D'Priedegt lauschteren
Download
Quell: Radio DNR
1. „Le non-croyant qui est en moi“, hat de verstuerwene Kardinal Martini d'Gewunnecht fir ze soen. Esou wéi vill Chrëschte vun haut, déi hin an hirgerass sinn tëschend engem Glawen, deen se geierft hunn, an enger Kultur, déi en ëmmer méi verwërft. Dës Spannung erliewe mir all. Och d'hl. Theresia vu Lisieux gouf nach op hirem Doudesbett vun engem radikale Materialismus a Versuchung gefouert. D'Welt, an deër mer liewen, ass zudéifst ambivalent a bitt äis zwou Méiglechkeeten als Interpretatioun un: déi atheistesch an déi gleeweg. A Gott hëllt äis d'Fräiheet an d'Responsabilitéit, déi mat dëser Wahlméiglechkeet ginn ass, net of. Wa mer Gott vermëssen, zu him ruffen an hien net äntwert: „Das Schweigen Gottes und die beklemmende Gottesferne bedrängen oft auch mich“, schreift den tschechesche Priister Tomas Halik. Awer fir déi eng ass hire Misär e point de départ, fir u Gott ze gleewen, fir déi aner par conter fir u Gott ze verzweifelen an de Glaf opzeginn. Glawen an Onglawen, Glaf an Atheismus: zwou Siichtweisen, fir deem Rechnung ze droen, dass Gott eben och verbuergen ass a verstoppt, transzendent, jo onduerchdringlech a sengem Mystère.
Ob Gott existéiert, dozou kann de Mënsch „Jo, ech gleewe“ soen oder „Ech negéieren“ oder „Ech weess et net“. Gott ass fir mech de groussen Horizont. Ech hale mech léiwer a Reim op mat groussem Ausbléck wéi a Reim mat zouene Fënsteren. Gott ass dat onendlecht Geheimnis. Ech kann an dëst Geheimnis net andréngen, nach kann ech mech senger bemächtegen, et beherrschen, et ofleeën a mat em „fix a fäerdeg sinn“.
Och de Mystère vum Béisen a vum mënschleche Leiden huet zënter jehir souwuel zu Gott higefouert wéi och vun him ewechgefouert. Anersäits, wa mer him de Réck kéieren, hu mer da schon d'Leiden bewältegt? Léise mer äis da net och vun der Kraaft, dem Béisen an dem Leiden ze begéinen oder esougur en Ausgläich derzou ze schafen?
2. Mer hunn d'Evangelium vum Zachäus héieren (Lk 19,1-10). Et steet net geschriwwen, dass den Zachäus sech je de Jünger ugeschloss hätt an dem Jesus nogefollegt wier wéi anerer. Mer wëssen awer, dass en säi Liewen wollt änneren, a sengem Haus ass Heel geschenkt ginn. Den Zachäus suz um Bam an huet drop gewaart, ugesprach ze ginn. De Jesus huet et gemat. All Zachäussen, déi waarden, esou unzespriechen, dozou schéngt eis Kierch villfach net an der Lag ze sinn. Duefir bleiwe vill Leit op hirer Réckzugs- an Aussepositioun. Misste mer net déi villméi eeschthuelen, déi op hire Beem sëtzen an Ausschau halen?
Den Zachäus ass de Mënsch wäit ewech. Versetze mer äis an déi Zen eran! T'ass d'Evangelium am Klengen, wou dem Jesus seng Botschaft kristalliséiert, datt hie kënnt, fir déi verluere Schof ze fannen, opzehuelen an ze heelen. Hie sicht stänneg déi, déi wäit ewech sinn, d'Außenseiter. An hien hëllt se a stellt se an d'Mëtt. „Selig die Fernstehenden!“, kënnt ee bal soen. De prioritären Intérêt fir d'Mënsche wäit ewech och vun der Gemeinschaft vun de Gleewegen, ass gemengt: fir déi, déi am Virraum vun der Kierch sinn („Vorhof der Völker“ huet de Benedikt XVI. dat genannt, „la Cour des gentils“), déi an der Grauzone sinn tëscht reliéiser Sécherheet an Atheismus, déi zweifelen a sichen. Ais mat hinne solidariséieren, dorëms geet et, mat hire Froen an hirem Sichen. „Mit den Suchenden auf die Suche gehen“, esou den T. Halik.
