Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

D'Chantres de St-Joseph vun Zéisseng sangen d'Radiosmass op Hellger Owend

$
0
0
JPEG - 638.6 kB
D'Chantres de St-Joseph vun Zéisseng sangen d'Radiosmass op Hellger Owend.

Nees eng Kéier geet e Joer mat villen Aktivitéiten um kierchlechen a weltleche Plang op en Enn. Nieft de Sonndesmassen an de kierchlechen Héichfester hunn d'Chantres de St-Joseph vun Zéisseng dëst Joer traditionell och Concerte gesongen a bei de Manifestatioune vun der Veräinsentente mat vill Engagement matgeschafft. D'Radiosmass op Hellger Owend ass sécher en Héichpunkt fir d'Sängerinnen an d'Sänger an e schéinen Ofschloss vum Veräinsjoer.

Op Maria Himmelfahrt 1921 gegrënnt, huet sech déi jonk Société de Chant et de Sports « Entre nous » bis zum Krich duerch vill Aktivitéiten op lokalem, kierchlechen a weltleche Plang ausgezeechent. No der schwéierer Zäit vum Krich, wou d'Veräinsliewe staark ageschränkt war, huet de Kierchechouer 1944 ënnert dem Numm « Les Chantres de St-Joseph, Cessange » en neien Départ geholl. Nieft villen aneren Datumer an der Veräinschronik stiechen an de leschten Jorzéngten zwee Joer besonnesch eraus: 1959 gouf Zéisseng eng eegestänneg Por an domadder sinn d'Aufgabe vum Chouer am Duerf, dat ëmmer méi grouss gouf, gewuess.

1972 gouf déi nei Zéissenger Kierch konsekréiert, an de Veräin krut e Proufsall am Sous-sol. Hei prouwen d'Membere vum Chouer och haut nach all Méinden, wann och am Moment ouni festen Dirigent, fir déi sëllechen Aktivitéite virzebereeden. D'Chantres de St-Joseph freeën sech iwwer all neie Sänger, fir datt si net nëmme mat Stolz zréck-, ma och mat Zouversiicht no vir kucke kënnen.

Suivéiert d'Mass live um 23.00 Auer op RTL 92,5 & 88,9.

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: EntréePrélude sur “Stille Nacht”Paul Philippy
AgangsliddStille Nacht, heilige Nacht!Franz Gruber
KyrieMesse 2000Jean-Paul Lécot
GloriaMesse 2000Jean-Paul Lécot
AlleluiaHallelujahLeonard Cohen
CredoIII – Et incarnatus estAnton Bruckner
GoweliddSwing low, sweet chariotSpiritual
SanctusMesse 2000Jean-Paul Lécot
Anamnèsegëtt gebiet
Vater unsergëtt gebiet
Agnus DeiMesse 2000Jean-Paul Lécot
KommiounsliddChrëschtowendJean-Paul Frisch
SchlussliddMinuit, ChrétiensAdolphe Adam
Uergel: SortieFantaisie sur “An der grousser hellger Nuecht”Paul Philippy

Chorale: Les Chantres de St-Joseph, Cessange
Dirigentin: Pascale Philippy
Organist: Paul Philippy


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles