1 De Jesus huet senge Jünger
e Gläichnes erzielt,
fir ze weisen,
datt si ëmmer bieden an däers net midd gi sollten.
2 Hie sot:
"Et war emol an enger Stad e Riichter,
dee weder den Herrgott gefaart
nach iergende Mënsch geuecht huet.
3 An därselwechter Stad war och eng Witfra,
déi ëmmer erëm bei dee Riichter komm ass
a gesot huet: 'Verschaf mir Recht géint mäi Géigner!'
4 Eng Zäitlaang wollt hien net.
Zu gudder Lescht awer huet hien sech gesot:
'Och wann ech weder den Herrgott fäerten
nach iergende Mënsch uechten,
5 wëll ech dëser Witfra elo Recht verschafen,
well si ass mir eng eenzeg Plo!
Net datt si um Enn nach kënnt a mir eng op de Bak gëtt.'“6 Du sot den Här:”Lauschtert, wat deen ongerechte Riichter do seet!
7 Soll dann éiren den Herrgott sengen Auserwielten
net Recht verschafen,
wann si Dag an Nuecht zu him ruffen?
Soll hien si laang waarde loossen?
8 Ech soen iech:
Hie verschaaft hinne séier hiert Recht.
Wann awer de Mënschejong kënnt,
fënnt hien dann [nach] de Glawen op der Äerd?"