Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

1. Adventssonndeg

$
0
0

24 De Jesus sot zu senge Jünger:
"An deenen Deeg awer, no all deem Misär,
verdäischtert d'Sonn sech,
an de Mound gëtt kee Schäi méi,

25 an d'Stäre fale vum Himmel erof,
an d'Himmelskräfte ginn ziddere gedoen.

26 An da gesäit een de Mënschejong,
dee mat grousser Kraaft an Herrlechkeet
op de Wolleke kënnt .

27 Da schéckt hien d'Engelen eraus,
an hie féiert seng Auserwielt
aus deene véier Himmelsrichtungen zesummen,
vum Enn vun der Äerd bis un d'Enn vum Himmel.

28 Aus dem Gläichnes vum Figebam awer léiert dat hei:
Wann seng Äscht Saaft zillen
an d'Blieder ufänken auszeschéissen,
gesitt dir, datt et gläich Summer gëtt.

29 Esou och fir iech:
Wann dir gesitt, datt dat do geschitt, dann erkennt,
datt de Mënschejong gläich virun der Dier steet.

30 Amen, ech soen iech:
Dës Generatioun vergeet net,
éier dat do alles geschitt ass.

31 Himmel an Äerd verginn,
meng Wierder awer verginn net.

32 Ma iwwer deen Dag oder déi Stonn weess keen eppes,
weder d'Engelen am Himmel,
nach de Jong –
nëmme just de Papp.

33 Haalt d'Aen op,
bleift waakreg!
Dir wësst nämlech net, wéini déi Zäit do ass.

34 Et ass wéi mat engem Mënsch, deen op d'Rees geet,
deen säin Haus zréckléisst
an sengen Dénger Verantwortung iwwerdréit,
jidderengem fir seng Aarbecht;
an dem Portier gëtt hien den Uerder ze waachen.

35 Duerfir waacht!
Dir wësst jo net, wéini den Haushär kënnt,
ob hie spéit kënnt oder ëm Hallefnuecht
oder wann den Hunn kréit oder muerges fréi.

36 Waacht also, fir datt dir net amgaang sidd ze schlofen,
wann hie stënterlech kënnt!

37 Wat ech iech awer soen,
dat soen ech fir s'alleguer:
Waacht!"


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles