
Eng Anekdot, déi ech virun e puer Joer am Jean-Claude Guillebaut sengem Bichelchen “Comment je suis redevenu chrétien” gelies hunn, léisst mech säithier net méi lass. De fréiere franséische Journalist war fir d'Zeitung “Le Monde” fir d'Reportagen a Krisen- a Katastrofegebidder an de 70er an 80er Joren zoustänneg. Eng vun den Erfahrungen, déi hien am meeschte markéiert an ee Meilesteen op sengem Réckwee an d'Kierch duergestallt huet, war den Témoignage vu Courage, Solidaritéit an Hoffnung, déi hie bei den Affer vun deene Kricher, Hongersnéit an anere Katastrofen entdeckt huet.
“Loosst iech d'Hoffnung net ewech huelen!” (Deel 1)
Eng Anekdot, déi ech virun e puer Joer am Jean-Claude Guillebaut sengem Bichelchen “Comment je suis redevenu chrétien” gelies hunn, léisst mech säithier net méi lass. De fréiere franséische Journalist war fir d'Zeitung “Le Monde” fir d'Reportagen a Krisen- a Katastrofegebidder an de 70er an 80er Joren zoustänneg. Eng vun den Erfahrungen, déi hien am meeschte markéiert an ee Meilesteen op sengem Réckwee an d'Kiirch duergestallt huet, war den Témoignage vu Courage, Solidaritéit an Hoffnung, déi hie bei den Affer vun deene Kricher, Hongersnéit an anere Katastrofen entdeckt huet.
Am Libanon, schreift hie, ware knapps d'Bombardementer eriwwer datt d'Leit sech schonn dru gemaach hu fir opzeraumen an e puer Deeg drop nei opzebauen. Dëst obwuel si konnte sécher sinn, datt déi nächst Bomme geschwë géife falen ! Oder: a Krichsgebidder hu Mënschen hir eegent Liewe riskéiert fir aneren, heiansdo Friemen ze hëllefen. A knapps, erzielt de J.-Cl. Guillebaut, ass hien dann an de Fliger fir zréck heem geklommen, ass et scho lass gaang mam Krëgéilen an Onzefridde-Sinn : de Fliger hat Verspéidung, de Schampes war net kal genuch, de Sëtznoper huet engem net genuch Plaz gelooss, asw. De Géigesaz mam Riese-Courage, der Hoffnung an der Liewensfreed vun den Affer vun de Konflikter hätt net kënne méi grouss sinn!
Mir bedaueren zu Recht d'Affer vun deene Krisen, mee eigentlech kënnten si eis och bedaueren! Mir hu souwäit alles, wat mir brauchen, an trotzdem feelt et eis oft u Freed, Courage an Zouversiicht. Dat gëllt fir eis Wohlfahrts- a Konsumgesellschaft, mee zu engem groussen Deel och fir eis Kierch! Mir liewen an enger zimlech hoffnungsloser Zäit a Welt, wou et leider net u Grënn feelt fir pessimistesch ze sinn. A grad zu där Zäit schéckt den Hl. Geescht eis ee latäinamerikanesche Poopst, deen eis mat engem grousse Laachen iwwert d'Gesiicht zourifft: “Loosst iech d'Hoffnung net ewech huelen!” (Evangelii Gaudium, 86). Net ewech huelen? Ass dann éieren awer nach eppes do, eng Glouss ënnert der Äschen? Kréie mir dat Feier vläicht awer nees zum Brennen? Bei deem Gedanken erwiisst schonn nees e Stéckelchen Hoffnung… Mee wat sinn dann eigentlech gutt Grënn, d'Hoffnung trotz allen negative Virzeechen net falen ze loossen ? (1. Deel) A wéi kënne mir eis opmaache fir dës göttlech Tugend a si am Alldag anüben a pflegen ? (2. Deel)
I. 5 GUTT GRËNN FIR D'HOFFNUNG NET OPZEGINN
Fir all gleewege Chrëscht ass den Haaptgronn vu senger Hoffnung natierlech den Härgott selwer. Ouni seng Léift, seng Trei, seng Barmhäerzegkeet a seng Präsenz un eiser Säit kënnt ee scho méi wéi eng Kéier u sech selwer an der Mënschheet verzweifelen! Den Härgott mécht dem gleewege Vollék vun Ufank un nei Horizonter op, beim Abraham ugefaang iwwert de Moses bis bei d'Prophéiten. Hie garantéiert him eng glécklech Zukunft, och wann d'Vollék oder seng Verantwortlech sech alt nees eng Kéier an hirer Ontrei verlaf hunn. Et géif ze laang gi fir d'Entwécklung vun der Hoffnung duerch déi ganz Bibel ze verfollechen, dofir wëlle mir eis haut op d'Neit Testament konzentréieren.
1. Christus ass vun den Doudegen operstanen!
All eis Hoffnung als Chrëschten ass zréckzeféieren op dem Jesus seng Operstéiung vun den Doudegen. Mir mussen eis ëmmer nees virun Aen halen, datt dat sou ongeféier dat Onméiglechste war, wat Mënsche sech erdenke konnten, an et ass trotzdem passéiert! Domatt ass offensichtlech ginn, datt Gott op der Säit vum Jesus war an hien net am Stach gelooss huet. An et ass kloer gi, wéi grouss dem Härgott seng Léift fir eis Mënschen ass, datt hee fir säin eegene Jong Leiden an Dout a Kaf geholl huet fir eis vum Béisen ze befreien. Mat der Operstéiung ass fir d'JüngerInne vum Jesus eng nei Zäit ugebrach, wou all hir bisherig Hoffnunge bestätegt an nach gesteigert gi sinn.
An deen operstanene Christus ass frou: hee bréngt iwwerall d'Freed mat, wou ën optrëtt a sech ze erkenne gëtt. Mir duerfen d'Freed vun de JüngerInnen net nëmme psychologesch deiten, mee den operstanene Jesus ass voller Liewen a Liewensfreed, voll mat enger onendlecher Freed, déi hien op déi jonk Kierch iwwerdréit. Do ass d'Quell, bei där mir ëmmer nees schäffen, do ass d'Feier, bei deem mir eis opwierme kënnen! Den Operstanenen heelt eis vun eisem Onglawen (Mk 16,14), hie lisst d'Liicht vum Glawen an eisen Häerzer opliichten (Mt 28,8) a schenkt eis d'Freed vum Glawen zréck (Joh 20,20). An de Paulus iwwerdréit dat op eis all, gedeefte Chrëschten: “Dir sidd mat Christus operstanen” (Eph 2,6).
Déi hellste Spur vum Operstanenen an eisem Liewen ass de liewege Glawen, deen eis beséilt. Fir et mam Poopst Franziskus ze soen:
Glaube bedeutet auch zu glauben, dass es wahr ist, dass er uns liebt, dass er lebt, dass er fähig ist, auf geheimnisvolle Art und Weise einzugreifen, dass er uns nicht verlässt, dass er in seiner Macht und seiner unendlichen Kreativität Gutes aus dem Bösen hervorgehen lässt. Es bedeutet zu glauben, dass er siegreich in der Geschichte fortschreitet zusammen mit den «Berufenen, Auserwählten und Treuen» (Offb 17,14). Die Auferstehung Christi bringt überall Keime dieser neuen Welt hervor; und selbst wenn sie abgeschnitten werden, treiben sie wieder aus, denn die Auferstehung des Herrn hat schon das verborgene Treiben dieser Geschichte durchdrungen, denn Jesus ist nicht umsonst auferstanden. Bleiben wir in diesem Lauf der lebendigen Hoffnung keine Randfiguren! (Evangelii Gaudium, 278)
D'Operstéiung vu Christus ass also net nëmmen eng Saach vu viru laanger Zäit, mee si huet Auswierkunge bis haut. Si weist sech do, wou et Keimer gëtt vu Liewe, vu Wourecht, vu Léift, vun Duuscht no Gott, sief et bewosst oder onbewosst. Jo, d'Operstéiung vu Christus ass stänneg um Wierken an eis an an der Welt. De Glawe mécht eis d'Aen op fir datt mir d'Zeechen dovun erkennen an nei Hoffnung kréien.
2. De Jesus rett d'Welt a schenkt eis säi bedingungslost Verzeien
D'Kräiz ass eisen 2. Unhaltspunkt fir d'Hoffnung, well de Jesus do als “Lamm Gottes” all d'Sënde vun der Welt op sech an domatt ewech hëllt. Net nëmme meng Sënden a Verfeelungen oder déi vun der versammelter Gemeinschaft an der Kierch, mee d'Sënde vun der ganzer Welt! Dat muss een sech mol richteg virun Ae féieren: all déi Grausamkeeten, déi momentan a Syrien an am Irak begaange ginn, a verschiddenen Deeler vun Afrika oder soss enzuech; déi brutalste Sënden, déi mir op der Televisioun gesinn an déi topechst, déi mir op Facebook liesen. Jo, “de Papp huet säi Jong als Retter vun der Welt geschéckt” (Joh 14,14) an dat stäerkt a begrënnt all eis Hoffnung!
Sou versti mir a kënnen hoffen, datt dat Béist net dat lescht Wuert behält. Christus befreit eis vum Béisen, dat an eis a ronderëm eis ass, dat mir an all aner Mënsche maachen. Hie rengegt eis am Sakrament vun der Beicht a gëtt eis d'Kraaft, weider ze goen. Wa mir eis de Laf vun der Welt ukucke, kënne mir an d'Verzweiflung rutschen, mee d'Kräiz schützt eis do dergéint. Wa mir d'Kräiz betruechte, gesi mir, wéi déi gréisste Léift all dat Béist besiegt. Hoffe bedeit hei, Christus als eise Retter mat Vertrauen unzëerkennen an opzehuelen. An him verwierklecht a weist sech op déi ausgesprachenst Manéier d'Barmhäerzegkeet vu Gott, sou wéi d'Vollék Israel si duerch seng ganz Geschicht ëmmer nees erfuer huet. Am Jesus gi mir verzieën, vun him héiere mir wéi de Schächer: “Nach haut wäerts du mat mir am Paradäis sinn!” (Lk 23,34).
De Paulus feiert dat a senge Bréiwer andeems ën den Härgott als “räich u Barmhäerzegkeet” (Eph 2,4) a “Papp vun der Barmhäerzegkeet” (2. Kor 1,3) beschreift. All dat Béist vun der Welt huet de Jesus a sengem Häerz gedroen, a sengem Kierper erfuer an op dem Kräiz besiegt : dat Béist a mir, a menger Famill a Nopereschaft, dat ech op der Telé gesinn… Dem Härgott seng Äntwert op dat Béist ass déi vun der Bamhäerzegkeet, vun engem onentgeltleche Verzeien, dat voller Zärtlechkeet ass, dat opriicht a Vertraue schenkt.
Dat bedeit natierlech net, datt mir dat Béist banaliséieren, am contraire: den Härgott toleréiert et op keng Art a Weis, dofir huet hie säi Jong geschéckt fir eis dervun ze befreien an eis d'Fräiheet vu senge Kanner ze schenken. Gott ass gerecht net andeems hee veruurteelt oder verdaamt, mee andeems hien eis no a no rengegt vun allem Béisen an eis esou erlaabt, lues a lues gutt ze gi wéi hien et ass. Eis Hoffnung ass, datt mir an all Mënschen fäheg sinn, mat der Gnod vun uewe wierklech gutt ze ginn an an der Léift ze wuessen.
3. D'Räich vu Gott ass um Wuessen, besonnesch an de Begéinungen
A wonnerschéine Gläichnisser beschreift de Jesus d'Wuesse vum Räich vu Gott: de Sämann, d'Onkraut am Weess, de Moschterkär, d'Hief am Deeg, de Schaz an d'Pärel, d'Fësch am Netz (Mt 13), de Som, dee vum selwe wiisst (Mk 4,26-29). An all deem invitéiert de Jesus eis derzou, de Bléck op de “gudde Kär”, dee wiisst an op déi gutt Fësch ze riichten amplaz op dat Schlecht a Negativt fixéiert ze sin. D'Gläichnisser vum Räich Gottes lueden eis derzou an, ze kucke wéi et amgaang ass méi grouss ze ginn, ze wuessen a sech ze entwéckelen. Wat ass eigentlech d'Räich Gottes? Virun allem den operstanene Christus selwer an all Form vu Léift, déi vun him kënnt an déi op ganz verschiddene Plaze ka gelieft ginn: an de Familljen, an de Gemeinschaften, de Gemengen, de Klibb an Associatiounen, der ganzer Gesellschaft.
Duerch d'Gläichnisser wëll de Jesus eis derzou féieren, op dat ze kucke, wat wierklech wäertvoll ass, wat onbezuelbar ass, op d'Wäerter vum Räich vu Gott. Mat deem Bléck kënne mir no vir kucken an der Hoffnung amplaz eis op dat Vergaangent a reng mënschlech, vergänglech Wäerter ze fixéieren. Oft si mir wéi Baueren, déi ëmmer scho gären direkt hir Scheiere wëllte voll maachen an dobei ass de Soom eréischt derbäi opzegoen! Jiddereen, dee scho Reliounscours oder Kommiounkatechees gehal huet, weess wéi schéin et ass, wann d'Kanner opgi fir de Glawen. Jiddereen, dee mat Jonke schafft, huet sech scho gefreet, wéi si sech no der Pubertéit lues a lues zu Perséinlecheeten entwéckelen an hir Plaz an der Gesellschaft fannen. Jiddereen, dee schonn Erwuessener am Katechumenat begleet huet, kann dervun erzielen, mat wéi engem Sérieux an Engagement si an de Glawen erawuessen. An déi Beispiller kënnt ee bal onendlech weider féieren – wéi schéin an hoffnungsvoll, am Déngscht vum d'Wuessen am Räich vu Gott kënnen ze stoen!
Ee Wee an déi Richtung besteet doranner, d'mënschlech Begéinunge méi ze schätzen a wouer ze huelen. D'Evangelium ass gefëllt vun déiwe Begéinunge vum Jesus mat ganz ënnerschiddleche Leit. De Jesus schéngt dobei ee bal onerhéiert Vertrauen an all Mënsch ze hunn. Hie weess, datt an all Persoun de Wëllen zum Gudde läit, d'Fähegkeet sech fir d'Wourecht ze entscheeden an de Wëlle vu Gott unzehuelen. De Jesus rifft eis derzou op, a jidderengem eppes Eenzegarteges ze gesinn, dat ëmmer zu Besserem fäheg ass. Jiddereen huet ee Gewëssen, ass amstand nozedenken, anerer gär ze hunn, sech opzemaache fir dat, wat schéi, gerecht a gutt ass. All dem Jesus seng Begéinungen offenbare seng immens Hoffnung fir all Mënsch, dat ass bei him wéi eng duerchgehend Grondastellung.
