D'Priedegt lauschteren
Download
Quell: Radio DNR
1. Wann e Mënsch mat Hänn a Féiss schwätzt, da beherrscht en entweder d'Sprooch vu sengem Ambiente net oder en ënnermolt spontan seng Wierder duerch entspriechend Gestik. Mat eisen Hänn kënne mer schwätzen, dat wësse besonnesch déi, déi mat Gehörlosen oder Dafstomme kommunizéieren. Eis Hänn, jenodeem wéi mer se halen, dréien a kéieren, signaliséieren watfir inner Haltung mer vis-à-vis vu Leit oder Saachen anhuelen: Unerkennung, Nähe a Versteesdemech, Oflehnung an Zeréckweisen, Verzeiung a nei Gemeinschaft, Gewalt an Ugrëff, Seegen oder Fluch – alles kënne Mënschen duerch hir Hänn ausdrécken. Hänn fir d'Versöhnung reechen, d'Hand verweigeren, Hänn verstoppen, esou wéi kleng Kanner, déi motzen...
D'Hänn bedeite vill an eisem Liewen. Dat kënnt a munche Riedensarten zum Ausdrock. Et seet een: Hien huet eng gutt, eng glécklech Hand. En hällt Hand iwwert een. Hien ass déi riets Hand vun deem an deem. Nëmme vum Mënsch soe mer: En „handelt“, e gëtt „be-handelt“. Net gutt ass et, wann ee seet: Deen huet eng pecheg Hand. Dee schléit mat der Fauscht op den Dësch. Deen huet seng Hand, seng Patten am Spill.
Wat ee mat den Hänn net alles maache kann! Kuckt emol op äert Liewen: ob der Handwierker oder Bauer, Aarbechter oder Dokter, Bureausmënsch oder Hausfra sidd, ëmmer braucht der är Hänn. Jo, kee Komputer, kee Smartphone, keen Hany ouni d'Hand, fir en ze betätegen.
2. E wichtegen Déngscht an der Fräiheetsgeschicht vum Vollek Israel iwwerhuelen d'Hänn vum Moses: Am Kampf géint d'Amalekiter ginn se Zeeche vum Herrgott sengem Schutz, awer och en Zeechen fir ze encouragéieren, sech net besiigen an ënnerbotteren ze loossen. T'ass deeselwechten Här, dee mat staarker Hand am Exodus Israel aus den Hänn vun den Egypter befreit hat..., déi Hand, deër hire Schutz mer och fir eis Heemecht erofruffen: „O du do uewen, deem seng Hand, duerch d'Welt Natione leed.“ Déi gëttlech Hand, ënnert déi déi al Abtei Iechternach sech gestallt hat mam Wopesproch „Sub manu solius Dei“.
Künstler vun allen Zäiten hunn den onsichtbaren an onvirstellbare Gott ëmmer erëm duerch d'Hand aus dem Himmel durgestallt. D'Geschicht vun Israel, dat vun Amalek bedreet gouf, weist, dass dës Hand vu Gott ergraffe gi wëllt; mir mussen eis Hänn ausstrecken, fir Gott an eisem Liewen ze sichen an ze erfueren. Eis Hand a Gottes Hand ze wëssen, schenkt äis Berouhegung a Fridden. Well Gottes Hänn si gutt Hänn. „Du umschließt mich von allen Seiten und legst deine Hand auf mich. Zu wunderbar ist für mich dieses Wissen, zu hoch, ich kann es nicht begreifen.“ Psalm 139 (V. 5-6)
Déi hebräesch Bibel kennt zwee Wierder fir „Hand“: dat eent Wuert „kaf“ bezeechend déi oppen Hand, déi gëtt an emfängt, déi no uewen oppen Hand, déi ëm eppes biedelt. Dogéint steet dat anert Wuert „yad“ fir déi zoue, geballten Hand, fir déi erhuewe Schwurhand oder déi kraaftvoll Fauscht als Bild vu Muecht.
Dat AT schwätzt op ville Plaze vun esou enger Hand a bezitt se op Gott. Et leed äis no: A senger Hand ass de Mënsch sécher, gebuergen. Gottes Hand ass e Symbol vun senger Muecht. Seng Muecht awer mécht de Mënsch net kleng, mä se schützt an dréit en. „La Main de Dieu“ ass mat déi schéinst Skulptur vum Rodin: Si presentéiert sech als Schëpferhand an deem Ablack, wou se de Mënsch formt an entstoe léisst, als Mann a Fra, déi sech eng Bees ginn an a Léift ëmschlonge sinn; „la Main de Dieu“. Vun dëser gudder Hand seet de Psalmist (Ps 145,16): „Du öffnest deine Hand und sättigst alles, was lebt, nach deinem Gefallen.“ T'ass déi gëttlech Hand, déi alles erschaft: „In seiner Hand sind die Tiefen der Erde, sein sind die Gipfel der Berge; sein ist das Meer, das er gemacht hat, das trockene Land, das seine Hände gebildet.“ (Ps 95,4-5)
3. Vun deenen, déi zum Jesus gehéieren, seet hie selwer am Johannes-Evangelium: „Niemand wird sie meiner Hand entreißen.“ (Jo 10,27-30)
D'Evangelie beriichte méifach dervun: De Jesus ergräift Mënsche bei der Hand a riicht se op, wéi d'Schwéiermamm vum Péitrus, d'Duechter vum Jairus oder den epileptsche Jong. Hie geet bei déi Mënschen, déi hiert Liewe net méi an der Hand hunn a beweegungs- oder handlungsonfäheg sinn. Hien ergräift mat senger Hand hir Hänn an heelt se esou u Läif a Séil. Mat senger Hand riicht hien si op. De Jesus seent d'Kanner, e seent d'Brout a verdeelt et. De Jesus mécht äis all Mutt, datt seng Hänn gutt, machtvoll Hänn sinn, déi äis Mënschen net nidderdrécken an demütegen, mä opriichten a beliewe wëllen. An hien, den Här, fängt äis op, wa mer falen. „Auch wenn du keinen Boden unter den Füßen spürst, du fällst nicht tiefer als in Gottes Hand“, schreift den Anselm Grün.
Den Här huet oppen Hänn. Aus senger Hand emfänke mer dat hellegt Brout. Den Här huet, esou beriicht d'Schrëft, a senger Himmelfahrt seng Jünger verlooss, andeems en d'Hand erhieft, fir si nach eng Kéier ze seenen.
4. Dir kennt all – et gëtt et op verschidde Plazen, och zu Iechternach an der Basilika – déi Kräizdurstellungen, wou dem Corpus vum Jesus Hänn an Äerm feelen, well se duerch Bommen oder Feier zerstéiert an net méi zréckrestauréiert gi sinn. Zu Münster steet do drënner: „Ich habe keine Arme mehr außer den deinen.“ Jo, den Här schafft mat eisen Hänn! Den operstanene Christus wierkt (net nëmmen, awer och) duerch Mënschen an dëser Welt. Hien hëllt jidderee vun äis a Flicht fir säi Message, fir säi Wierk. Eisen Déngscht solle mer stellvertriedend fir hien maachen.
Mat den Hänn gëtt geseent. Seenen ass en Urgest vun der Mënschheet. Jidderee ka seenen. Grad beim Seenen ginn d'Hänn ausgebreet a gëtt ugedeit, vu wiem all Seege leschtlech kënnt: vu Gott, dem Schëpfer an Här. Esou wéi de Moses breet de Geeschtlechen d'Hänn aus a seent. Et breed een d'Hänn aus a stellt esou deen, deen ee seent, ënnert de Schutz vu Gott. Oder et zeechend een e Kräiz op d'Stier. Oder et seent ee sech oder anerer oder Saachen mat Wäiwaasser. Ëmmer awer ass d'Hand derbäi. Seenend Hänn – esou wéi déi, déi den Albrecht Dürer an senger berühmter Skizz gezeechend huet; onzähleg Kéiere si si ofgemolt ginn: „Segnende Hände“ sollen och eis Hänn sinn.
