Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

3. Ouschtersonndeg C

$
0
0

1 De Jesus huet sech de Jünger beim Séi vun Tiberias op en Neis gewisen, an zwar huet hien sech esou gewisen:

2 De Simon Péitrus, den Thomas, deen Zwilling genannt gouf, den Nathanael vu Kana a Galiläa, dem Zebedäus seng Jongen an nach zwéin anerer vum Jesus senge Jünger ware beieneen.

3 De Simon Péitrus sot zu hinnen: “Ech gi fëschen.” Du soten si zu him: “Mir komme mat dir.” Si sinn erausgaang a sinn an den Naache geklomm. Ma an där Nuecht hunn si näischt gefaang.

4 Wéi et du scho Muerge ginn ass, stoung de Jesus um Uwänner [vum Séi]; d'Jünger woussten awer net, datt et de Jesus war.

5 Du sot de Jesus zu hinnen: “Kanner, hutt dir näischt fir z'iessen?” Si hunn him geäntwert: “Neen.”

6 Hie sot zu hinnen: “Geheit d'Netz op där rietser Säit vum Naachen aus, da fänkt dir eppes!” Dueropshin hunn si d'Netz ausgehäit, an si hunn et net méi gepackt, fir et eranzezéien, esou vill Fësch waren dran.

7 Du sot dee Jünger, mat deem de Jesus frou war, zum Péitrus: “Et ass den Här!” Wéi de Simon Péitrus héieren huet, datt et den Här war, huet hien sech d'Hiem ëmgebonnen – hie war nämlech plakeg – an huet sech an de Séi gehäit.

8 Déi aner Jünger si mam Naache komm – si sinn net wäit vum Land ewech gewiescht, ongeféier 200 Ielen –, an si hunn d'Netz mat de Fësch nogezunn.

9 Wéi si aus dem Naache geklomm an u Land gaang waren, hunn si um Buedem d'Glous vun engem Holzkuelefeier gesinn, an och Fësch, deen droplouch, a Brout.

10 De Jesus sot zu hinnen: “Bréngt e puer vun deene Fësch, déi dir elo grad gefaang hutt, heihinner!”

11 De Simon Péitrus ass higaang an huet d'Netz u Land gezunn. Et war voller grousser Fësch, 153 Stéck, an obschonns et der esou vill waren, ass d'Netz net gerass.

12 De Jesus sot zu hinnen: “Kommt iessen!” Et war kee vun de Jünger esou kéng fir nozefroen: “Wie bass du?”– si wousste jo, datt et den Här war.

13 Dunn ass de Jesus higaang, huet d'Brout geholl an huet hinnen es ginn, a gradesou de Fësch.

14 Dat hei war schonn déi drëtte Kéier, datt de Jesus sech de Jünger gewisen huet, zënter datt hien aus dem Doud erwächt gi war.

Kontext

Hei si mer elo ganz um Schluss vum Joh, nach no dem Epilog vu Joh 20, 30-31 (cf. 2. Sonndeg vun der Ouschterzäit C). Et gëtt ugeholl, datt entweder de Joh (= deen, dee schlussentlech d'Joh néiergeschriwwen huet ënnert dier Form wéi mär et kennen, minus d'Kapitel 21) selwer oder awer senger Schüler et fir néideg fonnt hunn dëst Kapitel nach un d'Kapitel 20 drun ze hänken. A wann een den Text vu méi no kuckt kann ee verstoen, firwat, zëmools wann een drun dénkt, datt dem Joh seng Chrëschtegemeinschaft mat zimlech ville Probleemer, interner, wéi och no baussen, ze kämpfen hat.

Text

(“No deenen heite Saachen” oder méi einfach “hei no” ass am liturgeschen Text vum V. 1 ewechgelooss.) – Déi Erzielung, déi elo kënnt erënnert zimlech u Lk 5, 1-11 (ass awer mat anere Fiedem gestréckt) an u Lk 24, un d'Jünger um Wee fir op Emmaüs. – D'Synoptiker schreiwe “Séi vu Gennesareth”, de Joh (Joh 6, 1.16 an hei: ass dat en Zoufall?) de réimeschen Numm “Séi vun Tiberias”. Mer hunn dräi Fiedem: eng Erscheinung vun deem Operstanenen deen si eréischt vu Wäitem erkennen, vgl. Vv. 4.7 op eemol fänken si ganz vill Fësch, vgl. Vv. 3.6 (an hei ass keng Gefor, datt d'Netz räisst cf. V. 11 an op eemol hunn si z'iessen, wou virdrun näischt war, vgl. Vv. 5.9).

De Simon Péitrus, den Thomas, deen Zwilling genannt gouf,... (V. 2)
Si sinn zu hirer siwen – a wou sinn déi aner véier? – Méi wäit am Text (V. 7) gi mer gewuër, datt och de Jünger mat deem de Jesus frou war (am Joh de Modell fir all Jünger) mat am Naache war; hie gëtt hei awer net mat opgezielt.

De Simon Péitrus sot zu hinnen: “Ech gi fëschen.” Du soten si... (V. 3)
De Péitrus schéngt d'Cheferoll iwwerholl ze hunn. – Mee, just e puer Verse virdrun haten d'Jünger Hellege Geescht kritt an si waren erausgeschéckt gi fir d'Evangelium ze verkënnengen. – Haten si hiren neien Opdrag éire scho vergiess? – Hunn se dofir vläicht näischt gefaang? Oder ass dat just en Element, dat an der Erzielung gebraucht gëtt fir datt se kann zu hire Pointë kommen?

Wéi et du scho Muerge ginn ass, stoung... (Vv. 4-5)
Dës zwee Vv. kréien hiirt Géigegewiicht méi wäit, an de Vv.7.9.; se erënneren och un d'Jünger um Wee op Emmaüs. – Komesch ass, datt déi siwen, ouni dee Mënsch do ze kennen, deem si mueres fréi begéinen, follegen ouni ze mouken. – A komesch och, datt deen Operstanenen Honger huet (cf. och Lk 24, 30.42); hien ass also kee Geescht.

Hie sot zu hinnen: "Geheit d'Netz op där rietser Säit... (Vv. 6-7)
Déi riets Säit war fréier déi gutt Säit. – Si sinn no beim Uwenner, an normalerweis fëscht do kee méi, wann d'Sonn bis op ass, well d'Fësch dann an dat déift, kilt Waaser schwammen. – Mee: hiirt Netz ass esou voll Fësch, datt si et bal net méi packen – an elo ass dee Jünger, mat deem de Jesus frou war, méi séier wéi de Péitrus; hie seet dem Péitrus, an net deenen aneren, seng Erkenntnis (cf. och Joh 20, 4-6). - Do derhannert stécht d'Geschicht vun der joh Gemeinschaft: si hunn sech als Ierwe gesi vun deem Jünger, mat deem de Jesus frou war, waren awer op eemol zimlech zersplittert an hiren Iwwerzeegungen, datt hir eenzeg Iwwerliewenschance war, sech un déi an der Tëschenzäit méi grouss a besser organiséiert Chrëschtegemeinschaft, déi sech als Ierwe vum Péitrus ugesinn huet, ze rattachéieren; och d'Erzielung vun deenen zwou Zorte Schof, Joh 10 weist an déi Richtung): hien erkennt ‘den Här'. – Spontan (esou kréie mer de Péitrus ëmmer erëm gewisen, cf. z. B. Joh 13, 8) spréngt de Péitrus an d'Waasser; wahrscheinlech aus Respekt deet hien säin Hiem un (obschonn hien da méi schwéier schwëmmt); d.h. de Joh seet eis, datt wéi de Péitrus bis erkannt huet, datt de Jesus do war, hien sech an d'Waasser gehäit huet - am iwwerdroene Sënn, wéi mär och haut nach den Ausdrock gebrauchen.

Déi aner Jünger si mam Naache komm... (V. 8)
Hei hunn se hir Méi zu sechs mat dem Netz, dat de Péitrus hannenoter (V. 11) eléng zitt.

Wéi si aus dem Naache geklomm an u Land gaang waren... (V. 9)
Elo op eemol ass z'iessen do (cf. V. 5), an et ass scho prett (eng Glous brauch jo awer hir Zäit), an awer seet deen Operstanenen, sollen si nach méi Fësch bréngen (V. 10).

De Simon Péitrus ass higaang... (V. 11)
Et ass scho (Brout a) Fësch do, de Péitrus soll der awer nach siche goen; zielt hien se och nach? – Op jiddfer Fall, kréie mer gesot, et wieren der 153. Iwwert déi Zuël ass scho vill geschriwwe ginn; plausibel schéngt d'Erklärung beim Kierchepapp Hieronymus: déi Zäit waren déi Geléiert der Meenung, et géifen am Ganzen 153 verschidden Zorte Fësch (firwat, schreiwt hien net); d. h. de Jesus huet scho Fësch fir ze deelen (am positive Sënn! = an der Kierch, an der Chrëschtegemeinschaft si scho Fësch = si scho Leit); mee, de Péitrus kritt gesot, hie soll der nach brénge vun deenen 153, also aus allen Härelänner (och Chrëschten aus der joh Gemeinschaft, aus dem joh Netz), well d'Netz gëtt wuël schwéier, mee de Péitrus packt et an d'Netz hält duër, et räisst, wider Erwaarden, net!

De Jesus sot zu hinnen:... (Vv. 12-13)
Hei steet elo d'Brout am Mëttelpunkt; de Jesus rifft si all fir et ze deelen; eng Uspillung un d'Eucharistie, wou d'Jünger, d.h. d'Chrëschte wëssen, datt et deen Operstanen ass, deen hinne vum Brout (a vum Fësch) gëtt.

Dat hei war... (V. 14)
Dräi ass an der Bibel d'Ziffer vun der Vollkommenheet. – D'Erzielung huet nach eng Suite no dem Iessen, wou et nach méi ëmt déi zwou Haaptfiguren (de Péitrus an de Jünger, deen de Jesus gär hat) geet, d.h. ëmt déi zwou Chrëschtegemeinschaften, déi jiddfereng hire Wee gaange war, a schlussentlech hu missen zesummefannen - wat weder dier enger nach dier anerer Gemeinschaft liicht gefall ass. Mee, et geet, seet den Text, well deen Operstanenen steet derhannert.

Kommentar: Françoise Biver-Pettinger


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411