Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Bieden – eng Sehnsucht

$
0
0

D'Priedegt lauschteren

Download
Quell: Radio DNR

1. En SED-Politbureaumember aus der fréierer DDR huet seinerzeit en eegenaartegt Bekenntnis ofgeluecht iwwer déi eigentlech Ursaache vun der historescher Wende vun 1989, wou d'Berliner Mauer gefall ass: „Wir hatten alles geplant, wir waren auf alles vorbereitet, nur nicht auf Kerzen und Gebete.“ D'Kraaft vum Gebied! De Bernhard Meuser schreift: „Ich halte Gebet für etwas Großes. Ich glaube, dass man mit Gebeten seine persönliche Umwelt und seine eigene Verfassung verändern kann, selbst in scheinbar aussichtsloser Lage.“ Schwätze mer also iwwer d'Bieden.

2. Bieden ass zudéifst natierlech, et befreit, et stëft Sënn. Ech schwénge mech an op dat, wat d'Welt am Innersten zesummenhällt a wuefir mer de Numm Gott gebrauchen. Bieden ass de séierste Wee, fir an d'Häerz vum Universum ze dréngen. Bieden verbënnt Mënschen, well andeems ech fir en anere Mënsch bieden, sinn ech him méi no wéi alles. Biede rengegt a mécht glécklech. Bieden hëlleft mer an der Versuchung, mécht staark an der Schwaachheet. Biede ka mer d'Angscht huelen, gëtt méi e laangen Otem beim Schaffen.

Bieden aus Sehnsucht – dem Bernhard Meuser seng Iwwerzeegung an sengem spirituelle Buch, „Beten. Eine Sehnsucht“. Sehnsucht, do ass de ganze Mënsch am Spill. Sehnsucht kann een net erbäikommedéieren, se kënnt do, wou d'Séil sech entfale kann. Sehnsucht heescht ugezu ginn a sech wëlle verschmëlzen. Sehnsucht ka gi wéi e wëllt Feier.

Richteg Sehnsucht ass net zefridde mat de Saache, wéi se sinn. Se wëllt driwwer erausgoen, wëllt weider, ëmmer weider, ëmmer méi. Hiert wonnt Häerz sicht no Heemecht, Ausrouen, Vereenegung. De Mënsch fënnt seng Erfëllung just an eppes, wat méi grouss ass wéi hie selwer, oder e fënnt gur keng Erfëllung. Wier Gott net do, da wier de Mënsch wéi eng ausgestreckten Hand, déi näischt kritt; e Kreesch, deen net gehéiert gëtt, eng offe Wonn, déi ni heelt. D'Gebied ass d'Sprooch vun der Sehnsucht – déi Sprooch, déi Gott versteet.

An allen Héichkulture vun der Welt gëtt et d'Iwwerzeegung: Hannert deem, wat ass, waard e Gesiicht. Deenen, déi soen: „T'gëtt jo vläicht eppes iwwert äis, awer et ass net unzespriechen“, gleewen ech net. Dass deen, deen d'Welt gemat huet a se an hirem Dosinn erhällt, méi domm oder herzlos oder manner bemëttelt soll si wéi seng Erfindungen – an also e Krack drënner giff leien –, kann ech dach wuel net unhuelen.

Gott wier eng Projektioun, e Wonschobjet, eppes wat mer äis erdreemen – deem hällt de Manfred Lütz den „Gottesbeweis aus der Sahnetorte“ entgéint: Dass mer äis eng Schlagsahnstaart wënschen, beweist net, dass et Schlagsahnstaart gëtt – ok! –, glécklecherweis awer och net de Contraire, gitt emol an de Namur kucken... Applikatioun: Dass de Mënsch a senger Nout u Gott appelléiert, schléisst net aus, dass et e wierklech gëtt als deen, dee rettend a befreiend agräift.

Ech ka näischt ufänke mat Virstellungen, déi Bieden fir langweileg, inefficace, onmodern oder wëssenschaftlech depasséiert halen. Ech wëll iech, léif Pilgerinnen a Pilger, Loscht op Biede maachen. Maacht et einfach! Och wa se laachen. T'war schon ëmmer strapaziös, e besonnesche Goût ze hunn. Trëtt einfach an d'Gespréich a mat deem, deen iech aus Léift huet entstoe loossen, deen iech voll Léift ukuckt an op näischt méi sehnsüchteg waard, wéi dass dir seng Frëndschaft, säin Ouer sicht. Bieden ass bei engem Frënd sinn, mat deem ee gär a gär alleng zesummen ass, well ee wees, dass en ee gär huet.

