27 De Jesus sot: "Meng Schof lauschteren op meng Stëmm; ech kennen se, an se komme mir no.
28 Ech ginn hinnen éiwegt Liewen. An all Éiwegkeet ginn se net verluer, an et hëlt kee mir se aus der Hand.
29 Mäi Papp, dee mir se ginn huet, ass méi grouss wéi alles, an et ka keen dem Papp iergendeppes aus der Hand huelen.
30 Ech an de Papp, mir sinn eent."
Kontext
D'Evangelium vun dësem Sonndeg sinn e puer Versen aus Joh 10, deem Kapitel wou mer zwee Gläichnësser (Vv. 1-5; 7-10) iwwert d'Dier fir era bei d'Schof, an iwwert de gudden Hiirt liesen; an deem Text si vill Theme matenee verwieft, well do kommen och nach en Déif, dem Hiirt seng Stëmm, de gedangten Hiirt, Schof aus dëser Perche a Schof aus enger anerer Perche, asw. – D'Kapitel 10 geet, wéi z. B. och d'Kapitele 7-8, ëmt d'Ausenanersetzung mat ‘de Judden' (de Joh verallgeméngert a geheit déi meescht Judden an een Dëppen, wouranner sech d'Ausenanersetzung vu senger Gemeinschaft mat Judden erëmspiggelt; cf. och ad V. 19, Evangelium vum 2. Sonndeg vun der Ouschterzäit ABC). Zu Jerusalem gëtt grad ‘Hanukkah' gefeiert (V. 22), dat Fest, dat un d'Wei vum restauréierten Tempel no der Gewaltherrschaft vum Antiochus Epiphane IV erënnert (cf. 1Makk 4, 36-59; 2Makk 1, 9.18); am Joh seet de Jesus méi dacks wichteg Saachen op grousse juddesche Fester (cf. z. B. Joh 13, d'Evangelium vu Gréngendonneschdeg).
Text
De Jesus sot
Dës Introductioun steet just nëmmen am liturgeschen Text.
Meng Schof lauschteren op meng Stëmm... (V. 27)
Hei gräift de Joh nach eng Kéier dem Jesus seng Ried aus dem V. 3 op; am Géigesaz zu ‘de Judden' (V. 24) lauschteren seng Schof op seng Stëmm. D'Controvers tëscht de Chrëschten aus dem Joh senger Gemeinschaft a Leit aus dem Juddentum muss zergutschtert gewierscht sinn.
... ech kennen se, an se komme mir no (V. 27)
‘Kennen' am biblesche Sënn heescht ‘eng Erfahrung maache mat/gemeet hu mat'; ‘se komme mir no' ass d'Ëmschreiwung fir d'Nofolleg, fir d'Jünger-sinn ( ‘komm mir no').
Ech ginn hinnen éiwegt Liewen. An all Eiwegkeet... (V. 28)
De Jesus gëtt hinnen Undeel um éiwege Liewen; eegal wat geschitt, keen an näischt gëtt de Christus-Hiirt Meeschter (cf. Vv. 7ff; cf. och d'Fro vum V. 24: bei de Synoptiker gëtt déi Fro esou kloer gestalt am Jesus senger Uklo virum Sanhedrin; beim Joh seet hien ëmmer erëm, datt hien ‘Ech sinn' ass, deen, dee geschéckt ginn ass, wéi wann säi Prozess eigentlech säi ganzt Liewen duerchzunn hätt). Fazit: Seng Schof brauchen net ze fäerten.
Mäi Papp, dee mir se ginn huet,... (V. 29)
An nach manner brauch et de Schof Angscht ze sinn, well de Christus-Hiirt selwer réckverséchert ass op Gott(cf. d'Uspillung u Jes 43, 13)!
Ech an de Papp, mir sinn eent. (v. 30)
Dohir kënnt dem Jesus seng Sécherheet (cf. Joh 5, 17-19); fir seng Géigner eng Ongeheierlechkeet (cf. z. B. och nach Joh 17, 11.22)! – Déi johannäesch Texter hu sécher dozou bäigedroen, datt d'Kierchepäpp ugefaangen hu sech Gedanken ze maachen a Richtung Dräifaltegkeet.
Kommentar: Françoise Biver-Pettinger