Lesung aus dem ersten Johannesbrief (1 Joh 4,19-5,5)
Download
Quell: wort.lu
Brüder und Schwestern,
Wir wollen lieben, weil Gott uns zuerst geliebt hat.
Wenn jemand sagt: Ich liebe Gott!, aber seinen Bruder hasst, ist er ein Lügner.
Denn wer seinen Bruder nicht liebt, den er sieht, kann Gott nicht lieben, den er nicht sieht.
Und dieses Gebot haben wir von ihm:
Wer Gott liebt, soll auch seinen Bruder lieben.
Jeder, der glaubt, dass Jesus der Christus ist, stammt von Gott
und jeder, der den Vater liebt, liebt auch den, der von ihm stammt.
Wir erkennen, dass wir die Kinder Gottes lieben, wenn wir Gott lieben und seine Gebote erfüllen.
Denn die Liebe zu Gott besteht darin, dass wir seine Gebote halten.
Seine Gebote sind nicht schwer.
Denn alles, was von Gott stammt, besiegt die Welt.
Und das ist der Sieg, der die Welt besiegt hat: unser Glaube.
Wer sonst besiegt die Welt, außer dem, der glaubt, dass Jesus der Sohn Gottes ist?
5. Oktavpriedegt
Här Äerzbëschof,
léif Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger,
Um Fest vun der schmäerzhafter Muttergottes, de 15. September 1993 feiert den Don Pino Puglisi, Paschtouer am delabréierte Quartier Brancaccio vu Palermo, mat e puer Frënn säi 56. Gebuertsdag. Kuerz no Aacht micht en sech mat sengem Fiat Uno op de Wee heem a säi Paschtoueschhaus. Um Wee vum Auto bei d'Dier, gëtt hie vun engem Mann ugehal, deen ëm seet „Dat hei ass en Iwwerfall“, de Padre kuckt de Mann un, en huet e breet Grinsen am Gesiicht a seet: „Ech hunn dorop gewaart.“ De Killer wäert dëst Grinsen ni méi vergiessen. Du fält de Schoss, dee vun engem zweete Mafioso ofgi gëtt. Um Wee an d'Klinik stierft de Paschtouer u senge Verletzungen. Iwwer Sizilien an Italien breet sech eng Well vun Entsetzen an Trauer aus: d'Mafia, déi sech gären als fromm a kathoulesch gëtt, schreckt mol net méi zréck e Geeschtlechen ëmzebréngen.
De 15. September 1993 ass de Padre Puglisi als Märtyrer gestuerwen, ëmbruecht ginn aus Haass géint de Glawen. Dat huet d‘Kierch de 25. Mee 2013, viru bal 2 Joer, bei der feierlecher Séilegspriechung zu Palermo proklaméiert. E Märtyrer? an Italien? 1993? Wéi koum et duerzou?
1937 zu Palermo gebuer ass den Guiseppe Puglisi 1960 zum Priister geweit ginn. No verschiddene Plazen als Kaploun, Paschtouer a Reliounsproff ass hien 1990 zum Paschtouer vun der Par Brancaccio mat 8.000 Awunner ernannt ginn, en aremt Véierel vu Palermo, an deem d'Cosa Nostra staark präsent war, an ënnert den - oft sech selwer iwwerloossene - Kanner a Jugendlech nei Membere rekrutéiert huet. Den Don Pino huet sech voll a ganz ob des Realitéit vu sengem Quartier agelooss. Hien ass net als en Antimafia- Priister ugetrueden, mä als e Priister fir d'Leit, fir all déi Leit, déi him vun der Kierch uvertraut gi waren. Als Reliounsproff an als Spiritual am Seminaire hat hien Erfarungen an der Erzéiung vu Kanner a Jonke gemaach an dofir setzt hien a senger pastoraler Aktioun och bei de Kanner a Jugendlechen un. Mat enger Rei Bénévolen an Uerdensschwëstere micht hien den Dagesfoyer Padre Nostro op. Schonn den Numm gëtt d'Richtung un: hie wëll d'Jugend bei Gott eise Papp a seng Geboter brénge fir datt se net vun der Strooss ewech dem Padrino – dem Paten- vun der Mafia mat senge Gesetzer an d'Gräpp falen. Bei der Grënnung vun deem Zentrum bleift den Don Pino awer ganz realistesch. Hie schreift: „D'Aktioun vun de Bénévolen an de Schwëstere vum Centro „Padre Nostro“ muss en Zeeche sinn. E kann eist Ëmfeld net veränneren, dat sollte mer äis net mol als Illusioun erlaben ze denken. Et ass nëmmen en Zeeche fir ze versichen, eist Ëmfeld a Bewegung ze setzen, fir ze versichen e Virbild vu Behuelen ze ginn, fir d'Autoritéiten unzedreiwen, hir Pflicht ze maachen, fir datt esou lues a lues jiddwereen sech responsabel spiert. Net fir all Problemer vum Quartier ze léisen. Nee, et ass nëmme fir ze soen: vu datt et hei näischt gëtt, wëlle mir d'Äerm eropkrämpelen a fir ze weisen, datt eppes gemaach ka ginn. Wa jiddwereen eppes micht, da kann een zesumme villes maachen. Se ognuno fa qualcosa, insieme si può fare molto“.
Léif Schwësteren a Bridder, dat war déi grouss Hoffnungsbotschaft vum Don Pino fir seng Par. Et micht Sënn sech ze engagéieren, och wann et nëmmen ass, fir e bewosst Zeechen ze setzen. A wa vill gutt Leit sech zesummen dinn, da kann och eppes verännert ginn. An deem Sënn sot hien och: „Ech hu keng Angscht virun de Wierder vun de Gewalttätegen, mä virum Roueg-sinn vun deenen Éierlechen.“
Dat gëllt och fir äis hei zu Lëtzebuerg. Als Chrëschte sollt jiddweree vun äis en Zeie vun der Hoffnung sinn, do wou hie lieft a schafft. „Bei weem solle mir Zeie vun Hoffnung sinn?“ sou freet den Don Pino op enger anerer Plaz. An hie gëtt sech selwer d'Äntwert: „Bei deem, dee Roserei géint d'Gesellschaft empfënnt; bei deem, dee voller Ängschten a Suergen ass; bei dem, dee voller Ongedold ass, well dat, wat e sech wënscht, sech nach net realiséiert; bei deem deen d‘Vertraue verluer huet, wéinst sengen eegene Chuten. Jiddwerengem, deen no Zeeche vu Léift verlaangt, muss een Hoffnung ginn“.
Léif Leit: „Et huet jo dach kee Sënn! Wat soll ech klenge Männchen dann dogéint maachen?“ dat sinn Ausdréck vun Hoffnungslosegkeet, déi äis als Chrëschten eigentlech net dierften iwwert d'Lëpse kommen. Ëmmer rëm an der Kierchegeschicht sinn et Chrëschte ginn, déi sech net decouragéiere gelooss hu virun der sozialer Nout vun hirer Zäit: Denke mer zum Beispill un de Jean-Baptiste Vatelot, deen et ongerecht fonnt huet, datt d'Meedercher keen Zougank zur Bildung sollten hunn an dofir um Enn vum 17. Jh. d‘Schwëstere vun der Doctrine chrétienne gegrënnt huet oder un d'Elisabeth Dufaing, déi an der Mëtt vum 19. Joerhonnert hei an der Stad d'Kongregatioun vun de Franziskanerinne vun der Barmhäerzegkeet gegrënnt huet, fir datt Kranker doheem kunnte gefleegt ginn; den Dechen Heinisch, dee laang Joren an der Herz-Jesu Par, e Steeworf vun hei ewech, gewierkt huet, a dee sech op d'sozial Nout vum Garer Quartier agelooss huet, an domatten um Ufank vun der Fondation de la Porte ouverte stung.
Mä och haut gëtt vill Engagement am Klenge wéi am Grousse vun de Chrëschten hei zu Lëtzebuerg geleescht. Zënter Joerzéngte sinn eis Fraen a Mamme Championen doran erschaffte Suen u sozial Wierker ze spenden. Säit e puer Joer geréieren och eng Patie Sectioune Kleederstuffen an Tauschbörsen, fir datt Mënsche mat geréngem Akommes och uerdentlech Kleedung kënnen hunn. Am Mee 2007 huet eise fréieren Äerzbëschof Fernand d'Sozialwuert vun der Kierch vu Lëtzebuerg erausginn. Do heescht et ënnert anerem: „Als Kirche verpflichten wir uns, die Not unserer Mitmenschen zu sehen. Not sehen und handeln, lautet unser Leitmotiv.“ An am Schlusswuert, nodeem den Här Äerzbëschof all Parverbänn, Associatiounen an Eenzelner zu konkretem Handelen invitéiert huet, schreift hien: „Unsere ersten kleinen Schritte sollen Zeugnis, Ermutigung und Einladung an alle Menschen sein: Eine bessere Welt für alle ist möglich! Das glauben wir und das wollen wir mit unserem Lebensstil bezeugen.“ Zënter hier sinn an eise Paren eng ganz Partie Initiativen entstanen: zu Veianen, wéi op ville Plazen am Land, ass an de letzte Méint eng Grupp entstan, déi eeler Leit doheem oder an den Altersheimer besiche geet, déi soss wéineg Besuch kréien. Et gi Bénévolen, déi irakesch Chrëschten an d'chaldäesch Mass féieren, well um Sonndeg an den Dierfer, déi se als Flüchtlingen opgeholl hunn, kee Bus fiert. An anere Pare strécke Fraen zesumme mat Flüchtlingsfraen, déi doduerch fir e puer Stonnen aus dem groen Alldag erauskommen. Ganz rezent hu Chrëschten aus dem Dekanat Iechternach ugefaangen sech fir d'Flüchtlingskanner op der Weilerbach ze engagéieren. Alles dat si staark Hoffnungszeechen, déi eis Kierch am Déngscht vun eiser Gesellschaft leescht! Den Theolog Johann Baptist Metz weist zurecht dorop hinn, datt d‘chrëstlech Hoffnung ëmmer eng solidaresch Hoffnung ass an déi all Mënschen ageschloss sinn. Ech soll net nëmme fir mech hoffen, mä fir eis ganz Welt!
Léif Schwësteren a Bridder, den Don Pino, den Hoffnungszeie vun haut freet äis grad op dësem 1. Mee: Bass du engagéiert fir e bessert Lëtzebuerg, fir eng besser Welt? Wou a wéi kanns du en Hoffnungszeeche sinn?
Vu Lëtzebuerg nach e kuerze Bléck zréck op Palermo:
Der Cosa Nostra war dem Don Pino säi Wierken ëmmer méi en Dar am A. D'Bosse vum Quartier Brancaccio hu gemierkt, datt eng Partie Jugendlech hirem Afloss verluer gaange sinn, well se am Foyer Padre Nostro aner Wäerter a virun allem eng nei Liewenshoffnung kenne geléiert hunn. Déi aner Mafiosi hu sech iwwert se lëschteg gemaach, well esou e „Paf“ hinne geféierlech kënnt ginn. Dofir Hu si versicht den Don Pino ze decouragéieren an him Angscht ze maachen: nuets sinn anonym Uriff komm, d'Kierchendier ass a Brand gestach gi grad sou wéi d'Hausdier vu verschiddene Bénévolen. De Paschtouer ass esouguer zerschloe ginn. Mä hie wousst, wann hien elo seng Pastoral giff änneren a sech an d'Sakristei zeréckzéie géif, da giff hie vill Mënschen a senger Par an d'Hoffnungslosegkeet stierzen. 2 Méint viru sengem Doud invitéiert hien an enger Priedegt d'Protagoniste vun den Aschüchterunge mat him an der Par an Dialog ze trieden. Hie verbitt senge Frënn, hien owes besichen ze kommen, well hie se net a Gefor wëll bréngen. Déi letzt Woche vu sengem Liewen huet hie ganz bewosst gelieft, wat hien an engem Virtrag viru Seminariste gesot hat: „Jesus huet gesot, wie mäi Jünger si wëll, dee soll säi Kräiz op sech huelen a mir nogoen. (…) Wa mir onräif bleiwe wëllen da refuséiere mer d'Logik vum Kräiz, d'Logik vum Weessekäer. Wien awer wuesse wëll, dee muss d'Logik vum Weessekär unhuelen“. Mat dem déidleche Schoss vum 15. September 1993 ass de Weessekär an de Buedem geluecht ginn, an en dréit räich Friichten. An d'Affer kunnt sengem Killer an d'Gesiicht grinsen, well säin Häerz voll onstierflecher Hoffnung war. Säin Doud ass d'Inkarnatioun vum Saz aus dem Mathäusevangelium: „Fürchtet euch nicht vor denen, die den Leib töten, die Seele aber nicht töten können (Mt 10,28).“
Maria, eis gutt Tréischterin, zu Kana hues du d'Nout vun den Hochzäitsleit als éischt erkannt. Du hues d'Aen net zou gemaach virun hirem Mangel an däi Jong drop higewisen. Du miss och haut deng Aen net zou virum Leed vu sou ville Mënschen, déi ënnerdréckt an ausgebeut ginn. Zu dengem Jong, awer och zu äis senger Kierch, déi säi Läif ass sees du: „Si hu kee Wäi méi. Si hu keng Hoffnung méi“. Hëllef äis Zeie vun der Hoffnung ze sinn, bei alle Mënschen déi Léift brauchen. Hëllef äis d‘Gebot vun der Gottes- an der Nächsteléift ze liewen. Zesumme mam séilege Pino Puglisi erënner äis ëmmer rëm drun: „Se ognuno fa qualcosa, insieme si può fare molto! Wa jiddwereen eppes micht, da kann een zesummen, villes maachen.“ Amen.