Bieden ass Otmen: d'Geschenk vu Gott ophuelen, a sech anotmen, meng Séil dermat fëllen, mech him higinn, dat erëm ausotmen an esou am Austausch mat him liewen. Gott sprécht äis ni anonym un. Hie rifft äis ëmmer bei eisem Numm. Mer hunn ëmmer Eenzelaudienz. E lauschtert äis exklsiv no, esou wéi wann et op der ganzer Welt keen anere Gespréichspartner giff ginn. E schwätzt och duerch meng onmettelbar Erfarung, „Gott umarmt uns mit der Wirklichkeit“, seet e sënnege Sproch.

Gebied ass, op d'Stëmm vun der Léift ze lauschteren. Akzeptéiert ginn ouni Bedingungen, absolutt gär gesi ginn, mat grenzenloser Léift ugekuckt ginn, dat ass dat déifst Verlaangere vum Mënsch. Ech ginn zou: Ech ka net stännech d'Hänn falen. Awer ech ka bei allem, wat ech maachen, d'Häerz bei Gott erhiewen.

D'Gebied ass wéi d'geeschtegt Grondwaasser vun der Kierch, schreift de fréiere Bëschof Joachim Wanke vun Erfurt: All eist Wierken gëtt eréischt fruchtbar duerch d'Gebied. D'Grondwaasser gesäit een net, awer eréischt wann et do ass, gëtt e Gaard oder e Feld fruchtbar. Bieden heescht also, an d'Déift erofbueren an un d'Grondwaasser erukommen, besonnesch a Situatiounen, wou et ganz havy oder profan zougeet.

3. Déi verschidde Forme vu Gebied kann een a folgender Geschicht erëmfannen: An enger Famill gëtt de Gebuertsdag vum Papp gefeiert. Se gratuléieren der Rei no. Dee jéngste kënnt, en huet e klengt Gedicht auswenneg geléiert a seet et op, ouni Feeler. Deem eelste Jong war dat ënnert senger Würde, eppes Geléiertes opzesoen. Hien huet eng kleng Ried verfaasst, déi e gekonnt virdréit. De Papp ass stolz op säi Jong. Dat klengt Meedchen tuddelt ganz opgereegt an iwwerreecht dem Pappi Blummen. Deen tréischt et an hëllt et op den Aarm. Schlisslech kënnt seng Fra un d'Rei, si huet kee Cadeau, si kuckt hire Mann einfach un, mat deem se schon zwee Jorzéngten d'Liewen deelt. Si versti sech och ouni Geschenk an ouni Wierder. An dësem Bléck läit alles.

Dat sinn also déi véier Gebiedsformen, all Kier awer geet et ëm Kommunikatioun, Kommunikatioun an der Léift: dat mëndlecht Gebied, dat sech op traditionell Formelen an ausformuléiert Wierder stäipt; dat fräi formuléiert Gebied, den onartikuléierte Ruff an der Nout, dat einfacht Kucken a Verweilen als d'Gebied vum Häerz – de Pater Willi Lambert seet: „Zeit beim Liebsten, beim Aller-, Allerliebsten zu sein“.

