21 De Jesus huet ugefaang, de Leit an der Synagog zu Nazareth z'erklären: “Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft bei iech zou an Erfëllung gaang.”
22 Alleguer hunn si sech iwwer hie belueft. Si ware verwonnert iwwer déi Wierder vu Gnod, déi aus sengem Mond komm sinn, a soten: “Ass dat net dem Jouseph säi Jong?”
23 Du sot hien zu hinnen: “Dir wäert mir sécher elo d'Spréchwuert virhalen: Dokter, heel dech selwer! Mir hu vun all deem héieren, wat zu Kapharnaum geschitt ass; da maach dat och hei an denger Heemecht!”
24 An hie sot: "Amen, ech soen iech: Kee Prophéit gëtt an senger Heemecht gutt opgeholl.
25 Dat, wat ech iech elo soen, ass wouer: Zum Elias senger Zäit gouf et vill Witfraen an Israel, deemools, wéi den Himmel dräi Joer a sechs Méint laang zougespaart war a wéi eng grouss Hongersnout iwwer dat ganzt Land komm war.
26 Den Elias ass awer bei keng vun hinne geschéckt ginn, ma bei eng Witfra op Sarepta bei Sidon.
27 A vill Aussätzeger gouf et an Israel zum Prophéit Elisäus senger Zäit. Et gouf awer kee vun hinne gerengegt, ma de Syrer Naaman."
28 Wéi d'Leit an der Synagog dat héieren hunn, sinn si alleguer rose ginn.
29 Si sinn opgestan an hunn de Jesus aus der Stad erausgejot a bei den Hank vum Bierg gefouert, op deem hir Stad gebaut war, fir hien de Fiels erofzegeheien.
30 Ma de Jesus ass matzen duerch d'Leit senger Wee gaang.
Kontext
Mer stinn hei nach tselwescht wéi um leschte Sonndeg um eigentlechen Ufank vum Jesus senger Missioun (a Lk 4, 14-9, 50 ass de Jesus nëmmen a Galiläa ënnerwee, duerno geet et erop op Jerusalem). A Lk 4, 16-30 fanne mer scho sämtlech Elementer aus dem Rescht vum Evangelium erëm: dem Jesus säi Message ass op d'Schrëft (eist Aalt Testament) gegrënnt, den hellege Geescht spillt eng Roll, d'Net-Judde fillen sech ugesprach, während d'Leit vum eegene Vollek retizent sinn a versichen de Jesus emzebréngen. - Den Ufank vum Jesus senger Missioun ass am Lk vill méi détailléiert verzielt, wéi am Mk oder am Mt (cf. Mk 1, 14f; Mt 4, 17); dat ass net nëmmen esou, well de Lk nun eemol gäre méi ausféierlech seng “Tableauen” ausmoolt, wéi déi aner zwee Synoptiker, mee, och well hien eben op dës Saachen insistéiere wëllt.
D'Jünger, déi vum Lk gären ewéi Léierbouwen duergestallt ginn, kréien dann a Galiläa eng éischt Approche zu dësem Jesus gewisen.
Text
De Jesus huet ugefaang, de Leit an der Synagog z'erklären... (V. 21)
De Jesus steet um Ufank vu sengem ëffentlechen Optrieden; hie fänkt eréischt un.
... Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft... (V. 21)
Beim Lk ass “haut” e wichtegt Wuert (cf. 2, 11; 3, 22; 5, 26; 13, 32;...). - D'Schrëft ass bei iech zou (wuertwiertlech: an ären Oueren) an Erfëllung gaang, d.h. hei ass erëm e passif divin: Gott ass um Wierk. – Dës ganz Episod ass wéi mat Gott agerummt: am V. 14 kënnt de Jesus “an der Kraaft vum Geescht” an säin Duerf, an dat, wat hien dat virliest, de Program vu senger Missioun “gëtt (dee Moment/passif divin) erfëllt”, well Gott um Wierken ass.
Alleguer hunn si sech iwwert hie belueft. (V. 22)
Dat kléngt, wéi wann d'Leit him zu Ugangs gutt gesënnt gewierscht wieren. Si wousste jo och nach net, firwat a wéi dës Wieder an Erfëllung gaange sinn.
Si ware verwonnert iwwer déi Wieder vu Gnod... dem Jouseph säi Jong? (V. 22)
D'Leit mengen dach, de Jesus ze kennen; hien ass dach e Nopeschbouf. – Mee, déi, déi d'Lk vun Ufank u geliesen oder nogelauschtert hunn, wëssen, de Jesus ass vill méi.
Du sot hien zu hinnen: “Dir wäert mer sécher elo d'Spréchwuert virhalen...” (V. 23)
Zwou Froe stellen sech hei: 1. firwat beléisst et de Jesus net bei deem enge Saz, deen hien am V. 21b gesot huet, firwat provozéiert hien? an, 2. dat, wat zu Kapharnaum geschitt soll sinn, geschitt awer eréischt a 4, 31ff! – An et schéngt es, wéi wann d'Leit aus dem Jesus sengem Heemechtsduerf menge géifen, si hätten, als “al Noperen” e Recht op e Wonner.
An hie sot: “Amen,... Kee Prophéit...” (V. 24) “Amen”
D. h. de Jesus schwätzt hei mat Nodrock. - De Saz “Kee Prophéit...” mécht de Lien tëscht dem V. 23 an de Vv. 25ff (déi, wéi e Gedicht geschriwwe sinn). De Lk erreecht domadder dräi Saachen: 1. hie seet, datt de Jesus bei d'Prophéiten (wéi den Elias an den Elisäus; cf. 1Kinn17, 8ff, wou d'Drëcht aw nëmmen 3 Joer gedauert huet; 2Kinn 5, 1ff) agereit gi kann, datt hien, 2. wéi déi zwéin, iwwert d'Grenze vun Israel eraus, oder grad do, Uklank fënnt, awer 3. datt de Jesus a senger Heemecht (a vu senge Leit, d.h. sengem Vollek) net ugeholl gëtt. De Leit hir Äntwert huet net laang op sech waarde gelooss:
Wéi d'Leit an der Synagog dat héieren hunn, sinn si alleguer rose ginn (V. 28). Si sinn opgestan an hunn de Jesus...a bei den Hank vum Bierg gefouert, op deem hir Stad gebaut war, fir hien... (V. 29)
Nazareth ass awer net op engem Fiels gebaut. – Et ass gutt méiglech datt de Lk hei schonn eng Uspillung mécht un dem Jesus säin Doud, zu Jerusalem, dat jo méi héich läit.
Ma de Jesus ass matzen duerch d'Leit... (V. 30)
Et ass awer nach e wäite Wee bis erop op Jerusalem, also kann dem Jesus säi Wierken net schonn hei en Enn fannen, och wann et schonn ugekënnegt ass.
Am Résumé: do wou de Mk an de Mt (cf. “Kontext”) just soen, datt de Jesus eng Gutt Noriicht an/oder dem Herrgott sengem Räich verkënnegt huet, weist de Lk drop hin, grad och an de Vv. vun dësen zwee Sonndeger, datt dës Gutt Noriicht un d'Persoun an d'Schicksal vum Jesus gebonnen ass, - wou et och vläicht gutt ass, eis drun z'erënneren: Chrëscht ass net einfach deen, deen sech human, sozial, reliéis oder och esouguër ökologesch behëlt, mee, wéi denHans Küng eng Kéier geschriwwen huet “das unterscheidend christliche ist der Jesus Christus selbst”.
Kommentar: Françoise Biver-Pettinger