Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

„Angels and Demons“– Glawen a Wëssenschaft

$
0
0

D'Priedegt lauschteren

Download
Quell: Radio DNR

1. Glaf a Wëssenschaft! Hartnäckig hällt sech de Klischee, d'Kierch giff sech schwéierdinn mam Darwin, seng Evolutionstheorie an de Glaf un d'Schëpfung wieren unvereinbar. Schléissen also Evolutiounstheorie a Schëpfungsglaf sech aus? Neen. Dës Polemik ass längst iwwerwonnen, se si kompatibel. E gleewege Mënsch kann duerchaus Wëssenschaftler a Biolog sinn, an e Biolog ka Chrëscht sinn, ouni schizophren sinn ze mussen. Eriwwer ass d'Zäit, wou een entweder wëssenschaftsgleeweg war oder reliéis agestallt. Haut unerkenne féirend Naturwëssenschaftler an Theologen, dass béid Beräicher – Glawen a Wëssen, Theologie a Naturwëssenschaft – op je hirem Gebitt zoustänneg sinn an en eegend Feld vu Wierklechkeet am Viséier hunn – wat och eisen emeritéierte Poopst Benedikt XVI. net midd ginn ass ze ënnersträichen.

2. Allen zwee, Glawen a naturwëssenschaftlecht Denken, analyséiere jo d'Wierklechkeet, allerdéngs vu verschiddenen Standpunkten aus. Huele mer d'Naturwëssenschaften z. B.: D'Chimie seet äis, wéi déi verschidde Substanzen zesummegesat sinn, d'Physik wéi déi verschiddenarteg Deeler a Kierper an eiser Welt sech mat hire Gesetzméissegkeete verhalen, d'Biologie wéi d'Liewe bei Planzen, Déieren a Mënschen entstan ass a sech entwéckelt. Dës Wëssenschafte beliichten also Deelapekter vun der Welt an hirem Fonktionnéieren (mer schwätzen hei vu Fach- oder Faktewëssen). De Glaf par conter sicht eng Äntwert op déi déifmënschlech Froen nom Sënn vum Ganzen (hei geet et ëm Lieweswëssen a Sënndenken). De Glaf gëtt Äntwert op déi grouss Froe vum Mënsch: Wou kommen ech hir? Wuer ginn ech hin? Firwat sinn ech hei? Wéisou gëtt et Leed, firwat Gléck? Wat kënnt nom Dout? – alles Froen, déi d'Naturwëssenschafte mat hirer Fragestellung net intresséieren.

Béid Erkenntnisweeër awer, déi vun de Naturwëssenschaften a vum Glawen, si berechtegt a noutwendeg, se sinn allen zwee am mënschleche Geescht ugeluecht. Zum Verglach: Eng Stad léiert ee kennen, andeems een duerch Stroossen a Plaze spadséiere geet oder mam Auto fiert – oder awer, wann ee vum Helikopter aus se aus der Vuggelperspektiv kuckt. Béid Approche si gülteg an ergänzen sech. Déi éischt steet fir empirescht Wëssen iwwer déi partikulär Erfarungswelt, déi lescht fir eng ganzheetlech Vue a Gesamtinterpretatioun vum Weltgeschéien; de Glawen huet dat Ganzt am Bléck.

Geet et beim wëssenschaftleche Fuerschen ëm dat Endlecht, Begräifbart, ëm Deelberäicher vun der Realitéit, da beim Glawen ëm den onendlechen, onbegräifbare Gott an ëm de Mënsch an d'Welt an hirer Totalorientéierung, an domat ëm hir Relatioun mat Gott. Wéi de russesche Kosmonaut Gagarin d'Äerdatmosphär betratt huet, mellt en triumphalistesch, e wier do uewe kengem Gott begéint. Qui dit mieux! E wëssenschaftlech nogewisene Gott wier eises Glawes net wäert a net würdeg, dat wier e Götz. „Si comprehendis, non est Deus“, seet den hl. Augustinus, wann s de e versteess oder erfiers, dann ass et net Gott!

Béid Beräicher sinn awer och begrenzt a sinn do kompetent, wou deen aneren et net ass. Si ergänzen sech a si komplementär. D'Naturwëssenschafte sollen unerkennen, dass déi vun hir duerchliichte Realitéiten net déi eenzeg sinn an dass och d'Theologie sech mat Wierklechkeete befaasst, déi de Naturwëssenschafte net zougänglech sinn, wéi déi genannte Liewesfroen. Emgekéiert huet d'Theologie ze akzeptéieren, dass d'Naturwëssenschaften d'Fro no Gott an nom Gesamtsënn ausklameren. „Naturwissenschaft muss Gott aus dem Spiel lassen“, seet zu Recht den Hans Küng. Et gëtt tatsächlech eng Autonomie vun den irdesche Wierklechkeeten, déi zurecht vu Gott abstrahéiert, wéi d'Konzilskonstitution „Gaudium et spes“ an Nr. 36 festhällt. Dat ass dee sougenannten, vëlleg legitimen „methodeschen Atheismus“. Fir Saache physikalisch ze berechnen oder chemisch ze analyséieren, brauch ech kee Gott, jo soll ech hien esougur ausdrécklech aus dem Spill loossen. Mäin Zänndokter muss e gudden Zänndokter sinn, säi Glaf brauch mech als Patient, als Klient, net ze intresséieren.

De Glaf huet awer séngersäits d'Forschungsergebnisser vun de Wëssenschaften ze berücksichtegen. Esou kënne mer haut net méi unhuelen, d'Mënsche wieren all vun engem eenzege Mënsch ofgestamt. An d'Naturwëssenschaft däerf sech net aus engem Gesamtkontext (vu Welt a Mënsch) einfach ausklinken. Schon eleng déi ethesch Froen, déi sech aus der Forschung erginn, fuerderen, dass béid matenaner am Dialog sinn. Da kënne se zesummeschaffen zum Wuel vum Mënsch.

3. Eng konkret Fro, déi gär gestallt gëtt: Wéi si Schëpfung an Evolutioun mateneen ze denken? Huet den Darwin mat senger Evolutiounstheorie recht oder d'Bibel mat hirer Erschafung vun der Welt a siwen Deeg? Och hei ass ze ënnerscheeden tëschend dem Darwin senger naturwëssenschaftlecher Theorie an de bibleschen Aussoen iwwer Glawessaachen. T'si verschidde Niveauen, déi net ze verwiessele sinn – t'kann een net Äppel bei Biere geheien. Mä béid schléisse sech kengeswegs aus. Mer hu guer keng Schwieregkeet unzehuelen, dass den Herrgott d'Schëpfung evolutiv geschafen huet an net aus engem Goss. Wéiwuel fir den Darwin d'Schëpfung mat hirer Evolutioun blann verleeft, fir de gleewege Mënsch awer e Schëpfergott derhannert stécht, deen se engersäits orientéiert an hir zugläich eegen, autonom Entfalungsméigklechkeete léisst. Den Teilhard de Chardin hat et esou op de Punkt bruecht: „Dieu fait que les choses se font elles-mêmes.“

D'Liewe selwer – zoufälleg entstan, seet den Evolutionismus, aus engem schëpfereschen Akt vu Gott, de Glawen –, d'Liewe kann ee begräife mat Gott oder ouni Gott. T'gëtt keen zu näischt forcéiert, och net intellektuell. An dëser Fro ass all Mënsch, Naturwëssenschaftler oder net, gehalen, perséinlech eng Decisioun ze treffen, ob en en Urgrond an en Urzil vun der Gesamtevolutioun unhëllt oder net. A wann en dann och nach deem anere seng Meenung léisst, da ka jiddereen domat liewen.

Als Chrëschten huele mer vis-à-vis vun der Schëpfung eng Haltung vu Staunen an. Mer staune virun der Natur, si ass fir de gleewege Mënsch eng natierlech Offenbarung, déi op Gott als hire Schëpfer verweist. D'Schéinheet vun der Schëpfung rifft Freed a mer ervir. Natierlech muss ech dervir op an emfänglech sinn. Wann ech bewosst d'Schéinheet vun der Schëpfung ophuelen a mech dru freeën, dann deet dat en plus mengem Läif a menger Séil gutt, an d'Liewe wäert nei a mer opbléien. D'Faarwe vun de Blummen a Sträicher genéissen, dat frëscht Gréngt am Fréijoer an dat liichtend Giel a Rout am Hierscht. Da gëtt mäin Häerz weit. Ech kann dem „élan vital“ zoustëmmen, dee Gott selwer a seng Schëpfung ageplanzt huet, wéi den Teilhard ureegt. Léif allegur, pendele mer äis an an dësen „élan vital“, dee Gott senger Schëpfung ageimpft huet, an dee mer grad elo am Fréijoer verspieren, ëm äis an an äis!