Eis Hoffnung kann also och doduerch wuessen, datt mir déi aner mat Wohlwollen ukucken, mat engem positive Bléck wéinst hirem onendleche Wäert a fir hir ënner Schéinheet ze gesinn, iwwer dat Äusserlecht ewech. Hoffe bedeit, un d'Fähegkeet vun all Mënsch ze gleewen, fräi Entscheedungen ze treffen a Fortschrëtter ze maachen trotz allem, wat geschitt ass an trotz aller Begrenztheet. Si mir net selwer heiansdo iwwerrascht iwwer spontan Gestë vu Léift grad bei Mënschen, deenen et net sou gutt geet oder déi verletzbar sinn? Wa mir déi Zeeche kënne wouer huelen an eis dru freeën, da kënnt Hoffnung op.
4. De Jesus kënnt op eis zou
D'Hoffnung vun der Kierch riicht sech no vir, dorop datt Christus an der Herrlechkeet erëm kënnt, wéi hien et scho senge JüngerInne virun der Leidensgeschicht versprach hat (Joh 14,18; 21,22). An all Mass erënnere mir eis dorunner: “Bis du kommst in Herrlichkeit”. A grad an der Massfeier kënnt den operstanenen Här jo nees nei an eis Mëtt, grad wéi an all Sakrament. An ë kënnt mat Freed, bal wéi wann ë prësséiert wir, frou “haut an eisem Haus anzekéieren” (Lk 19,5). De Jesus kënnt eis och entgéint duerch d'Liese, Betruechten an Deele vun der Hl. Schrëft, duerch d'perséinlecht a gemeinschaftlecht Gebiet, an der Persoun vun de Verletzbaren an Ausge-schlossenen, déi mir wéi ee Brudder oder eng Schwëster ophuelen.
Jo, de Jesus ass net deen, dee wäit ewech an der Éiwegkeet drop waarde géif fir zréck ze kommen oder deen eis a senger Gléckséilegkeet eleng géif mat de Schwieregkeete vum Liewe loossen. Mee hien iwwerspréngt selwer d'Hindernisser a kënnt eis op halwem oder ¾-Wee entgéint, wéi mir et an der Emmauserzielung gesinn. Hien ass ëmmer am Kommen an d'Hoffnung kann eis drop ausriichten, op d'Zeeche vu sengem Retour ze biichten an ze uechten. Hie wëll eis stänneg mat sengem Liicht de Wee weisen, eis entdecke loosse, wat mir nach net kennen, eis méi wäit an der Léift matzéien, eis begeeschteren, eppes geschenkt ze kréien, wat mir nie erwaart hätten:
“Ich stehe vor der Tür und klopfe an. Wer meine Stimme hört und die Tür öffnet, bei dem werde ich eintreten und wir werden Mahl halten, ich mit ihm und er mit mir.” (Offb 3,20)
Dat setzt natierlech een Häerz viraus, dat oppen, empfänglech a verfügbar ass, dat sech net vereinnahme léisst duerch de stännege Kaméidi vun de Medien an hire Schlagzeilen, duerch onnéideg Geschwätz a langweilege small talk. Et setzt eng gewësse Stëllt viraus, datt een d'Realitéite vum Glawe meditéiert, eng schéi Landschaft genéisse kann, ee positive Bléck fir déi aner huet, trei an déif Frëndschafte pflegt, asw.
5. De Jesus baut seng Kierch op duerch d'Léift
Wat mécht de Jesus, wann ë kënnt? Esou wéi zur Zäit no der Operstéiung baut hie seng Kierch, säi Vollék op, an der geschwësterlecher Gemeinschaft mat him an ënnert eis. Vläicht musse mir eis heiansdo widderhuelen: de Jesus baut seng Kierch op, net eis, net meng… D'Kierch ass also net nëmmen eise Kräften iwwerlooss, eiser Intelligenz, eiser Fähegkeet zesummen ze schaffen an eis ze versöhnen, eis een deen anere gär ze hunn. Nee, d'Kierch ass fir d'alleréischt der Präsenz vum operstanenen Här uvertraut, deen net midd gëtt, si opzeriichten, an dem geheimnisvolle Wierke vum Hl. Geescht, deen eis an der Eenheet zesumme féiert an déi onzähleg a verschiddenarteg Geschenker vu senger Gnod alle Gedeeftene matdeelt. Dat ze wëssen hëlleft, an der Hoffnung auszeharren am Déngscht vun enger Par an Diözees. Et ass wichteg, datt kee vun eis sech isoléiert, mee sech décidéiert, an der Communio, an der geschwësterlecher Nächstenléift vun der Kierch ze liewen. Soss setze mir eis dem Risiko aus, datt eis Hoffnung schwaach gëtt a wéi eng Käerz ganz aus geet!
De Jesus baut seng Kierch duerch d'Léift op. Wann hie kënnt, lisst en d'Léift an eis entstoen a wuessen, an dat verännert eis. Mir sinn da manner op eis selwer zentréiert an ëmmer méi op deen Aneren an op säi Bescht. An doduerch gi mir frou: dat neit Gebot vun der Nächstenléift ass am Johannesevangelium direkt verbonne mat der Freed (Joh 15,9-13), mir duerfe liesen: der Freed vum Operstanenen! Déi Freed duerfe mir net nëmmen als déi erfueren, déi aktiv an der Léift sinn, mee och als Empfänger vum Jesus senger Léift. Sou wéi de Samariter aus dem Evangelium (Lk 10,29-37) lisst de Jesus eis seng ganz Délicatesse an Zärtlechkeet spiren, éier hien eis seet: “Géi a maach dat Selwecht.” D'Léift ass dem Jesus säi Markenzeechen ënnert eis. Léift ze erfueren oder Zeien dervun ze sinn mécht staark an der Hoffnung.
Esou wëll Christus, datt mir “(iwwer)räich ginn un Hoffnung” (Réim 15,13), datt mir erkennen, datt hoffen net bedeit, ze waarden, datt et mar besser geet oder ze denken, datt eppes Besseres eréischt mar geschitt. D'Hoffnung ass zwar op d'Zukunft ausgeriicht, mee si verwuerzelt eis am Haut ! Si ass eng Haltung, déi aus dem liewege Glawen u Gott entspréngt, aus der Begéinung mat Christus an der Frëndschaft mat him. Dat wëlle mir de Mëtteg nach weider verdéiwen.
“Loosst iech d'Hoffnung net ewech huelen!” (Deel 2)
Ee klengt Beispill fir haut de Mëtteg an eist Thema eran ze klammen. Mir kloe jo oft, datt déi jonk Generatioun net méi de Wee an d'Kierch fënnt an net méi gleeweg ass. Virun e puer Méint huet eng Familljemamm mir erzielt, wéi si bal vum Stull gefall ass bei engem eeschte Gespréich mat hirem erwuessene Meedchen. “Du wäers jo awer sécher net mengen, datt ech ni bieden?” huet hatt hir op ee Mol bal un de Kapp gehäit. Fir d'éischt war si ganz paff, dunn awer immens frou an zouversiichtlech, datt hir ganz reliéis Erziehung trotz allem Anschein Friichte gedroen huet. Vläicht gëtt et och zu Lëtzebuerg, an eise Familljen a bei eise Bekannte vill méi Glawe wéi mir mengen?
II. VÉIER HALTUNGE FIR D'HOFFNUNG ANZEÜBEN
Mir halen eist Fernglas meeschtens just an eng Richtung: op eis Kierche voll oder eidel sinn. De Kapitän vun engem Schëff hëllt awer de ganzen Horizont an de Bléck fir ze kucken, op net iergendwou sech eppes bewegt. Fir eis Gleeweg ass den Härgott deen Horizont an hien ass nach fir méi wéi eng Iwwerraschung gutt! Et geet also drëm, am Vertrauen oppen ze si fir all Zeeche vu Liewen a Liewegkeet ronderëm eis, well de Wand vum Härgott sengem Geescht bléist wou ë wëll (Joh 3,8). Duerch wéi eng Haltunge kënne mir méi a méi an déi Hoffnung erawuessen? Ech wëll iech 4 konkret Schrëtter virschloen, wéi mir haut an eiser Welt, sou wéi si ass, hoffnungsvoll a frou Mënsche kënne ginn.
1. Falsch Hoffnungen entlarven a säin Horizont op Gott erweideren
Allze oft loosse mir eis vu reng mënschlechen Erwaardunge leeden, déi sech awer als falsch Hoffnungen erweise kënnen. Et war ee wichtigen Deel vun de Proféiten aus dem AT hirer Missioun, d'Vollék Israel a seng Verantwortlech drop opmierksam ze maachen, datt si net hiert ganzt Vertrauen a mënschlech Léisunge vun de Problemer setze sollen, mee an den eenzegen an treie Gott. Dat huet fir si eng grouss Bekéierung virausgesat, laanscht déi och mir net kommen! Well och mir loossen eis heiansdo vu ganz mënschlechen Aussiichte blenden a reagéieren dann enttäuscht, wa si net erfëllt ginn. Sécher wir et schéi, wann eis Pare grad esou ee groussen Zoulaf wéi viru 50 Joer a méi hätten, wann d'Zuel vun den Dafen a Bestietnisser nach géif an d'Luucht goen, wa mir an der Gesellschaft dee selwechten Afloss hätte wir fréier. Mee ass et richteg, eis ganz Hoffnung vun Zuelen, offensichtlichem pastorale Succès an ëffentlecher Unerkennung ofhängeg ze maachen ? An där Hinsicht war dem Jesus säi Wierken ee riesigen Echec! An un him wëlle mir eis jo awer moosse loossen?!
De Jesus huet säi ganzt Vetrauen a säi Papp am Himmel gesat. Hie war ëmmer oppe fir dee méi groussen Horizont an huet stänneg nom Wëlle vu Gott gesicht fir ëm ze entspriechen. Déi 1. Jünger hätte sech z. B. gutt virstelle kënnen, hiert Liewe laang zu Kapharnaum ze wierken an do d'Friichte vun hirer Aarbecht anzesammelen. Mee de Jesus féiert si méi wäit: “Lasst uns anders-wohin gehen, in die benachbarten Dörfer, damit ich auch dort predige; denn dazu bin ich gekommen” (Mk 1,38). Am 5. Jh. v. Chr. huet de griechesche Philosoph Heraklit scho gesot: “Si tu n'espères pas, tu ne rencontreras pas l'inespéré– qui est inexplorable et dans l'impossible” (wanns du net hoffs, da begéins du net dem Onerhofften – wat onerfuerschbar ass an am Beräich vum Onméigleche läit).
Falsch Hoffnungen hänke meeschtens dermatt zesummen, datt mir eis selwer mat eise Fähegkeeten a Vüen an de Mëttelpunkt stellen, lassgeléist vu Gott. Datt den Härgott selwer eis Hoffnung ass, bedeit awer, datt mir eis fir ee méi breeden Horizont opmaachen a vun him féiere loossen. Esou wéi all Léift méiglechst désinteresséiert an zwecklos soll sinn, sou soll och eis Hoffnung sech haaptsächtlech op Gott an de Jesus konzentréieren. Dëst am Glawen, datt hien am beschte weess, wat mir brauchen an eis et och wäert schenken. Mir kënnen eis um Beispill vun den 1. Chrëschten inspiréieren, déi hir ganz Hoffnung am Ausruff: “Maranatha! Komm, Här Jesus!” (Offb 22,20) ausgedréckt hunn. Komm, Här Jesus, an net: maach dëst an dat, intervenéier elo w.e.g. esou wéi mir et gär hätten an et an eist Schema passt. Wéi léiert de Jesus seng Jünger bieden? “Däi Räich soll kommen, däi Wëll soll geschéien”. Härgott, schenk eis ee wäite Bléck an een oppent Häerz fir däi Kommen ze erwaarden an ze erkennen!
2. D'“Geeschter préifen”, discernéieren an dat Gutt maachen
Wat dobei hëllefe kann ass, wéi et am 1. Johannesbréif heescht, d'Geeschter ze préifen (1 Joh 4,1), ze discernéieren. Am Fong geet et jo drëms, de “gudde Geescht”, deen zu méi Liewen a Liewegkeet, zu méi Glawen, Hoffnung a Léift féiert, ze ënnerscheede vum “béise Geescht”, d.h. all Dynamik, déi eis anengt, fesselt, traureg stëmmt oder zur Verzweiflung féiert. Mir ginn also invitéiert, opmierksam ze sinn an Uecht ze ginn, wéi z.B. d'Neiegkeeten aus der Politik, d'Situatioun vun der Kierch oder ee schwieregt Gespréich eis beréieren. Wann si eis all Liewensfreed a -loscht huelen, dann ass dat ganz sécher net den Afloss vum gudde Geescht. Angscht, Verzweiflung an Hoffnungslosegkeet sinn ëmmer Zeechen, datt de béise Geescht um Wierk ass. D'Gefiller oder Gedanken, déi an déi Richtung ginn, schéngen zwar oft berechtegt, wann ee gesäit wat geschitt, mee grad bei méi ängstlechen Temperamenter suergt de “Feind vun der mënschlecher Natur” derfir, datt een all Courage verléiert a vu lauter Däischtert keen Hoffnungsschimmer méi gesäit.
Fir an der Hoffnung ze wuessen, kënnt et drop un, eng spirituell Hygiène ze féieren: alles, wat mech freet an zouversiichtlech stëmmt wëll ech als vu Gott inspiréiert unhuelen an déi Gedanke stoppen, déi mech just méi onroueg an onzefridden maachen. Dozou gehéiert menger Meenung no och ee gewëssen “Zweckpessimismus”, deen an eiser Gesellschaft an och a Kierchkreeser säin Onwiesen dreift. Firwat musse mir an eise Länner, wou mir sou gutt wéi alles hu wat mir brauchen, stänneg jéimeren an eis bekloen? Ass et am Fong net fir ze verschleiere, wéi gutt et eis geet a fir näischt brauchen dodrun ze änneren? Wa mir nämlech déi Bematleedenswäertste vun der ganzer Welt sinn, da brauche mir eise Confort a Wuelstand net a Fro ze stellen, mee mir kënne weider maache wéi bis elo.
Wann et z.B. kloer wir an offe géif gesot ginn, datt dee groussen Undrang vu Wirtschafts-Flüchtlingen am Fong dohir kënnt, datt mir an de räiche Länner jorzéngtelaang ganz Kontineter ausgebeut hunn an datt dat haut nach geschitt, da misste mir eise ganze Liewensstil an d'Funktionéiere vun der Weltwirtschaft fundamental a Fro stellen! Oder wann ech mir an der Pastoral bewosst wir, datt ech nëmmen dowéinst iwwerlaascht sinn, well ech näischt delegéiere kann an an allem d'Soe behale wëll, da misst ech jo eppes grëndlech änneren! Da léiwer kloen a jéimeren, well am Fong misst déi ganz Welt sech jo nach vill méi ëm mech/eis këmmeren!
De Geescht vu Gott, den Hl. Geescht féiert awer zum aktiven Handelen an der Nächtstenléift an am Déngscht vum Aneren, besonnesch deem méi Bedürftegen. Hie rappt eis eraus aus all Lethargie a Nostalgie fir Eist derzou bäizedroen, datt eng besser Welt entsteet. De Geescht vu Gott hält sech net an der Vergaangenheet op, mee hie verwuerzelt eis am ‘Hier und Jetzt' fir eppes fir d'Zukunft ze schaffen. Och wann dat mat vill Méi a Leide verbonnen ass, wa mir dowéinst belächelt an net eescht geholl ginn. Also: Jo zu enger Hoffnung, déi aus dem Glawen erwiisst, déi eis d'Äerm erop krempele léisst fir aktiv ze ginn am Déngscht vum Evangelium! An domatt Nee zu där allgemenger Hoffnungslosegkeet an eiser Gesellschaft, där hir Wuerzelen am Materialismus a Konsumdenke leien. De chrëschtleche Glawen huet do esou vill méi unzebidden, dat de Mënsch richteg glécklech ka maachen!
3. “Le combat de l'espérance au quotidien”
Am Alldag, wou all méiglech Aflëss op eis awierken, geet et also och drëm fir ëm d'Hoffnung ze kämpfen. Ee gutt Beispill dofir bitt den hl. Pierre Favre un, ee vun den 1. Gefährte vum Ignatius, dee virun 1½ Joer vum Poopst Franziskus helleg gesprach ginn ass. De Pierre Favre war vun engem éischter ängstlechen an iwwersensiblen Temperament, mat deem ë säi Liewe laang ze kämpfen hat. Während där Zäit, wou hien an Däitschland war, schreift ën a sengem geeschtlechen Tagebuch, datt hien immens gequält war vun der Suerg, ganz Däitschland géif vum kathoulesche Glawen offalen. Grond genuch dofir hat hie jo schonn: ë schreift vum wootleche Glawe vun esou ville Leit, vun hirer Keelt oder Boshaftegkeet a wéi der vill mat der Kierch gebrach hu fir protestantesch ze ginn. E Geescht vun Zweifel huet de P. Favre mat esou vill Gewiicht erof gezunn, datt hien dat Gutt, wat och scho geséit an amgaang war ze wuessen, guer net méi gesinn huet. Duerch d'deeglech Relecture ass et him awer kloer ginn, datt den Défaitismus an de Wëllen, alles opzeginn, net vum gudde Geescht konnte sinn an esou huet hien sech mat sengem ganze Wëllen dergéint gestemmt an am Gebiet ëm d'Kraaft gefrot fir géint déi Versuchung ze bestoen.
D'Hoffnung ass also méi wéi just eng optimistesch Liewensastellung. Si mécht d'Aen net zou virun de Schwiergekeeten vun enger Situatioun, si ass awer och lucide par rapport zu den eegenen Neigungen an zum geeschtleche Kampf, dee jidderee vun eis erliewe kann. “Le démon de mon cœur s'appelle: A quoi bon” huet de franséische Romancier Georges Bernanos geschriwwen. Et ass net well all meng Effort'en net dat bewierken, wat ech erhofft hat a well d'Réalitéit net menge Wënsch a Virstellungen entsprécht, datt ech d'Bengele muss bei d'Tromm geheien. Et geet drëm, ëmmer neess d'Vertrauen a Gott ze wielen an esou ee Schrëtt nom anere virun ze goen, “espérément” (Pierre Ferrière).
Dat bedeit och, déi kleng Zeeche vu Liewen a Wuessen, wéi si an de Gläichnisser vum Räich Gottes virkommen, wouer ze huelen an hinnen déi Wichtegkeet ze ginn, déi hinnen zousteet. Also géint den Däiwel vum Pessimismus unzegoen, deen esou Zeechen als ganz normal oder onwichteg astuft, mee doranner d'Méiglechkeeten ze erkennen, déi dra leien. E schéint Beispill fanne mir am Johannesevangelium, am groussen hohepriesterleche Gebiet vum Jesus. Do wou d'Synoptiker sou oft op d'Limiten, den Onglawen an d'Onverständnis vun de Jünger hiweisen, gesäit de Jesus am Joh bei hinnen Zeeche vun Hoffnung: “Si hu gegleeft… si hunn däi Wuert ugeholl… si wëssen, datt ech vun dir kommen” (Joh 17). Dee positive Bléck vum Jesus op seng Jünger kann och eis hëllefen, un dat Gutt an d'Wuesstumsméiglechkeete vun all Mënsch ze gleewen a sou méi staark an der Hoffnung ze ginn.
4. Leiden a Krisen als Zeeche vun der neier Welt deiten
Am Réimerbréif (8,18-25) invitéiert den hl. Paulus eis, nach ee Schrëtt méi wäit ze goen am gleewege Verstoen an Deite vun de Leiden a Krisë vun eiser Zäit. Dem Paulus säi Glawen ass esou déif, datt hie fir d'éischt seng Hoffnung zum Ausdrock bréngt, datt all d'Leiden, dat mir an eisem Liewen ze erdroen hunn, näischt ass am Vergläich zur Herrlechkeet, déi eis an der éiweger Zukunft bei Gott erwaart. Säi Bléck ass also ganz fest op déi Zouso ausgeriicht. A sengen Ae waart souguer déi ganz Schöpfung, also alles, wat existéiert dorop, befreit ze gi vun der Sklaverei a Verluerenheet fir an de Genoss vun der Fräiheet an der Herrlechkeet ze kommen, déi de Kanner vu Gott versprach ass. An deem Sënn versteet de Paulus de ganze Werdegang vun der Schöpfung – mir kënne verstoen : vun der mënschlecher Geschicht, vun der ganzer geschafener Welt, vun de Gesellschafte mat hirer Politik, Wirtschaft, Kultur, sozialer Uerdnung asw. – wéi d'Gebuertswéie vun enger héichschwangerer Fra.
Alles wat schwéier, méisam a konfliktgeluede, wat nach zimlech onvoll-kommen a feelerhaft ass, kënne mir also am Glawen esou deiten, datt et op seng Erfëllung an der Éiwegkeet hiweist. Eréischt do a ganz sécher do wäert all Mangel op en Enn sinn an alles an där Schéinheet opliichten, déi den Härgott vun Ufank u fir et wollt. Och mir kënnen also mat allem, wat geschafen ass, keimen a jéimeren, mee et sollt net d'Hoffnung erläschen, datt all Onvollkommenheet a Beschränktheet am éiwege Liewen eriwwer ass. Dat féiert eis natierlech ewech vun all Iwwerbetounung vun eiser Welt a steet am krasse Géigesaz zur allgemenger materialistescher Opfaassung, datt et just eis Welt hei ënne gëtt a mam Dout alles eriwwer ass. Déi chrëschtlech Hoffnung orientéiert eis iwwert dës Welt ewech a stellt eis den Horizont virun Aen, deen de Jesus duerch säin Dout a seng Operstéiung méiglech gemaach huet. Dat neit a vollkomment Liewen, an dat hie bei de Papp an d'Éiwegkeet zréck gaangen ass, ass och eis versprach an der ganzer Schöpfung!
Domatt kritt eis Hoffnung eréischt hir réng chrëschtlech Ausriichtung andeems si eis wéi an ee Spannungsfeld erasetzt: mir si schonn duerch Christus erléist a gerett, mee dat neit Liewen ass eis eréischt wéi ee klengen Ufank geschenkt (“anfanghaft”). Seng Erfëllung fënnt et wierklech no eisem Dout an nom Enn vun der Welt, wa Christus selwer a senger Herrlechkeet erëmkënnt. Esou bleift d'Hoffnung och ëmmer op d'Zukunft hin oppen: “Hoffnung, déi ee schonn erfëllt gesäit, ass keng Hoffnung méi!” (Réim 8,25) De Paulus schlussfolgert doraus, datt dat Eenzegt, wat mir ze maachen hunn, dra besteet, mat Gedold ze waarden a beharrlech dat Gutt ze maachen (Réim 2,7). Esou rappt d'chrëschtlech Hoffnung net aus der Welt eraus mat all hiren Défi'en a Problemer, mee si verwuerzelt eis matzen dran. Op der Basis vum Glawen an ausgeriicht op eng schéin Zukunft kënne mir eis esou, jiddereen no senge Méiglechkeeten, asetze fir dat Gutt am Déngscht vun der Léift.
III. ZUM OFSCHLOSS: D'HOFFNUNG NOM CHARLES PEGUY
La foi que j'aime le mieux, dit Dieu, c'est l'espérance.
La foi, ça ne m'étonne pas, ce n'est pas étonnant.
J'éclate tellement dans ma création. (…)
Mais l'espérance, dit Dieu, voilà ce qui m'étonne. (…)
Que ces pauvres enfants voient comme tout ça se passe
et qu'ils croient que demain ça ira mieux. (…)
Ça c'est étonnant et c'est bien la plus grande merveille de notre grâce.
Et j'en suis étonné moi-même.
Et il faut que ma grâce soit en effet d'une force incroyable.
Et qu'elle coule d'une source et comme un fleuve intarissable…
une grâce de transfiguration de nos lourdeurs humaines :
On se demande, on dit : Mais comment que ça se fait
que cette fontaine Espérance éternellement coule ? (…)
Où cette enfant prend-elle tant d'eau pure et tant d'eau claire ? (…)
Son mystère n'est pas malin.
Et son secret n'est pas difficile. (…)
… c'est justement avec les eaux mauvaises
qu'elle fait ses sources d'eau pure.
(Charles Péguy, Le Porche du mystère de la deuxième vertu, 1912)
Dës Iwwerleeunge vum Pater Josy Birsens ware Bestanddeel vum Bësennungsdag fir kierchlech Mataarbechter an der Karwoch 2015 zum Thema “Loosst iech d'Hoffnung net ewech huelen!”