22 De Jesus ass duerch Stied an Dierfer gezunn an huet d'Leit geléiert; esou ass hien säi Wee op Jerusalem zou virugaang.
23 Du sot een zu him: “Här, sinn et der nëmme just e puer, déi gerett ginn?” Hie sot zu hinnen:
24 "Gitt iech drun, fir duerch déi schmuel Dier eranzegoen, well ech soen iech: Vill probéieren der, fir eranzegoen, ma si bréngen et net fäerdeg!
25 Soubal den Haushär opgestan ass an d'Dier zougespaart huet, stitt dir dobaussen, klappt un d'Dier a sot: 'Här, maach äis op!', an dann äntwert hien iech: 'Ech weess net, wou dir hierkommt.'
26 Da fänkt dir un ze soen: 'Mir hunn dach bei dir zou giess a gedronk, an op eise Stroossen hues du äis geléiert!'
27 An da seet hien zu iech: 'Ech weess net, wou dir hierkommt. Ewech vu mir, dir alleguer, déi dir soss näischt wéi Ongerechtegkeet opweises hutt! '
28 Dobaussen, do jéimert dir dann a grätscht mat den Zänn, wann dir den Abraham, den Isaak, de Jakob an alleguer d'Prophéiten am Herrgott sengem Räich gesitt, selwer awer erausgehäit gi sidd.
29 Vu Sonnenopgang a Sonnenënnergang, vun Norden a Süde kommen si hier a sëtzen sech am Herrgott sengem Räich un den Dësch.
30 A kuckt, et gëtt Leschter, déi ginn dann déi Éischt, an et gëtt Éischter, déi ginn dann déi Lescht."
KONTEXT
Zënter Lk 9, 51 ass de Jesus ënnerwee op Jerusalem zou, dem Zentrum vun der juddescher Relioun an Ausgangspunkt vun der chrëschtlecher Verkënnegung no Ouschteren ; Jerusalem ass och déi Plaz, wou ëmmer erëm an der Geschicht vum juddesche Volléck Prophéiten ëmbruecht goufen, wou wéinst et Jerusalem dann och schlecht ergeet (cf. z. B. Lk 13, 31ff) ; ënnerwee an de Stied an an den Dierfer léiert de Jesus d'Jünger an och d'Leit, mee quasi permanent spiert een wéi de Schiet vun deem, wat zu Jerusalem geschitt (der Passioun) iwwert deenen eenzelnen Erzielungen (cf. V. 22) leien (am Griichesche steet ‘Ierosolyma' als lescht Wuert am Saz, wouduerch et extra betount ass, och wann de Lk net de griichesch-bibleschen Numm ‘Ieroysaläm').
TEXT
De Jesus ass duerch Stied an Dierfer gezunn an ... (V. 22) :
Doduerch, datt an engem Saz steet, datt hien d'Leit geléiert huet an an engems de Wee op Jerusalem zou virugaangen ass, kritt déi Erzielung, déi elo ufänkt eng besonnesch Fuerw an eng bestëmmten Autoritéit.
Du sot een zu him : « Här, sinn et der nëmme just e puer, ... ? » (V. 23) :
Et gëtt net gesot, wien déi Fro stellt, also war dat fir de Lk net wichteg. – Et däerf een op d'Äntwert gespaant sinn, well no de Vv. virdrun (Vv. 18-21) misst een dach méngen, datt fir jiddferee Plaz ass an dem Herrgott sengem riisege Räich. – Zu dier Zäit, ënnert Réimescher Okkupatioun a wou eng grouss Messias- an endzäitlech Erwaardung ënnert de Leit war, ass d'Fro hefteg diskutéiert ginn, wien dann an dem Messias säi Räich erakéim (cf. dat apokrypht 4Esra 8, 1 ; 9, 16). Aner Rhabbiner allerdings waren der Usicht, datt jiddfer Member vum Vollek Israel gerett géif, wéinst dem Abraham senger. D'Iddi, datt net jiddfereen do eragelooss géif, geet wahrscheinlech op ‘de klenge Rescht' vu Leit zréck, vun deem d'Prophéiten zu Zäite vum Exil zu Babylon (587-538 V. Chr.) geschwat hunn (cf. Jes 37, 32 ; Esra 9, 15).
