Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

3. Sonndeg C

$
0
0

1 Well der schonn en etlech et ënnerholl hunn, e Bericht ze schreiwen iwwer dat, wat sech zougedroen huet, wat bei äis an Erfëllung gaang ass

2– esou wéi déi äis et iwwerliwwert hunn, déi vun der éischter Stonn un Aenzeie waren an Dénger vum Wuert gi sinn –,

3 esou hunn och ech et fir gutt fonnt, nodeems ech allem vun Ufank u genee nogaang sinn, dir, héichveréiertem Theophilus, alles der Rei no opzeschreiwen,

4 fir datt s du dech vun der Zouverléissegkeet vun deem, wat s du geléiert gi bass, iwwerzeege kanns.

14 An der Kraaft vum Geescht ass de Jesus hannescht a Galiläa gaang. Säi Ruff huet sech an der ganzer Ëmgéigend verbreet.

15 Hien huet si an hire Synagoge geléiert, an hien ass vun alle Leit geéiert ginn.

16 Hien ass och op Nazareth gaang, duer, wou hien opgewuess war. Esou wéi et um Sabbat seng Gewunnecht war, ass hien an d'Synagog gaang, an do ass hien opgestan, fir virzeliesen.

17 Hie krut d'Buch vum Prophéit Isaias gereecht. Hien huet d'Buch opgemaach an déi Plaz fonnt, wou geschriwwe steet:

18 Dem Här säi Geescht ass op mir, well hien huet mech gesaleft. Fir deenen Aarmen eng gutt Noriicht ze verkënnegen, huet hie mech geschéckt, fir deene Gefaangenen ze verkënnegen, datt si fräikommen, an deene Blannen, datt si nees gesinn, fir déi Gebrachen an d'Fräiheet ze schécken

19 an e Gnodejoer vum Här auszeruffen.

20 Nodeems hien d'Buch zougemaach an et dem Dénger hanneschtginn hat, huet hien sech gesat. All déi, déi an der Synagog waren, hu gespaant op hie gekuckt.

21 Dunn huet hien ugefaang, hinnen z'erklären: “Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft bei iech zou an Erfëllung gaang.”

Kontext

D'Evangelium vun dësem Sonndeg ass aus zwéin Deeler zesummegesat: 1° ganz dem Ufank vum Lk (1, 1-4) an 2. dem eigentlechen Ufank vum Jesus senger Missioun (a Lk 4, 14-9, 50 ass de Jesus nëmmen a Galiläa ënnerwee, duerno geet et erop op Jerusalem). 2° A Lk 4, 16-30 fanne mer scho sämtlech Elementer aus dem Rescht vum Evangelium erëm: dem Jesus säi Message ass op d'Schrëft (eist Aalt Testament) gegrënnt, den hellege Geescht spillt eng Roll, d'Net-Judde fillen sech ugesprach, während d'Leit vum eegene Vollek retizent sinn a versichen de Jesus emzebréngen. – D'Jünger, déi vum Lk gären ewéi Léierbouwen duergestallt ginn, kréien dann a Galiläa eng éischt Approche zum Jesus gewisen.

Text

Well der schonn en etlech et ënnerholl hunn, e Bericht ze schreiwen iwwert dat, wat... (Vv. 1, 1-4)
Wéi et bei de griichesche Schrëftsteller Moud war, fänkt den Auteur vum Lk säi “Buch” u mat engem Prolog; doranner gëtt ernimmt: déi, déi virun him geschriwwen hunn - wéi hie versicht huet un Informatiounen ze kommen a wéi hie mat dësen Informatiounen ëmgaangen ass – firwat hie schreiwt – eng Dédicace.

... en etlech (V. 1)
Der Theorie vun der Entsteeung vun den Evangelien no, wier dat emol de Mk, d' “Logienquelle” (= eng Sammlung vu Jesus-Wieder) an dann déi speziell Quell vum Lk (= déi, déi déi aner Evangelisten net haten); et ass awer haut net méi mat leschter Sécherheet méiglech ze soen, ier de Lk hei iwwerdreiwt, a wéivill “en etlech” der da wierklech waren.

... e Bericht ze schreiwen iwwer dat, wat sech zougedroen huet, wat bei äis an Erfëllung gaangen ass (V. 1)
Hei hu mer e “Passf divin”, d.h. de Motor hannert den Evenementer, déi de Lk opgeschriwwen huet, ass keen anere wéi Gott.

... déi vun der éischter Stonn un Aenzeie waren an Dénger vum Wuert gi sinn (V. 2)
Hei gëtt ganz diskret eng Bréck gewisen tëscht dem Tome 1 vum Auteur vum Lk sengem Wierk, dem Lk-Evangelium an dem Tome 2, der Apostelgeschicht.

... vun Ufank u genee nogaang sinn,... vun der Zouverléissegkeet... (Vv. 3-4)
Dat, wat am Lk steet, steet voll a ganz an der Iwwerliwwerung, an der Traditioun vun der (Ur-)Kierch.

... alles der Rei no... (V. 3)
Der Rei no jo, awer net an enger chronologescher Reienfolleg, mee, éischter an enger katechetescher: net nëmmen d'Jünger si Léierbouwe fir de Lk...

... héichveréierten Theophilus... (V. 3)
“Héichveréiert” si Leit vun den zivilen Autoritéiten (cf. Apg 23, 26; 24, 3; 26, 25); “Theophilus” ass zweedäiteg: dee Gott gären huet. Den Theophilus schéngt schonn eng bestëmmte Kateches matkritt ze hunn; vläicht ass hien och dem Lk säi Sponsor, well e Buch schreiwen war déi Zäit eng deier Saach.

An der Kraaft vum Geescht... (Lk 4, 14)
De Lk insistéiert vill drop, datt de Jesus richteg wéi vun hl Geescht ëmginn ass (cf. Vv. 1.18).

Vv. 14-15
Dës Vv. sinn ewéi e Résumé, deen awer, géint eis Gewunnegt, seet, wat eréischt duerno verzielt gëtt.

... och op Nazareth gaang,... (V. 16)
Richteg “Nazara”, eng rare Schreiwweis fir “Nazareth” (cf. Mt 4, 13).

Esou wéi et um Sabbat seng Gewunnegt war, ass hien an d'Synagog gaang, an do ass hien opgestan, fir virzeliesen.(V. 16)
A Palestina an an de juddesche Communautéiten (d.h. do, wou op t'mannst zéng “erwuësse” juddesch Männer sinn, = déi hir Bar mitçwah gemeet hunn, also méi wéi 13 Joer hunn) an der Diaspora war an ass et Brauch um Sabbat (d.h. samschdës) an d'Synagog ze goen an aus de Schrëfte virzeliesen an evtl. eng Erklärung/Aktualisatioun nozelauschteren, déi am Prinzip jiddfereen, deen seng Bar Miçwah gemeet huet, maache kann. – An der Apg (z. B. 9, 20; 13, 5.14.44.) fänken déi urchrëschtlech Missionnairen hir Verkënnegung och gären an de Synagogen un.

Hie krut d'Buch vum Prophéit Isaias gereecht... (V. 17)
Wéi fir de Johannes den Deefer (cf. Lk 3, 4-6) gëtt dem Jesus seng Missioun vum Isaias hir beliicht.

... an déi Plaz fonnt,... (V. 17)
Datt de Jesus grad déi Plaz fonnt huet, war dat Zoufall? – De Lk schéngt anerer Meenung ze sinn.

Dem Här säi Geescht ass op mir, well... (Vv. 18-19)
Is 61, 1f LXX (= aus der Septuaginta, der griichescher Iwwersetzung vun den atl Schrëften) a Is 58, 6 leeën dem Jesus säi Liewesprogramm duër. – Ursprüenglech gëtt am Is wahrscheinlech d'Asetzung vun engem Prophéit beschriwwen. – Dem Herrgott säi Geescht ass et, deen de Jesus undreiwt. – Dat, wat de Jesus virliest beschreiwt seng Missioun duerch d'Lk erduerch.

... an e Gnodejoer vum Här auszeruffen (V. 19)
Dat “Gnodejoer” (wuertwiertlech: en agreabelt Joer vum Här) ass d'Jobeljoer aus Lev 25, 8ff, dat all 50. Joer sollt sinn. Da sollten um Yom Kippur d'Scholden nogelooss ginn an all juddesch Sklaven an hiirt Land zréckkomme kënnen, eng schéin Aussicht fir déi Exiléiert fir déi den Isaias geschriwwen huet. Mat der Zäit huet dëst Gnodejoer eng endzäitlech Konnotatioun am Juddentum kritt. (– Fir eist Joer 2000 gouf déi Iddi erëm opgegraff a gefuerdert deenen aarme Länner hir Bankescholden nozeloossen.) – De Schluss vum Is léisst de Lk de Jesus net liesen, nämlech “den Dag, wou eise Gott seng Revenge hëlt”, e Saz, deen sech aus dem Is sengem Sitz im Leben eraus versteet!

V. 20
Normalerweis misst de Jesus stoebleiwen. Et ass schwiireg ze soe firwat de Lk schreiwt, datt hien sech erëm sëtze gaangen ass. – Op jiddfer Fall waarden d'Leit, datt hien elo e puer Wuert seet (wat heiandsdo, awer net ëmmer no der Liesung aus der Schrëft gemeet ginn ass). An si ware gespaant: hien ass jo an sengem Heemeechtsduerf, dat hie gesinn huet grouss ginn.

... Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft... (V. 21)
Beim Lk ass “haut” e wichtegt Wuert (cf. 2, 11; 3, 22; 5, 26; 13, 32;...). - D'Schrëft ass bei iech zou (wuertwiertlech: an ären Oueren) an Erfëllung gaang, d.h. hei ass erëm e passif divin: Gott ass um Wierk. – Dës ganz Episod ass wéi mat Gott agerummt: am V. 14 kënnt de Jesus “an der Kraaft vum Geescht” an säin Duerf, an dat, wat hien da virliest, de Programm vu senger Missioun “gëtt (dee Moment/passif divin) erfëllt”, well Gott um Wierken ass.

Kommentar: Françoise Biver-Pettinger


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411