5 D'Apostele soten zum Här: “Looss eise Glaf méi grouss ginn!”
6 Den Här huet geäntwert: "Wann äre Glaf och nëmmen esou grouss wär wéi e Moschterkär, da géift dir zu dësem Molbierfigebam soen: 'Zéi deng Wuerzelen eraus a verplanz dech an d'Mier!' – an hie géif iech follegen.
7 Wann ee vun iech e Kniecht huet fir ze plouen oder fir d'Véi ze hidden an dee kënnt vum Feld heem, seet hien dann éiren zum Kniecht: 'Komm direkt heihin a sëtz dech un!'? 8 Seet hien net éischter zu him: 'Maach mir eppes z'iessen, do d'Schiertech un a bedéng mech, bis ech giess a gedronk hunn; duerno kanns du dann iessen an drénken!'?
9 Huet hien éiren e Merci fir de Kniecht, well deen dat gemaach huet, wat hien ugestallt ginn ass?
10 Esou sollt och dir soen, wann dir alles gemaach hutt, wat dir ugestallt gi sidd:
'Mir sinn onnëtz Kniecht; mir hu soss näischt gemaach wéi eis Flicht a Schëllegkeet.'"
KONTEXT
Zur Erënnerung : mer sinn um Wee erop op Jerusalem (Lk 9, 51-19, 28), wou d'Passioun sech ukënnegt. An dësem Deel vum Lk fanne mer vill Aussoe vum Jesus (sief et un d'Adress vun Israel, sief et un seng Jünger, d' ‘Léierbouwen'), den Akzent ass op d'Aussoe geluecht, an net wéi anerwäerts op Heelungen oder Ëmschreiwunge vun dem Geheimnis, dat ëmt de Jesus dréint. Hei elo, um Ufank vum Kapitel 17 kréien d'Jünger eng Lektioun iwwert d'Liewen an enger (chrëschtlecher) Gemeinschaft (Vv. 1-3 ; 4 ; 5-6 ; 7-10 ; evtl. och 11-19).
TEXT
D'Apostele soten zum Här : « Looss eise Glaf méi grouss ginn ! » (V. 5) :
D'Vv. 5-6 hunn e Paralleltext a Mt 17, 20, si hunn also gutt Chancen aus der ‘Source Q' = der ‘Redequelle' = enger ganz aler Sammlung vun Aussoen, déi bis op de Jesus zréckginn, ze stamen. – Et sinn net d''Jünger', mee, d''Apostelen' (= déi 12, déi déi Gutt Noriicht sollen an d'Welt eraus droën, cf. Lk 6, 13 ; 9, 10 ; 11, 49 ; hei ; 22, 14 ; 24, 10), déi, vläicht erféiert duerch dat, wat an de Vv. virdru gesot gëtt, mierken, datt hire Glaf (am biblesche Sënn : hiirt Vertrauen an e Gott, deen et gutt mat hinne méngt) méi grouss si kéint. – Si froen ‘den Här' ëmt méi e grousse Glaf, woubäi d'Uried ‘Här' gebraucht gëtt fir deen Operstanenen – d.h. hei steet och am Hannergrond déi urchrëschtlech Gemeinschaft, déi, aus hirem Ëmgank mat Aussoen, wéi deenen an de Vv. 1-4, ëmt Hëllef freet. - Wann dee Glaf méi grouss soll gi gelooss ginn, dann heescht dat och, datt déi éischt Chrëschten, déi dervun iwwerzeegt waren, datt de Jesus ganz séier erëmkéim, lues a lues mierken, datt dat Ëremkommen (= d'Parousie') dann dach net esou séier wéi erhofft geschitt.
Den Här huet geäntwert : « Wann äre Glaf och nëmmen ... (V. 6) :
De Moschterkär = dee klengste Somkär (cf. Mt 13, 32 ; Mk 4, 31) ; de Molbierfigebam (oder evtl e Molbierbam, deen awer méi kleng ass wéi e Molbierfigebam) = e grousse Bam. D. h. jo, äre Glaf ass ganz kleng, mee, och schonn esou ee kleng Glaf kann eigentlech Onméigleches méiglech maachen. - Ginn si hei getréischt, oder opgeruff, datt si hirem Mini-Glaf roueg och eppes zoutraue kënnen ? – Leider war an ass d'Wierkungsgeschicht vun dësem Vers och geféierlech Weeër gaangen, nämlech, datt Leit sech et erausgeholl hunn, de Glaf vun anere Leit ze beuerteelen (am Sënn vun ‘hiirt Gebied ass net erhéiert ginn, well hire Glaf net grouss genuch ass', etc.). – D'Motiv vum Glaf kënnt an de Vv. 11-19 erëm.
Wann ee vun iech e Kniecht huet fir ze plouen oder ... (Vv. 7-9) :
(Wuertwiertlech : V. 7d ‘lee dech néier' = sëtz dech un ; V. 8c ‘déi de Rimm un' = fir iwwert dem Schaffen net an de Rack, net an d'Kleed ze trëppelen = do d'Schiertech un.) Hei kléngt en anert Motiv un (Vv. 7-10, déi mer just beim Lk liesen), wahrscheinlech un d'Apostele geriicht, mee dann awer och un all déi, déi an enger chrëschtlecher Gemeinschaft matschaffen (mat Ausdauer – déi een deemools brauch fir e Feld ze plouen oder och fir d'Véi ze hidden). – Interessant ass 1. d'Gottesbild, dat hannert dëse Vv. steet, an 2. wéi ee Bild vum Matschaffen an enger chrëschtlecher Gemeinschaft matschwéngt. – Engersäits ass d'Waarden op e Merci déi verkéiert Astellung, an anerersäits ass net unzehuelen, datt e Kniecht sech eppes drop abilde kann, e Kniecht ze sinn (iwwerdroen op d'Mataarbechter an enger chrëschtlecher Gemeinschaft ...).
Esou sollt och dir soen, wann dir alles gemaach hutt, wat ... (V. 10) :
Hei gëtt d'Bild elo vun de Kniecht aus gekuckt an direkt op d'Apostele bezunn. Et gëtt nach eng Kéier am Résumée gesot, mat wéi enger Astellung d'Matschaffe soll geschéien – woubäi eng Nuance vum Griicheschen hir interessant ass : déi ‘onnëtz' Kniecht (douloi achreioi) sinn déi, déi wuel net vill wäert sinn, mee, si sinn awer och déi, ouni déi et net geet.