Gi mer d'Fragestellung emol vu senger Säit hir un. Gott lächelt iwwer eis Erkenntnisser, déi ëmmer méi bedeitend ginn – ni spöttesch, awer wéi e Papp, deen sech iwwer d'Entdeckungen vu sengem Kand freet. D. h. awer och: Hanner aller Wourecht, déi mer erausfannen, benennen oder léieren, sollte mer och ëmmer d'Lächele vu Gott gesinn. Dat verhënnert da Verbëssenheet oder Fanatismus, egal no watfir enger Säit.

Kann dem Darwin seng naturwëssenschaftlech Theorie geféierlech gi fir de chrëschtleche Schöpfungsglaf? Dat war eis Fro. Dat ka nëmmen de Fall si, wann een d'Buch Genesis textuell ausled, esou wéi Kreationisten a Vertrieder vum sougenannten „Intelligent Design“ dat maachen. Fir gleeweg Katholiken ass d'Bibel als e reliéist Buch mat der gëttlecher Offenbarung zoustännech fir hir Orientéirung an de grousse Liewesfroen a net fir naturwëssenschaftlech Erkenntnisser. De Genesistext ass net als protokollaresche Rapport iwwer d'Entstehung vun der Welt a sechs Schëpfungsdeeg oder Schëpfungsperioden mësszeverstoen, mä e seet aus, dass d'Welt an de Mënsch leschtlech vu Gott hirkommen a mat him bleiwend verbonnen sinn. Wann een mat dëser korrekter Astellung un d'Bibel erugeet, da ka Gott duerchaus schëpfereschen Ursprung vum Liewe sinn an d'Liewen trotzdeem autonom seng eegen Entwécklungsméiglechkeeten entfalen – déi Gott eben erméiglecht huet. Et ass deemo net „Gott oder Darwin“, mä„Gott an Darwin“, fir et plakativ ze soen. Oder och, andeems ech e Wuert vum Jesus ëmwandelen: „Gitt dem Darwin, wat dem Darwin säint ass, a Gott, wat Gottes ass.“

4. Léif Pilger! Chrëschtlecht a biologescht Mënschebild sinn am Kär mateneen vereinbar. Och wann déi chrëschtlech Positioun Virbehalter formuléiere muss un eng schrankenlos Biotechnologie, déi hemmungslos erëmmanipuéiert um Mënsch – Stéchwierder Embryonenforschung, Klonéieren asf. Dat nieft deene ville Wohltaten, déi d'Biologie an hir praktesch Applikatioun, d'Biotechnik, der Mënschheet bruecht hunn.

Ech wëll schléissen mam Film vum Dan Brown „Angels and Demons“. Den Dan Brown beschreift déi imaginär Sekt vun den „Illuminati“, déi viru Jorhonnerten wéinst hirer Wëssenschaftsgleewegkeet vun der Kierch verfollegt gi wieren, an déi elo am 21. Jh. géint d'Kierch d'Revanche giwwen huelen – ganz plastesch gëtt da geschildert, wéi no an no d'réimesch Kuriekardineel op eng zugläich mysteriéis a makaber Aart a Weis een nom aneren ëmbruecht ginn. An anere Wierder, och dee Film, deen natierlech pur Fiktioun ass, geet aus vum Prinzip, et géif eng natierlech Feindschaft ginn tëschend chrëschtlechem Glaf a moderne Wëssenschaften. En hällt awer mat folgendem Schlussakkord op, an dee léisst äis opotmen: Et gëtt en neie Poopst gewielt (dee Fall kenne mer jo), an den neie Poopst léisst sech Lukas I. nennen, als Uklang un den Evangelist, deem Heelkompetenzen an Dokterallüren nogesot ginn; an den neien Inhaber vum Stull Petri war viru senger Wal effektiv Dokter, also Vertrieder vun der Zunft vun deenen anere Wëssenschaften. Dee gëtt zum Schluss vum Film Poopst a leed d'Versöhnung vu Glawen an Naturwëssenschaft an d'Weeën. Dëse Lukas I. ze sinn, ass d'Aufgab vun äis alleguer. An deem Sënn: „Wir sind Papst“. Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411