Hie sot zu hinnen : « Gitt iech drun, fir duerch déi schmuel Dier ... (Vv. 23-24) :
Et ass also net d'Zougehéiregkeet zu engem bestëmmte Vollek, déi driwwer décidéiert, ier ee gerett gëtt, d.h. an dem Herrgott säi Räich erakënnt, mee dat individuellt Sech-Méi-ginn. Dat Wuert, dat mat ‘gitt iech drun' iwwersat ass, konnt deemools och d'Bedeitung hu vu ‘kämpfen' (agonidsomai, och fir de sportleche Wettkampf ; an de Paulus-Bréiwer gëtt d'Wuert méi dacks an deem Sënn gebraucht, cf. Kol 1, 29 ; 2, 1 ; Phil 1, 27. 30 ; 1Tim 6, 12 ; 2Tim4, 7 ; Heb 12, 1-3).– Dem Herrgott säi Räich = dee Begrëff, deen dem Jesus säi Message auszeechent ; e bezitt sech op d'Zäit an op de Raum an deene Gott maassgebend ass ; dëst ‘Räich' huet ugefaangen ze gi mat dem Jesus sengem Wierken an et ass zënterhir amgaangen ze ginn, do, wou Mënschen hiirt Liewen dem Evangelium no ausriichten. – D'Dier, déi hei geméngt ass, ass eng Hausdier (thyra ; net eng Stadpoart/'pylä' wéi a Mt 7, 13f). De Jesus mécht wéi eng kleng Paus (‘well ech soen iech'), fir dat z'ënnersträichen, wat da kënnt : vill probéieren der fir eranzegoen, just e puer der bréngen et awer fäerdeg, also, gitt iech drun. – An engems gëtt d'Gläichnes vun de Vv. 25-27 virbereed.
Soubal den Haushär opgestan ass an d'Dier zougespaart huet ... (Vv. 25-27) :
(Iergendwéi erënnert dëst kuerzt Gläichnes un déi lous Jofferen aus Mt 25, 11f.) Déi schmuel Dier ass elo zougespaart. ‘Ech wees net, wou dir hierkommt' = ech kennen iech net, woubäi de Sënn dann deen ass, vun ‘enger Erfahrung maachen/gemaach hu mat', d.h. den Haushär (wou deemools jiddfereen automatesch verstanen huet, datt domadder Gott a Jéngsterdag geméngt sinn, well déi Biller gebräichlech waren) huet keng Relatioun zu deenen, déi dobaussen un d'Dier klappen, well, obschonns si ‘physesch' dobäi waren, waren si et anscheinend net mat ganzem Häerz, an hirem Handelen an Denken (cf. d'Zitat vum Ps 6, 9-11 am V. 27 ; ‘Ongerechtegkeet opweises hunn' = z. B. fir de Lk de Judas, cf. Apg 1, 18). Wann een de Ps 7, 9-11 noliest, da missten hei mat deenen, déi ‘soss näischt wéi Ongerechtegkeet opweises hunn', déi geméngt sinn, déi wuel sech interesséiert hunn, awer net de Schratt gemaach hu Jünger ze ginn, resp. déi, déi d'Chrëschte verfollegen (wou tëscht den Zeilen d'Situatioun vum Lk senger Chrëschtegemeinschaft duerchschéngt ; si musse ‘kämpfen', sech dru ginn, och wann d'Situatioun net roseg ass).
Dobaussen, do jéimert dir dann ... (V. 28) :
Obschonns si dobausse stinn, kënnen si dat gesinn, wat hinnen laanscht d'Nues geet. – D'Bild, dat hei gebraucht gëtt ass dat vum ‘messianesche Festiessen', wou déi Gerett zesumme mat de Patriarchen an de Prophéiten ëmt een Dësch sëtzen (cf. Jes 25, 6 ; Lk 14, 15ff ; 22, 16. 18. 30 ; 16, 22). – D'Reaktioun vun de Leit, déi do stinn nozelauschteren, resp. vun deem, deen d'Fro (V. 23) gestallt huet, ginn net verzielt - well si sinn hei geméngt.
Vu Sonnenopgang bis Sonnenënnergang ... (Vv. 29-30) :
Et sinn d'Mënschen all, déi geruff sinn (cf. Dtn 30, 4 ; Jes 2, 2-5 ; 25, 6-8 ; 43, 5f ; 56, 6-8 ; 60 ; 66, 18-21 ; Ps 107, 3 ; Dtn – wat duerchaus d'Erfahrung war vum Lk senger Chrëschtegemeinschaft, wou vill Heedechrëschten dra waren), net nëmmen Israel, och wann si als Eischt geruff waren an elo a Gefor waren, déi Lescht ze ginn a Jéngsterdag dobaussen ze stoen, well si de Jesus net ugeholl hunn - natierlech verallgeméngert de Lk hei am V. 30, well et jo awer eng ganz Partie Leit aus dem Vollek Israel gouf, déi Chrëschte gi sinn. Et sinn dëst geféierlech Sätz, déi am Laf vun der Geschicht vill Leed iwwert d'Judde bruecht hunn. – An och wann d'Mënschen aus alle véier Himmelsrichtunge geruff sinn, et geet net vum selwen – si mussen sech dru ginn, well kee wees, wéini d'Dier zougespaart gëtt.