1 Wéi de Jesus eng Kéier um Sabbat an engem vun de Pharisäer hiren Ieweschte säin Haus gaang ass fir z'iessen, hunn si hie stänneg am A behal.
7 Well hien an Uecht geholl huet, datt d'Gäscht sech d'Éiereplazen erausgesicht hunn, huet hien hinnen e Gläichnes erzielt. Hie sot:
8 "Wann s du vun engem op eng Hochzäit ageluede gi bass, da sëtz dech net op d'Éiereplaz! Et kéint jo sinn, datt méi en Dichtege wéi s du ageluede gi wär,
9 an datt deejéinege kéim, deen iech agelueden huet, an zu dir soe géif: 'Looss him hei dës Plaz!' Da misst du ufänken, voll Schimmt op déi lescht Plaz ze réckelen.
10 Neen – wann s du ageluede gi bass, da géi sëtz dech op déi lescht Plaz, fir datt deejéinege kënnt, deen dech agelueden huet, an zu dir seet: 'Mäi Frënd, réckel méi wäit erop!' Dat ass fir dech dann eng Éier virun all deenen, déi mat dir um Dësch sinn.
11 Well jiddereen, deen sech selwer erhéicht, gëtt erofgesat, a wien sech selwer erofsetzt, dee gëtt erhéicht.“12 Zu deemjéinegen, deen hien agelueden hat, sot hien:”Wann s du e Mëtteg- oder en Nuechtiesse gëss, da ruff weder deng Frënn nach deng Bridder nach deng Famill nach räich Noperen, fir datt si dech net och nees alueden an datt s du et esou erëmkriss!
13 Neen – wann s du en Iesse gëss, da ruff Aarmer, Krëppelen, Schlammer a Blanner!
14 Da gëss du glécklech, well si et nämlech net hunn, fir dir et erëmzeginn. Du awer kriss et hannescht bei der Operstéiung vun deene Gerechten!"
KONTEXT
D'Lk ass dat eenzegt vun den Evangelien, wou Pharisäer de Jesus fir z'iessen invitéieren (cf. 7, 36 ; 11, 37 ; 14, 1) ; a Lk 13, 31 warnen si hien esouguër virum Herodes Antipas. Wahrscheinlech ass de Lk domadder méi no bei der historescher Wourecht wéi déi aner dräi, deenen hiirt Bild gedréiwt ass duerch d'Spannungen tëscht de Pharisäer (déi no der Zerstéierung vu Jerusalem a vum Tempel versicht hu vum Juddentum ze retten, wat ze rette war), an der Urkierch (wou vill Chrëschten, déi virdru Judde waren, weiderhin an d'Synagog gaange sinn an esou eng Randgrupp waren, déi stéiert, wann e Grupp versicht sech no baussen hin nei ze definéieren). – Hei a Lk 14 bitt d'Invitatioun bei e Pharisäer Heem d'Geleeënheet fir 1. eng Heeelung um Sabbath ze verzielen (14, 1-6, ähnlech wéi déi a Lk 6, 6-11 ; 13, 10-17) a fir 2., vum Behuele beim Iessen auszegoen, fir d'Gäscht doriwwer ze (be-)léieren (Vv. 7-24) – eng Szeen, wéi se och bei den heedneschen Auteure vun dier Zäit heefeg fir philosoophesch Diskussioune genotzt gëtt. – Duerno, am V. 25 geet de Jesus weider op sengem Wee op Jerusalem, op d'Passioun zou.
TEXT
Wéi de Jesus eng Kéier um Sabbat an engem vun de Pharisäer ... (V. 1) :
Si hunn hie wahrscheinlech am A behalen, well hie scho virdrun um Sabbat Leit geheelt huet (cf. 6, 6ff ; 13, 10ff) ; de Sabbat war (an ass bis haut a konservative Kreeser) héichhelleg a vun enger ganzer Rëtsch vu Geboter a Verbueter agerummt, wéi vu Schutzmaueren, d'selwescht iwwregens wéi déi aner Geboter aus der Torah – esou huet ee scho missten aner Geboter iwwertrieden, éier een a Gefor war, d'Gebot selwer ze mëssuechten. – D'Pharisäer waren oprichteg drëms beméit sech un all déi Geboter ze halen (et gouf der esouvill wéi Schanken am Mënsch sengem Skelett) ; natierlech gouf et och do Schäinhelleger, mee, hire schlechte Ruff kruten d'Pharisäer awer haaptsächlech no der Versammlung vu Jamnia (ugefaangen ëmt 72, no der Zerstéierung vum Tempel a vu ganz Jerusalem), wou si versicht hunn d'Juddentum ronderëm d'Synagog nei ze definéieren an e Saz an d''18-Bitte-Gebied' bäigeflickt hunn, mat deem Judde-Chrëschten sech an hir Glawensbridder selwer verflucht hätten, wann si et, wéi all fromme Judd, privat an an der Synagog gebied hätten. – Historesch gesinn, ass dem Jesus seng Haltung vis-à-vis vum Sabbat ee vun de Grënn gewierscht, firwat hien huet misste stierwen (an Zäite vu feindlecher Okkupatioun, duerch d'Réimer, kënnen déi eegen Autoritéiten net dëlden, datt eppes, dat d'Identitéit vum eegene Vollek ausmécht, a Fro gestallt gëtt, woumadder hir eegen Autoritéit mat a Fro gestallt gewierscht wier9.
Well hien an Uecht geholl huet, datt d'Gäscht sech d''Eiereplazen ... (Vv. 7-11) :
‘Eiereplazen' = wuertwiertlech ‘d'Eierebetter' (wéi et deemools Usus war, sech bei festlechen Iessen ze leeën). - Wéi an der heednescher Litteratur versammelen sech Gäscht ëmt e Léiermeeschter (z. B. e Philosooph), an hiirt Behuele bitt da Geleeënheet fir ze diskutéieren ; mee, de Jesus diskutéiert net, hie verzielt hinnen e ‘Gläichnes', wat hei awer éischter eng Léier vu Behuelen a Gesellschaft ass, wéi mer se aus der Weisheetslitteratur kennen (Vv. 8-10, cf. Spr 25, 6-7 ; cf. och Lk 20, 46). – De V. 11 bréngt et dann op de Punkt (cf. Mt 23, 12 ; Ez 21, 31 ; Lk 16, 15 ; 18, 14): am Herrgott sengem Räich gëtt alles op d'Kopp gedréint (dee 'gëtt erofgesat' a ‘gëtt erhéicht' si ‘passifs divinse', déi undeiten, datt hei Gott um Wierken ass). – Wann een elo kuckt, wéi dacks déi Saach mat sech déi bescht Plazen eraussichen an den Evangelie virkënnt, da schéngt dat effektiv eppes Opfalendes a bestëmmte Kreser gewierscht ze sinn, an et muss een sech froen, ier dat dann, well drop insistéiert gëtt, net och (schonn) e Problem an der Chrëschtegemeinschaft war...
Zu deemjéinegen, deen hien agelueden hat, sot hien : « ... (Vv. 12-14) :
Den Opruff, deen de Jesus un de Pharisäer mécht, ass eigentlech en duebelen, engersäits fir allméiglech Oarmer z'invitéieren, anerersäits fir näischt Retour z'erwaarden. – De Lk ënnersträicht ëmmer erëm dem Jesus seng Virléift fir déi Arem (cf. 4, 18 ; 6, 20 am Géigesaz zu Mt 5, 3; Lk 7, 22 ; 10, 21 ; 14, 11.13.21 ; 16, 19ff ; 18, 14 ; 19, 8) ; hei verbënnt hien säi Rot/Opruff mat enger Zouso, d'selwescht wéi an der ‘Feldried', dem Pendant zum Mt senger ‘Biergpriedegt' (Lk 6, 32-34). – Well am V. 14 steet ‘bei der Operstéiung vun deene Gerechten' (cf. och 20, 35) gëtt heiandsdo gesot, de Lk hätt geduecht, nëmmen déi Gerecht (= an der biblescher Sprooch, déi, déi sech dem Herrgott sengem Wëllen no riichten) géifen operstoen ; mee, an Apg (dem 2. Deel vu sengem Wierk) 24, 15 schreiwt hien awer esou wuël vun enger Operstéiung fir déi Gerecht, wéi fir d'Sënner. Zur Zäit vum Jesus/Neien Testament gouf et déi zwou Opfaassungen am Juddentum, grad wéi d'Sadduzzäer iwwerhaapt net un e Weiderliewen nom Doud gegleewt hunn. – Am V. 15 gräift dann ee vun de Gäscht dem Jesus seng Wierder op, wat et dem Lk erlaabt dem Jesus seng Léier ëmt d'Iessen an déi geruffe Gäscht weider duerzeleeën. – Déi urchrëschtlech Missionaren haten eng Technik, déi mer haut déi vum ‘mot-crochet' nennen ; Lk 14, 1-24 ass ee Beispill heifir, well ronderëm en ''Iessen' an d''Gäscht' verschidde Léieren/Aussoen uneneegereit sinn, fir datt se sech besser auswendeg verhalen.