Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

D'Maîtrise vun der Kathedral séngt d'Radiosmass op Chrëschtdag

$
0
0

Et ass eng Traditioun, datt d'Pontifikalmass op Chrëschtdag um 10.30 Auer aus der Kathedral iwwerdroe gëtt. D'Maîtrise Ste-Cécile vun der Kathedral séngt ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Marc Dostert. Op der Uergel begleet den Doumorganist Paul Breisch.

D'Maîtrise, déi op eng laang Traditioun zréckkucke kann, séngt regelméisseg an der Kathedral, sief et fir verschidde Massen, ë.a. op de kierchleche Festdeeg a während der Oktav, oder awer fir Concerten, wéi beispillsweis den Traditiounsconcert “Au Seuil de l'Avent” oder de Concert “Juxta Crucem” an der Faaschtenzäit. D'Prioritéit läit awer um musikaleschen Encadrement vun de liturgesche Feieren an der Kathedral.

Um Programm vu Chrëschtdag stinn dëst Joer ë.a. Extraiten aus der Missa Brevis KV 140 vum W. A. Mozart. Soliste sinn d'Sylvie Langehegermann (Sopran), d'Carine Weicherding (Alt), de Claude Krier (Tenor) an de Lou Wio (Bass).

Och op Hellegowend séngt d'Maîtrise während der Chrëschtmetten an der Kathedral. Wéi all Joer gi virun der Mëtternuechtsmass Chrëschtlidder gesongen.

Weider Informatioune ginn et um Internetsite www.maitrise.lu, an op der Facebook-Säit vun der Maîtrise. Intresséiert Sängerinnen a Sänger kënne sech beim Dirigent Marc Dostert, Tel. 661 808 928, directeurmaitrise.lu, mellen.

JPEG - 560.1 kB

Live op .dok an RTL-TV audio / Live-Stream op www.cathol.lu.

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: EntréeMarche épiscopale (extr. Trois Improvisations)L. Vierne
Agangslidd Puer natus estchant grégorien
Kyrie Missa brevis in G KV 140W. A. Mozart
GloriaMissa brevis in G KV 140W. A. Mozart
Zwëschegesank Jubelt ihr Lande, dem Herrnversets psaume 98
AlleluiaAlleluiaPh. H. Erlebach
Credo Credo IIIchant grégorien
Et incarnatus estP. de la Rue
Gowelidd In dulci jubiloharm.: J.S. Bach
Sanctus Heilig, heilig, dreimal heiligMg 817-4
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Missa brevis in G KV 140W. A. Mozart
KommiounMéditation (extr. Trois Improvisations)L. Vierne
KommiounsliddHark! The Herald Angels Singharm.: D. Willcocks
SchlussliddAn der grousser hellger NuechtM. Lamberty
Uergel: SortieCortège (extr. Trois Improvisations)L. Vierne

Chéier: Maîtrise Ste-Cécile de la cathédrale Notre-Dame de Luxembourg
Schola gregoriana de la cathédrale Notre-Dame de Luxembourg
Dirigent: Marc Dostert
Organist: Paul Breisch


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411