Esou hat d'hl. Theresia vu Lisieux hir Missioun verstan. An hirer Spiritualitéit vum „klenge Wee“ leid si engersäits un der Abwesenheet vu Gott, aneresäits gëtt si him d'Fräiheet, mat hir ëmzegoen, wéi e Kand mat enger Spillsaach ëmgeet: Kann d'Spillsaach dem Kand e Virworf maachen, well et sech net déi ganzen Zäit dermat beschäftegt, datt se grad am Eck trëllt? D'Theresia huet d'Glawesnuecht erlieft, a si huet näischt vu Gott gespuert. Mä dat huet si zum Ulass geholl, fir sech mat deenen, déi ähnlech emfannen, ze solidariséieren. Et geet hir net drëm, déi Ongleeweg einfach an d'Innert vun der Kierch ze féieren, mä dëst Innert vun der Kierch ëm deenen hir Erfarung vun der Däischtert ze erweideren. Esou kommen si dann der Kierch no. Esou wéi och am Glawe selwer d'Schweige vu Gott muss eescht geholl ginn. Da sinn och déi, déi sech Froe stellen, déi vläicht haderen, op hir Aart a Weis e Virgeschmaach vum Räich Gottes. Da si mer als gleeweg Mënschen iwwert Säkulariséierung an Atheismus net nëmmen entsat, mä mer kënnen unhuelen, datt si an dëser geschichtlecher Period geheimnisvoll deelhuelen um éischterlechen Drama, um Schweige vum Karsamschdeg, wou no baussen hin näischt passéiert, währenddeem sech déif ënnen an der Ënnerwelt d'Erléisung vollzitt. Vläicht muss jo och den eenzelne Glawen esou e Reifungsprozess duerchman – vläicht muss en och um Kräiz stierwen, begruewe ginn an operstoen. A vläicht muss (fir op d'Evangelium zréckzekommen) de Jesus jo – duerch äis – méi Kéieren laaschtkommen, ëmmer neess gedëlleg, bis déi vill Zachäussen um Bam däitlech héieren a begräifen, datt en si mam Numm rifft. Esou ass Gott net nëmmen „eise“ Gott, mä och de Gott vun deenen aneren, méi wéi dat, wat mir vun him wëssen, „semper maior“, wéi déi ignatianesch Mystik seet. Esou wéi de Jesus den Zachäus um Bam ukuckt, esou kuckt a sicht Gott déi, déi no him kucken a sichen. A grad déi Mënsche sinn op hir Aart a Weis Bild a Gläichnis vu Gott, nämlech vun deem Gott, dee verbuergen ass an trotzdeem sicht.
E räife Glawen hunn heescht ausharren an der Nuecht vum Geheimnis. Da versti mer d'Vertrieder vun enger méi „scheier Frëmmegkeet“ (Halik), déi „anonym Chrëschten“, laut Rahner. An dëser „scheier Frëmmegkeet“, déi sech vun traditionelle kierchleche Formen ewechhällt an déi d'reliéis Sprooch net méi beherrscht, lieft den Zachäus weider. Iwwerflächlech gesinn, deet sech näischt, mä wat an der Déift vir sech geet, wësse mer net. „Wer aber das Herz sieht, ist der Herr.“ (1 Sam 16,7)
Den Atheismus, dee géint e Gott protestéiert, deen net agräift, kënne mer net anescht besiigen als wéi ën ze ëmäerbelen, ouni en ze akkaparéieren. „Mäin Opdrag ass et, am Häerz vun der Kierch Léift ze sinn“, esou dréit déi kleng Thérèse an hiert Tagebuch an. An dës Léift huet si ausdrécklech déi Netgleeweg mat opgeholl an erageholl.
3. Léif Matchrëschten! Vläicht ass eis ganz Zivilisatioun an der Situatioun vum Zachäus. De Jesus ass bei hir laascht gaangen an hat se mat hirem Numm geruff. Mä laang ass et hir. Ass et méiglech, deem midde Glawen erëm neit Liewen anzehauchen? Dass de Jesus erëm zréckkënnt an dat grousst Haus vun eiser Zivilisatioun? Esou wéi et nach vill Zachäus-Mënsche gëtt, déi op hirem Beobachtungsposte sëtzen. Missten si net op en neits mat hirem Numm ugesprach ginn, geruff ginn?
