Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Browsing all 10411 articles
Browse latest View live

Ouschternuecht A

1 Wéi et deen éischten Dag vun der Woch, also den Dag nom Sabbat,hell ginn ass, sinn d'Maria vu Magdala an déi aner Maria nom Graf kucke gaang.2 An hei, op eemol huet de Buedem ugefaang, ferm ze...

View Article


Image may be NSFW.
Clik here to view.

2. Sonndeg vun der Ouschterzäit (Joer A - B - C)

19 Um Owend vun deem éischten Dag vun der Woch, wéi d'Jünger sech aus Angscht virun de Judden hanner zouenen Dieren opgehal hunn, ass de Jesus komm an huet sech an hir Mëtt gestallt. Hie sot zu hinnen:...

View Article


3. Sonndeg vun der Ouschterzäit (Joer A-B-C)

1 De Jesus huet sech de Jünger beim Séi vun Tiberias op en Neis gewisen, an zwar huet hien sech esou gewisen:2 De Simon Péitrus, den Thomas, deen Zwilling genannt gouf, den Nathanael vu Kana a Galiläa,...

View Article

4. Sonndeg vun der Ouschterzäit A

1 De Jesus sot:"Amen, amen, ech soen iech: Deejéinegen, deen net duerch d'Dier an de Schof hire Stall erageet, ma anerwäerts eraklëmmt, deen ass en Déif an e Raiber.2 Deejéinegen awer, deen duerch...

View Article

5. Sonndeg vun der Ouschterzäit A

1 De Jesus sot zu senge Jünger:"Äert Häerz soll net onroueg sinn! Gleeft un den Herrgott, a gleeft u mech!2 A mengem Papp sengem Haus si vill Wunnechten. Wann dat net esou wär, hätt ech iech da gesot,...

View Article


6. Sonndeg an der Ouschterzäit A

15 De Jesus sot zu senge Jünger:"Wann dir mech gär hutt, haalt dir iech u meng Geboter.16 Da froen ech de Papp, an hie gëtt iech en anere Bäistand, fir datt deen an all Éiwegkeet bei iech ass17 – de...

View Article

Christi Himmelfahrt A

16 Déi eelef Jünger sinn a Galiläa op de Bierg gaang, deen de Jesus hinnen uginn hat. 17 Wéi si de Jesus gesinn hunn, hunn si hien ugebiet; en etlecher awer haten hir Zweiwel. 18 De Jesus ass op si...

View Article

7. Sonndeg an der Ouschterzäit

1 De Jesus huet an den Himmel opgekuckt a sot: "Papp, d'Stonn ass do. Verherrlech däi Jong, fir datt de Jong dech verherrlecht.2 Well du hues him jo Muecht ginn iwwer all déi, déi aus Fleesch sinn, fir...

View Article


Image may be NSFW.
Clik here to view.

Péngschten (um Dag) A - B - C

19 Um Owend vun deem éischten Dag vun der Woch, wéi d'Jünger sech aus Angscht virun de Judden hanner zouenen Dieren opgehal hunn, ass de Jesus komm an huet sech an hir Mëtt gestallt. Hie sot zu hinnen:...

View Article


Dräifaltegkeetssonndeg A

16 Den Herrgott huet d'Welt esou gär, datt hien säin eenzege Jong higinn huet, fir datt déi, déi un hie gleewen, net verluer ginn, ma éiwegt Liewe kréien. 17 Den Herrgott huet säi Jong nämlech net an...

View Article

Härläichendag A

51 De Jesus sot zu deene ville Leit:"Ech sinn dat liewegt Brout, dat aus dem Himmel erofkomm ass: Wann ee vun dësem Brout ësst, da lieft hien an Éiwegkeet; d'Brout, dat ech ginn, dat ass mäi Fleesch...

View Article

Evangelium vum Héichfest vun den Apostele Péitrus a Paulus [29. Juni] (Joer A...

13 Wéi de Jesus an d'Géigend vun Cäsarea Philippi koum, huet hien seng Jünger gefrot: “Fir wien halen d'Leit de Mënschejong?”14 Si soten: "Déi eng fir de Johannes den Deefer, anerer fir den Elias, nees...

View Article

14. Sonndeg A

25 Där Deeg een huet de Jesus gesot: "Ech luewen dech, Papp, Här vum Himmel a vun der Äerd, well s du dat hei virun deene Verstännegen a Gescheite verbuerge gehal an et deene Klenge bekannt gemaach...

View Article


15. Sonndeg A

1 De Jesus ass aus dem Haus erausgaang an huet sech bei de Séi gesat.2 Eng Onmass Leit si bei him zesummekomm, esou datt hien an en Naache geklomm ass an sech gesat huet, iwwerdeems d'Leit alleguer um...

View Article

16. Sonndeg A

24 De Jesus huet de Leit dat Gläichnes hei erzielt: "D'Himmelräich ass ze vergläiche mat engem Mënsch, dee gudde Som op säi Stéck geséit huet.25 Wéi alles geschlof huet, koum säi Feind, huet matzen...

View Article


17. Sonndeg A

44 De Jesus sot zu senge Jünger:"Mat dem Himmelräich ass et wéi mat engem Schaz, deen an engem Feld verstoppt war. Deejéinegen, deen de Schaz fonnt huet, huet en nees verstoppt, ass voller Freed vun do...

View Article

18. Sonndeg A

13 Nodeems de Jesus héieren hat, datt de Johannes gekäppt gi war, huet hien sech an engem Naachen op eng ofgeleeë Plaz zréckgezunn, wou hie fir sech war. D'Leit, déi dat gewuer goufen, sinn him aus de...

View Article


Léiffrawëschdag A - B - C (um Dag)

39 An deenen Deeg huet d'Maria sech op de Wee gemaach an sech geflass, fir an eng Stad an de Bierger vu Judäa ze goen.40 Do ass si an dem Zacharias säin Haus eragaang, an si huet d'Elisabeth...

View Article

20. Sonndeg A

21 De Jesus huet sech an d'Gebitt vun Tyrus a vu Sidon zréckgezunn.22 Dunn ass eng kananäesch Fra, déi aus där Géigend war, bei hie komm an huet haart gejaut: "Erbaarm dech menger, Här, Jong vum David:...

View Article

21. Sonndeg A

13 Wéi de Jesus an d'Géigend vun Cäsarea Philippi koum, huet hien seng Jünger gefrot: “Fir wien halen d'Leit de Mënschejong?”14 Si soten: "Déi eng fir de Johannes den Deefer, anerer fir den Elias, nees...

View Article
Browsing all 10411 articles
Browse latest View live