Beim Bieden sinn Hänn an Häerz enk mateneen verbonnen. Mer biede mat gefalten Hänn. Am Mëttelalter huet de Vassall seng Hänn an déi vum Lehnshär geluecht, him domatter Trei geschwuer an säi Schutz entgéintgeholl – aus dësem Vassalleneed ass den Treischwuer vun de Geeschtlechen bei hirer Wei entstan, wou se dem Bëschof, andeems se hir Hänn a seng leeën, Respekt a Gehorsam verspriechen. Wa mer eis Hänn fir d'Gebied falen, da leeë mer se an d'Hand vum Papp am Himmel a wëssen äis a senger Hand gebuergen. Oder wa mer de Rousekranz an d'Hand huelen an äis vu Kräll zu Kräll fortbeweegen, wéi un engem Gelänner, un deem mer äis upaken: d'Statioune vum Lieweswee vum Jesus ginn äis Halt an d'Gespier, mat him um Wee ze sinn, duerch Kräiz a Leed bis hin zur Herrlechkeet. Esou gëtt de Rousekranz wéi eng Himmelsleeder, un deër mer äis mat der Hand eropzéien an Halt fannen.
Oder mer stellen äis an d'Orantehaltung a breeden d'Hänn aus fir ze bieden: „Zu dir, o Gott, erhebe ich meine Hände!“ Wann e Këndchen op den Aarm vum Pappi wëllt, da streckt et seng Hännercher aus. Viru Gott si mir all Kanner: „Wenn ihr nicht werdet wie die Kinder“, seet de Jesus.
Mat sengen Hänn huet de Simon vun Cirene gehollef, dem Jesus säi Kräiz droen. Mir kënnen d'Kräiz fir anerer droen, oder hinne behëlleflech sinn, „Einer trage des anderen Last!“
Mat den Hänn schaffe mer a mer bieden: „Lass das Werk unserer Hände gedeihen, ja lass gedeihen das Werk unserer Hände!“ (Ps 90,17) Hänn kënnen och rouhen, mer kënnen se an de Schouss leeën – aplaz dermat ze trommele vu Nervositéit a mat de Fanger op den Dësch ze klappen. Bis mer se eng Kéier fir déi éiweg Rou rouhe loossen.
5. Jo, ech wäert stierwen. Awer ech wäert a Gottes barmhäerzeg Hänn erastierwen. „Wenn wir alles aus der Hand geben, dann wird seine Hand uns neu formen. Wenn wir uns ihm übergeben, wird er uns einen neuen Menschen zurückgeben, den Menschen, der von seiner liebenden Hand neu geformt und geschaffen wird.“ Esou schreift den Anselm Grün. Da leeë mer eise Geescht, eist Liewen an d'Hänn vu Gott: „In manus tuas, Domine, commendo spiritum meum“ (Ps 31,6), andeems mer Christus um Kräiz et noman. Da gëtt och hoffentlech fir äis de Sproch aus dem Weisheetsbuch wouer (3,1): „Die Seelen der Gerechten sind in Gottes Hand, und keine Qual kann sie berühren.“ Wa mer alles aus der Hand ginn, da wäert seng Hand äis nei schafen. Wa mer äis him iwwerginn, da wäert hien äis als nei Mënschen äis selwer zréckschenken, als Mënsch deen op en Neits vu senger Hand mat Léift geformt a belieft ass.
Vun der hl. Gertrud oder der hl. Mechthild stamt folgend Gebied:
Herr, hier sind meine Hände.
Lege darin, was du willst.
Nimm hinweg, was Du willst.
Und führe mich, wohin du willst.
In allem geschehe dein Wille.
6. Maria, huel du äis mat der Hand! Vun denger Hand geet riets am Lidd:
Léif Mamm, ech weess et net ze son,
wéi gär ech bei dir sinn.
Léif Mamm, ech ka net vun dir gon,
bis ech erhéiert sinn.
Léif Mamm, du helleg Kinnigin,
looss all deng Kanner ëm dech sinn.
Géi du mat hinnen HAND AN HAND
A seen a seen eist Lëtzebuerger Land!