Vill Katholike fleegen d'Rousekranzgebied, grad an der Oktav. Hien hällt äis bei der Saach. Och fir d'Mutter Teresa war de Rousekranz deen eenzegen Accessoire, dee si bei Jesus Christus gefouert huet. Dobäi ass Maria net Endstatioun, si ass duerchlässeg a féiert weider bei Christus. De Rousekranz ass kee Relikt aus dem Kitscharsenal vu kathoulescher Volleksfrömmegkeet, mä eng wäertvoll Hëllef, fir bei de Jesus ze fannen.
A wa mir net biede kënnen, hale mer eist Häerz an de Gebiedsstroum vum Hl. Geescht eran, hie bied da fir äis a mat äis. Dann ass säi Liewen a mengem Liewen, a mäi Liewen a sengem. Dat geschitt och, wa mer an der Kathedral einfach esou sëtzen a Maria stëllschweigend ukucken. De Paul Claudel schreift a senger Vierge du Midi: „Il est midi, je vois l'Église ouverte, Il faut entrer. Mère de Jésus-Christ, je ne viens pas prier. Je n'ai rien à offrir et rien à demander. Je viens seulement, Mère, pour te regarder... Rien que pour un moment, pendant que tout s'arrête. Midi! Être avec toi, Marie, en ce lieu où tu es; ne rien dire, regarder ton visage, laisser le coeur chanter dans son propre langage.“
Bieden, léif Matchrëschten, heescht, Gott äntwerten, net nëmme mat Wierder, mä mat der ganzer Existenz, duerch e responsabelt Liewen. Hei verleeft och d'Grenz tëscht explizitem Glawen an implizitem Glawen. Deen éischten, déi explizit Form, gëtt mat Wierder reflektéiert, bewosst gemat an ausgedréckt. Mä och bei Mënschen, déi sech zu kengem Glaf bekennen, kënne mer an hirem Handelen implizit Wäertvirstellunge fannen, déi hirersäits fir eng Glaubenshaltung wiesentlech sinn. Och si tendéieren op Gott. „Aber ein paar offene Fragen – das wäre schon mal ein Anfang.“ Esou de Matthias Matussek. Mer sollten äis also hidden virun enger Schwaarz-Wäiss-Sichtweis an enger einfach gestréckter Grenzzéiung, déi ging Leit ausschléissen...

4. Léif Bridder a Schwësteren. Net Gott brauch d'Gebied, mä mir. T'ass eng radikal Form vun Opsinn, de Contraire vun zougeknäppt a verschlosse sinn. Wie bied, dee weist, dass en sech selwer net durgeet an dass en et net dobäi beléisst, wat en aus sech selwer fäerdeg bréngt. E weess, datt e bedürfteg ass a stellt sech deem, e mécht sech emfänglech. Duefir verännert och d'Bieden äis, op Gott hin.

De Philosoph Husserl huet emol gesot, dass déi Mënschen eigentlech net stierwen, mat deene mer frou waren, well mer spieren, dass a wéi se äis iwwer d'Schëller kucken an eist Maachen a Striewen entweder bëllegen oder mëssbëllegen. Bieden heescht sech vergegenwäertegen, dass ech gesi ginn. An esou kann et sinn, dass esou vill Ae vu Mënsche mech ukucken, mat deene mech Léift a Vertraue verbonnen hunn, a mer bei mengem onséchere Siche nom Wëlle vu Gott einfach hëllefen. Jo, och si béiden déisäit fir mech, fir äis.

A ville Reliounstraditiounen ass d'Gebied de Wee, mat Gott och iwwert eis Ängschten ze schwätzen an esou d'Angscht ze verwandelen. Virun him kann ech meng Angscht zouloossen an se ausdrécken. Da verléiert se hir Muecht iwwert mech. Ech fille mech mat menger Angscht vun him ugekuckt a gedroen. Am Gebied kann ech hie froen, wat e mer duerch d'Angscht soen, wourun e mech erënnere wëllt. Op Gethsemani huet de Jesus seng Doudesangscht am Gebied iwwerwonnen. En iwwerspréngt se net, en hällt Gott se dohin. Andeems en se him vis-à-vis aussprécht, ka se sech transforméieren. De Pater Anselm Grün formuléiert et esou: „Das ist das Ziel allen Betens: Wir beten nicht gegen unsere Angst, sondern mit unserer Angst. Sie verweist mich auf Gott, ist also nicht mehr der Feind, den ich bekämpfen muss, sondern der Freund, der mich zu Gott führt... Indem ich mich Gott ergebe, löst sich meine Angst auf.“

5. Maria! Bei dir, mat dir, zou dir biede mer. Du reechs eis Gebieder weider un däi Jong. Du intervenéiers fir äis. Du hues däi Schicksal an du hues d'Heilsgeschicht vum Jesus an dengem Herz meditéiert. Léier äis bieden, a bied du fir äis! Am Lidd „Klagt in Leid“ sange mer: „Mutter Jesu, des Geliebten. Süße Tröstrin der Betrübten. Bitte, bitte Gott für uns.“ Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411