16 Déi eelef Jünger sinn a Galiläa op de Bierg gaang,
deen de Jesus hinnen uginn hat.
17 Wéi si de Jesus gesinn hunn,
hunn si hien ugebiet;
en etlecher awer haten hir Zweiwel.
18 De Jesus ass op si duergaang
a sot zu hinnen:
"Mir ass all Muecht ginn am Himmel an op der Äerd.
19 Duerfir gitt a maacht aus alle Vëlleker Jünger:
Deeft si
op den Numm vum Papp, vum Jong
a vum Hellege Geescht,
20 a léiert si,
all déi Geboter anzehalen, déi ech iech ginn hunn!
Kuckt, ech (...)
↧
Christi Himmelfahrt A
↧