11 Op sengem Wee op Jerusalem zou ass de Jesus duerch Samaria an duerch Galiläa gaang.
12 Wéi hien an en Duerf eragoe wollt, sinn him zéng aussätzeg Männer entgéintkomm. Si si méi wäit ewech stoe bliwwen
13 an hunn haart geruff: “Jesus, Meeschter, erbaarm dech eiser!”
14 Wéi hien si gesinn huet, sot hien zu hinnen: “Gitt weist iech de Priister!” Iwwerdeems si dohi goungen, goufen si gerengegt.
15 Ee vun hinnen, dee gesinn huet, datt hie geheelt war, ass ëmgedréit an huet den Herrgott aus voller Broscht verherrlecht.
16 Hien huet sech dem Jesus zu Féiss gehäit an huet him merci gesot. Dëse Mann war e Samariter.
17 De Jesus huet geäntwert: "Sinn net déi zéng gerengegt ginn? Wou sinn dann déi aner néng?
18 Huet soss keen et fir néideg fonnt, ëmzedréien an den Herrgott ze verherrlechen, wéi just dëse Friemen?“19 An hie sot zu him:”Stéi op a géi! Däi Glaf huet dech gerett."
KONTEXT
Zur Erënnerung : mer sinn um Wee erop op Jerusalem (Lk 9, 51-19, 28 ; 17, 11), wou d'Passioun sech ukënnegt. An dësem Deel vum Lk fanne mer vill Aussoe vum Jesus (sief et un d'Adress vun Israel, sief et un seng Jünger, d' ‘Léierbouwen') ; den Akzent ass op d'Aussoe geluecht, an net wéi anerwäerts op Heelungen oder Ëmschreiwunge vun dem Geheimnis, dat ëmt de Jesus dréint. Um Ufank vum Kapitel 17 kréien d'Jünger eng Lektioun iwwert d'Liewen an enger (chrëschtlecher) Gemeinschaft (Vv. 1-3 ; 4 ; 5-6 ; 7-10 ; evtl. och 11-19), am Ev. vum leschte Sonndeg sinn d'Motiver vum Glaf a vum Vertrauen ugeklongen, elo an de Vv. 11-19 ginn si nees opgegraff (an engem Text, dee mer och just beim Lk liesen).
TEXT
Op sengem Wee op Jerusalem zou, ass ... (V. 11) :
D'Reienfolleg hei ass komesch, well, geographesch gesinn a Richtung Jerusalem läit Galiläa viru Samaria. – D'Lieser/d'Nolauschterer ginn drun erënnert, datt de Jesus um Wee ass op Jerusalem, dat mécht de Lk bestëmmt net einfach nëmmen esou ; wahrscheinlech fänkt fir hien hei eng nei Etapp un op dësem Wee (cf. och 9, 51 ; 13, 22), zëmools wou och nach, wéi a Lk 9, 51-52 Jerusalem a Samaria quasi matenee genannt ginn. Et gëtt awer net gesot, wou genee déi Episod hei sech ofspillt.
Wéi hien an en Duerf eragoe wollt, sinn him zéng aussätzeg Männer ... (Vv. 12-13) :
Wéi a Lev 13, 46 festgeluecht, halen sech déi Leprakrank op Distanz an si warnen deen, deen op si duerkënnt. Just, datt hei hire Ruff e Ruff no Erbaarmen ass. Si ginn dem Jesus den Titel ‘Meeschter' (Léiermeeschter ; ‘epistatäs') deen nëmme vum Lk gebraucht gëtt an nëmmen hei vun engem Net-Jünger. Dat Wuert sëtzt nach méi en déift Vertraue viraus, wéi dat anert, dat (Léier-)Meeschter bedeit (‘didaskalos') – hire Ruff bezeit dat Vertraue jo och.
Wéi hien si gesinn huet, sot hien zu hinnen : ... (V. 14) :
Tselwescht wéi déi Aussätzeg hält de Jesus sech un d'Gesetz aus dem Buch Levitikus (Lev 14, 2-3), awer anescht wéi erwoart seet hien net, si wiere geheelt, mee, si sollten sech de Priister weise goen (cf. och Lk 5, 14) ; eréischt ënnerwee ginn si gerengegt. Et fällt op, datt déi zéng sech ouni weider Froen direkt op de Wee bei d'Priister maachen.
Ee vun hinnen, dee gesinn huet, datt hie geheelt war ... (Vv. 15-16) :
Hunn déi aner net gesinn, datt si geheelt waren ? – De Lk hëfft gären ervir, datt Leit, déi geheelt goufen oder Zeie waren, den Herrgott gelueft a merci gesot hunn (cf. 5, 25f ; 7, 16 ; 13, 13 ; 17, 15.18 ; 18, 43 ; 19, 37 ; Apg 3, 8f ; 4, 21 ). – A Lk 9, 52 war de Jesus net bei de Samariter opgeholl ginn, an awer ass de ‘Gudde Samariter' (10, 29ff) e Virbild, an awer kënnt hei de Samariter als eenzegen erëm fir den Herrgott ze luewen a merci ze soen. – Vläicht steet do am Hannergronn d'Missioun bei de Samariter, vun dier mer an der Apg verzielt kréien (cf. Apg 8, 4ff) ; vläicht goufen si dunn an engem anere Liicht gesinn, wéi dat virdrun de Fall war, wou d'Judden si, e gemëschtend Vollék aus Zouwanderer a Judden, dat aus geschichtleche Grënn do ugesidelt gouf, wéinst hirem net méi sou ganz rénge juddesche Glaf veruecht hunn - a verschidde Geste vum Jesus goufen dunn nei verstanen.
De Jesus huet geäntwert : «Sinn net déi zéng gerengegt ginn ? ... » (Vv. 17-19) :
Ass hei d'Äntwert op den Apostelen hir Fro vum leschte Sonndeg (cf. V. 5) ? Soll esou hiirt Vertraue sinn (am biblesche Sënn : Glaf = Vertrauen hunn an e Gott, deen et gutt mat de Mënsche méngt)? Grad wéi dem Net-Judd säint ? – Wat mat deenen aneren néng geschitt ass, kréie mer net verzielt.