Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Solidaritéitsgebiet an der Oktav

$
0
0

Den Äerzbeschof vu Lëtzebuerg invitéiert ganz häerzlech an d'Kathedral op e Solidaritéitsgebiet, méindes, de 27. Abrëll 2015 um 17.30 Auer. D'Gebiet ass fir all Leit, déi en détresse sinn. All déi Leit, déi hir Solidaritéit wëllen ausdrécken, sinn och häerzlech wëllkomm.
Uschléissend un dës Feier gëtt eng gutt waarm Zopp um Parvis vun der Kathedral zervéiert

Et ass dem Äerzbeschof Jean-Claude Hollerich e grousst Uleies, datt all déi Leit

  • déi et schwéier hunn, sech an eiser Gesellschaft erëmzefannen,
  • déi sech oft vu Villem ausgegrenzt spieren,
  • déi kee festen Daach iwwert dem Kapp hunn,
  • déi op der Flucht sinn,
  • déi vun iergend enger Form vun Détresse betraff sinn,

sech am Kader vun der Oktave hei zu Lëtzebuerg wëllkomm spieren.

D'Gebiet ass fir all Leit, déi en détresse sinn. All déi Leit, déi hir Solidaritéit wëllen ausdrécken, sinn och häerzlech wëllkomm.

De P. Nicolas Buttet, Grënner a Moderator vun der Fraternité Eucharistein ass och bei dësem Solidaritéitsgebiet derbäi.

Uschléissend un dës Feier gëtt eng gutt waarm Zopp um Parvis vun der Kathedral zervéiert.

Fir all weider Froen an Informatioune kënnt Dir Iech gären am Service de la Pastorale un d'Marie-France Bemtgen (Tel. 46 20 23-97) oder un d'Marie-Christine Ries (Tel. 46 20 23-48) wenden.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411