4. De Jakob am AT hat duerch eng List de Seege vum Papp Isaak u sech gerappt, well den éischtgebuerenen Esau ze spéit komm war. Mä och den Esau geet net ouni Seegen aus. Auserwielt sinn heescht net, dass net och anerer auserwielt kënne sinn. Dass mir Gott no sinn verhënnert net, dass anerer mat Gott hir eegen, väicht aner Allianzen agaange sinn. Den Herrgott huet seng Lieblingen, hiren Numm dréit hien „in pectore“, an der Intimitéit vu sengem Häerz. De Karl Rahner huet emol ganz schéi gesot, dass „Gott mit jedem seine eigene Geschichte hat, ob es sich nun um einen Gläubigen oder einen Atheisten handelt“.
Nodeems de François Mauriac en Text vum Gabriel Marcel geliest hat, schreift en deem: „Firwat sidd der net scho laang ee vun äis?“ De G. Marcel gesäit doran en Opruff vu Gott, konvertéiert a léisst sech deefen. Wann et ëmmer esou einfach wier... An dach, wann ee verschidde Leit gesäit, kënnt engem d'Fro – a vläicht sollt een hinnen se jo och emol stellen: „Firwat sidd der net scho laang ee vun äis?“ All déi, di eescht an éierlech iwwer wichteg Saachen nodenken oder déi bewosst an déif wierklech Freed oder echte Schmäerz erliewen. Wéi a winni kënne mer deenen, déi wäit ewech sinn, soen, dass si eigentlech ganz no sinn?
Esou wéi déi franséisch Jüdin Simone Weil. Obwuel si Déifsënneges geschriwwen hat iwwer d'Sakramenter, lehnt si bis zum Schluss of, gedeeft ze ginn. Si wollt bewosst am „Virzëmmer“ vun der Kierch bleiwen; si wollt éischter fir d'Kierch stierwen als wéi hir bäizetrieden; se verseet sech dat, wouno se eigentlech verlaangt huet. Si ass iwwerzeegt, dass de sehnsüchtegen Honger vum Mënsch no der Gnod hien hir genee esou nobrénge kann wéi d'Sakramenter. Si verbleift an der Stëllt vum Karsamschdeg. Si schreift, d'Kräiz giff hir durgoen.
5. Op Gott waarden, dat geschitt net nëmmen am „Virzëmmer“ vum Glawen, mä et gehéiert zum Glawe selwer. Well wat ass de Glaf aneres wéi Offesinn fir d'Verbuergenheet vu Gott, e couragéiert Jo vun eiser Hoffnung erageschwat an d'Schweige vu Gott.
Léiwe Brudder, léif Schwëster, déi's de vläicht méi kritesch all di Saache kucks. Vläicht ass jo net dat Allerwichtegst, ob's du d'Gewëssheet hues u Gott ze gleewen. Wesentlech ass, dass Gott un dech gleeft. Dass de dovu weess, soll fir dësen Ablack durgoen. – Komme mer zréck bei den Zachäus. De Jesus ergräift d'Initiativ. Den Zachäus kuckt zwar an ass um Siche mat der Spektiv, mä virun allem awer gëtt hie selwer gesicht; hie fënnt, well e selwer fonnt gëtt. Gott ass deen éischten, dee sicht.
An och de Glawen, wann e lieweg ass, huet säin An- an Ausotmen, seng Deeg an Nuechten. Gott schwätzt net nëmmen duerch säi Wuert, mä och duerch säi Schweigen; hie ried d'Mënschen net nëmmen vun nobäi un, mä och vu wäit ewech. Den Zachäus ass de Patréiner vun all deenen, déi sichen. Och ausserhalb vun de kierchleche Reim, op deene Plazen, wou déi Fromm sech net verieren, muss Gott seng Leit hunn – an deene verschlongene Labyrinther vum Sichen a vum Taaschten. A gëlt net och fir si d'Wuert vum Jesus: „Du bass net wäit vum Räich Gottes.“
Maria! Bei dech kommen an der Oktav vill Mënschen. Net all hu si en immens grousse Glawen, hei bei dir awer spiere si all e Stéck Heemecht, do fanne si Zouneigung a Wäermt. Emfiel si dengem Jong! Amen.