Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

2. Adventssonndeg

$
0
0

1 Ufank vum Evangelium vum Jesus Christus,
dem Herrgott sengem Jong.

2 Esou wéi beim Prophéit Isaias geschriwwe steet:
– Kuck, ech schécke mäi Buet virun dir hier:
Hie bereet däi Wee vir.

3 Eng Stëmm rifft an der Wüüst:
Maacht dem Här säi Wee prett,
maacht seng Pied grued! –

4 esou ass de Johannes den Deefer an der Wüüst opgetratt,
an hien huet eng Daf vun der Ëmkéier verkënnegt,
fir datt d'Sënnen nogelooss géifen.

5 D'ganzt Land Judäa an och all d'Awunner vu Jerusalem
hunn sech op de Wee gemaach a si bei hie gaang;
si hunn sech vun him am Jordan deefe gelooss,
an dobäi hunn si hir Sënnen agestan.

6 De Johannes hat e Kaméilspelz un
an e lieder Rimm ëm d'Hëffen,
an hien huet vun Heesprénger a wëllem Hunneg gelieft.

7 Hien huet verkënnegt:
"No mir kënnt een, dee méi staark ass wéi ech;
ech sinn et net wäert,
mech ze bécken an d'Stréckele vun senge Sandale lasszemaachen.

8 Ech hunn iech mat Waasser gedeeft,
hien awer deeft iech mat hellegem Geescht."


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles