1 Wéi et deen éischten Dag vun der Woch,
also den Dag nom Sabbat,
hell ginn ass,
sinn d'Maria vu Magdala an déi aner Maria nom Graf kucke gaang.
2 An hei, op eemol huet de Buedem ugefaang, ferm ze zidderen:
Dem Här säin Engel ass nämlech vum Himmel erofkomm,
hien ass dohi gaang,
huet de Steen ewechgerullt an huet sech dropgesat.
3 Hien huet ausgesi wéi e Blëtz,
an säi Kleed war wäiss wéi Schnéi.
4 D'Wiechter hu geziddert, esou eng Angscht haten si virun him,
an si ware wéi dout.
5 Dunn huet den Engel zu de Frae gesot:
"Fäert net!
Ech weess, dir sicht de Jesus, dee Gekräizegten.
6 Hien ass net hei:
Hien ass aus dem Doud erwächt ginn, esou wéi hie gesot hat.
Kommt heihinner, kuckt d'Plaz, wou hie louch!
7 An da gitt séier a sot senge Jünger:
'Hien ass aus dem Doud erwächt ginn!
Hie geet iech viraus a Galiläa;
do kritt dir hien ze gesinn.'
Kuckt, ech hunn iech et gesot!"
8 Huerteg sinn si vum Graf fortgaang,
voller Angscht, ma och mat grousser Freed,
an si si gelaf, fir de Jünger et ze verzielen.
9 A kuck, de Jesus ass hinne begéint
a sot: “Freet iech!”
Si sinn op hien duergaang,
hunn sech virun him niddergehäit
an hunn hien ugebiet.
10 Du sot de Jesus zu hinnen:
"Fäert net!
Gitt a sot menge Bridder,
datt si a Galiläa goe sollen;
do kréien si mech ze gesinn."