1 Dat hei ass geschitt, wéi vill Leit sech ëm de Jesus gedréckt hunn, fir dem Herrgott säi Wuert ze lauschteren: De Jesus stoung beim Séi vu Gennesareth,
2 an hien huet zwéin Naache gesinn, déi beim Séi louchen. D'Fëscher waren erausgeklomm an hunn d'Netzer gewäsch.
3 Dunn ass de Jesus an ee vun den Naache geklomm, dem Simon säin, an huet hie gefrot, fir e Stéck erauszefueren. Hien huet sech gesat an huet vum Naachen aus déi vill Leit geléiert.
4 Wéi hie fäerdeg war mat Schwätzen, sot hien zum Simon: “Fuer eraus bis dohinner, wou et déif ass, a loosst är Netzer erof fir ze fëschen!”
5 De Simon huet geäntwert: “Meeschter, déi ganz Nuecht hu mir äis kristillegt, a mir hunn näischt kritt; ma wann s du et sees, da loossen ech d'Netzer erof.”
6 Wéi si dat gemaach hunn, hunn si mat enger Kéier esou eng Onmass Fësch gefaang, datt hir Netzer bal gerass sinn.
7 Si hunn hire Komperen an deem aneren Naachen en Zeeche gemaach, datt si kommen an hinnen eng Hand upake sollten. Déi si komm, an si hunn déi zwéin Naache gefëllt, esou datt dës drop an dru ware fir ënnerzegoen.
8 Wéi de Simon Péitrus dat gesinn huet, ass hie virum Jesus op d'Knéie gefall a sot: “Géi fort vu mir, Här, well ech sinn e Sënner!”
9 Hien an all déi aner, déi bei him waren, waren nämlech erféiert, well si esou vill Fësch beienee gefaang haten.
10 Gradesou ass et dem Jakobus an dem Johannes gaang, dem Zebedäus senge Jongen, déi mat dem Simon zesummegeschafft hunn. Du sot de Jesus zum Simon: “Fäert net! Vun elo u solls du Mënsche fänken!”
11 Nodeems si d'Naachen nees u Land gezunn haten, hunn si alles stoen a leie gelooss a sinn dem Jesus nogaang.
Kontext
De Jesus ass dann elo a Galiläa ënnerwee (vu 4, 14-9, 50; a 4, 44 steet, de Jesus wier ënnerwee gewierscht duerch d'Synagogen a Judäa; “Judäa” ass hei wahrscheinlech ze verstoen, wéi a Lk 1, 5: d'ganzt Land vun de Judden), an ënnerwee begéint hien ënnerschiddleche Leit, hie bewierkt Heelungen a féiert Sträitgespréicher; d'Jünger ginn ugeléiert an déi Leit, déi de Jesus unhuelen, kréien dann an der sougenanntener Ried um Feld (6, 20ff) eng Gebrauchsanweisung fir e Liewen a senger Nofolleg.
Lk 5, 1-11 gëtt gären iwwerschriwwe mat “pêche miraculeuse. Simon, Jacques et Jean suivent Jésus” (TOB), “The Calling of the First Disciples” (Nestlé-Aland), “Die Berufung der ersten Jünger” (EÜ). Mee, eigentlech sinn an dëse puer Vv. méi Motiver matenee verstréckt. D'Saach ass méi komplex. – D.h. d'Titelen an eise Bibele kënnen irleeden, resp. de Sënn vun enger Erzielung beschränken op dat, wat am Titel steet; esou ass et da relativ schwéier, den Text schwätzen ze loossen, op den Text ze lauschteren, wann ee scho vu virera gesot kritt, ëmt wat et geet. (Dofir en Tipp u Bibelgruppen: copéiert de Bibeltext, a loosst d'Iwwerschrëften ewech.)
Text
Dat hei ass geschitt, wéi vill Leit sech ëm de Jesus gedréckt hunn, fir dem Herrgott säi Wuert ze lauschteren (V. 1)
Déi vill Leit, vun deene mer bis elo héieren hunn, sinn d'Leit aus Kapharnaum (cf. 4, 42), Zeie vun den Dämonenausdreiwungen an Heelungen, déi de Jesus do bewierkt huet (cf. 4, 31-43) a Leit, déi an de Synagogen am Juddeland nogelauschtert hunn (cf. 4, 44). An souwuël d'Leit zu Kapharnaum, wéi déi an de Synagogen kréien ze verstoen, datt si Zeie si vun der Verkënnegung (dat griichescht Verbe “kärusso” heescht “eppes verkënnegen, wéi en Ausruffer, wéi en”Herold“) duerch de Jesus, wéi an”Dei Verbum“(DV 19) steet,”in Tat und Wort“vun dier Gudder Noriicht, vum Evangelium vum Herrgott sengem Räich (V. 43). – An et schéngt sech ronderëm ze”schwätzen, resp. d'Leit wëlle méi héieren; dofir sinn si bei de Séi Gennesareth komm (V. 1) fir ze lauschteren“. (De Lk schreiwt ni vum”Mier", wéi de Mk an de Mt et maachen.)
... an hien huet zwéin Naache gesinn ... dem Simon säin, an huet hie gefrot ... (Vv. 2-3)
hei kommen elo d'Fëscher mat derbäi, a besonnesch de Simon (an deem säin Naachen de Jesus d'éischt klëmmt, an dann eréischt freet fir erauszefueren). – De Jesus war scho beim Simon zu Gaascht (4, 38ff) an huet seng Schwéiermamm geheelt, awer et ass eréischt vum Schluss vun dëser Erzielung un (V. 11), datt hien dem Jesus nogaangen ass.
... an huet vum Naachen aus déi vill Leit geléiert (V. 3)
D'Leit gi “geléiert” (esou Zeene kenne mer och aus dem Mk an aus dem Mt, cf. Mk 4, 1f; Mt 13, 2f). - Dat Verbe, dat hei gebraucht gëtt (didasko) weist de Jesus elo als Léiermeeschter (en anert Bild, wéi nach e puer Vv virdrun a Lk 4, 44).
Wéi hie fäerdeg war mat Schwätzen, sot hien zum Simon: “Fuer eraus bis dohinner ... a loosst är Netzer erof fir ze fëschen!” (V. 4)
Och déi Zeen, déi elo ufänkt, kënnt engem bekannt vir, cf. z. B. Joh 21. – Mer gi gewuër, datt de Simon net eléng mat erausfiert (“loosst är Netzer erof”), an et fëscht een net am hellechten Do. – (D'Nolauchterer/d'Lieser deemools woussten dat a froten sech natierlech, wat elo kënnt. An de Lk, grad wéi d'Nolauschterer/Lieser haten aus de Schrëften, déi eist A.T. ausmaachen, am Hannerkapp, datt Gott eppes seet, an et geschitt.)
De Simon huet geäntwert: “Meeschter, ...” (V. 5)
“Meeschter” (= “epistatäs”) ass méi ee staarkt Wuert fir Léiermeeschter (didaskalos), wéi soss gebraucht gëtt; just de Lk gebraucht dëst Wuert, awer, bis op eng Ausnahm, ëmmer am Mond vun de Jünger (cf. 8, 24.45; 9, 33.43; Ausnahm: 17, 13); et schéngt es, wéi wa mat dier Uried en déift Vertrauen ausgedréckt géif; beim Simon kënnt et hei net vun ongeféier, de Jesus huet jo scho seng Schwéiermamm gesond gemeet (4, 38ff).
Wéi si dat gemaach hunn, hunn si mat enger Kéier esou eng Onmass Fësch ... esou datt dës drop an dru ware fir ënnerzegoen. (Vv. 6-7)
Heirop reagéiert de Simon, deen elo op eemol an nëmmen dës eng Kéier am Lk “Simon Péitrus” (V. 8) genannt gëtt; den duebelen Numm fir de Péitrus kënnt awer an deene véier Evangelie vir.
... ass hie virum Jesus op d'Knéie gefall a sot: “Géi fort vu mir, Här, well ech sinn e Sënner!” Hien an all déi aner, déi bei him waren, waren nämlech erféiert, ...(V. 8-9)
D'Uried ( op de Knéien) mat “Här”, dat “Erféieren” weisen drop hin, datt de Simon Péitrus an déi all déi aner verstanen hunn, datt hei eng göttlech Kraaft, eng göttlech Muecht duerch de Jesus um Wierk war; an de Simon Péitrus ass sech direkt bewosst, datt hien e Sënner ass, d.h. hie fillt sech onwierdeg. De Jesus offenbaart hei wien hien ass, an de Simon an déi aner hu verstanen. (Eng ähnlech “Epiphanie” liese mer a Lk 8, 22-25//: an deem, wat de Jesus mécht, verstinn d'Jünger wien hien ass.) Ernimmt ginn nach de “Jakobus” an de “Johannes”, déi zesumme mam Simon mat op de Bierg geholl ginn an der Erzielung vun der Verklärung (Lk 9, 28ff), Nimm, déi mer erëmfannen als Stäipe vun der Urkierch, nach éier iergendeen un e Paulus-Saulus geduecht huet.
... “Fäert net! Vun elo u solls du Mënsche fänken!” (V. 10)
D'Verbe am griicheschen “fäert net” (mä phobou) ass zesummegesat aus “mä” (= net ) an dem Imperativ präsent, d. h. wuertwiertlech: “hal op mat fäerten”, “fäert net méi”. – An d'Verbe fir “Mënschen ze fänken” ass effektiv dat selwescht wéi an de Vv. 6.9 (agreo = fänken), hei mat dem (net iwwersatenen Zousaz dsos/ “lieweg”); wuertwiertlech soll de Simon also “Mënsche lieweg fänken”. – D'Bild vun de “Mënsche fänken” gouf an de Judden hire Schrëften (eisem A.T.) gebraucht am Kontext vun der Strof, déi kënnt (cf. z. B. Jer 16, 16; Hab 1, 15.17 ) an trotzdem ass et an den Evangelien opgegraff gi fir deenen zwielef hir Missioun ze beschreiwen, nämlech d'Evangelium ze verkënnegen an esou Leit ze “fänken” fir datt si um Herrgott sengem Räich matschaffen a Jéngsterdag, beim Geriicht bestoe kënnen. – Och haut muss een oppassen, wou a wéi een dat Bild, dat Gläichnes gebraucht. Dem Simon oder deenen aneren hir Reaktioun gëtt net verzielt.
Nodeems si d'Naachen ... hunn si alles stoen a leie gelooss a sinn dem Jesus nogaang. (V. 11)
Déi dräi loossen alles stoen a leien; duerop insistéiert de Lk ëmmer erëm: wien dem Jesus nogoe wellt, muss bereed sinn alles duerfir opzeginn (cf. z. B. 5, 28; 18, 22); de Simon, de Jakobus an de Johannes sinn hei souzesoen d'Prototype vun all deenen, déi dem Jesus nogoe wëllen. “Engem nogoen” huet am Juddentum zu dier Zäit bedeit, sech engem Léiermeeschter/Rabbi unzeschléissen, hien ze respektéieren, him ënnerdoen ze sinn an him verschidden Déngschter ze leeschten (z. B. fir hien ze kachen); dat Verbe gëtt an den Evangelien opgegraff, awer de Sënn gëtt verréckelt: et ass net méi de Schüler/Jünger, deen sech säi Léiermeeschter eraussicht, mee, de Meeschter, deen sech seng Leit eraussicht, an déi Geruffe follegen direkt; d'Schüler/Jünger lauschteren net nëmmen dem Meeschter senger Léier no, mee si schaffen aktiv mat; si hänken esou wuël un der Léier, wéi och un dem Meeschter selwer (wéi dat soss just nach bei den Zeloten üblech war). Am Laf vun den Evangelie gëtt dann no an no beschriwwen wouranner déi Nofolleg besteet. Alles stoen a leien ze loossen ass nëmmen den éischte Schratt, duerno kënnt “life-long-learning”.
Kommentar: Françoise Biver-Pettinger