an uspriechende Gesang ze presentéieren, deen d'Häerzer vun de Leit erreecht. Mee mir géifen iis freeën iwwer Verstäerkung an alle Stëmmlagen.
Dëse Sonndeg ass fir iis ganz besonnesch, net nëmme, well mir d'Éier hunn, d'Radiosmass ze sangen, mee well et 3 wichteg a gutt Grënn gëtt fir ze feieren: d'Fest vu Christkönig, d'Fest zu Éiere vun der Helleger Cäcilia a Kierchwei zu Greiweldengen.
Suivéiert d'Mass hei am AUDIO-Live-Stream an am Replay.
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Variatiounen op „Jubilate Deo“ | |
---|---|---|
Agangsgesank | Jubilate Deo | M & T: Lécot / Décha |
Kyrie | Messe de la résurrection | M: Chants de l'Emmanuel (E. Perrot) T: Liturgie Catholique Romaine / A.E.L.F. |
Gloria | Gloria, Gloria in excelsis Deo | M: Léon Guillou – T: A.E.L.F. |
Zwëschegesank | Bénis le Seigneur, o mon âme | M: Martin Szersnovic T: J. C. Gianadda |
Alleluia | Alleluja | M: O'Carroll |
Credo | Credo III | Kyriale |
Gowelidd | Béni soit Dieu | M: Jean-Pierre Kempf T: A.E.L.F. |
Sanctus | Sanctus | unbekannt |
Anamnèse | Christ est venu | M: Michel Wackenheim T: François Geissler |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | M: J. S. Bach |
Kommiounslidd | Voici le Corps et le Sang du Seigneur | unbekannt |
Schlusslidd | Un d'Helleg Caecilia | M & T: J. P. Schmit |
Uergel: Sortie | Improvisatioun op „Sancta Caecilia“ |
Chor: Chorales réunies Greiveldange-Stadtbredimus
Dirigentin: Isabelle Hall
Organist: Mike Greiveldinger