Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Daf vum Här C

$
0
0

Kontext

Am Kapitel 3 vum Lk trëtt de Johannes den Deefer ëffentlech op (Vv. 1-20). Duerno hëlt de Jesus d'Relève.

Am Evangelium vun dësem Sonndeg liese mer en Echo vun de Spannungen tëscht dem Johannes senge Jünger an dem Jesus sengen nach laang no dem Johannes sengem Doud hunn eng Parti vu senge Schüler hie fir de Messias gehalen (besonnesch am Johannes liest een dëse Konflikt eraus). Den Evangeliste geet et drëms ze betounen, datt de Johannes sech selwer net als de Messias gesinn hätt.

Text

D'Vollek war voll Erwaardung, an alleguer hunn si sech bei sech gefrot (V.15)
si hunn sech bei sech gefrot, wuertwiertlech “si hunn sech an hiren Häerzer gefrot”; an der juddescher Opfaasung vum Mënsch ass d'Häerz déi Plaz, wou iwwerluecht gëtt an Entscheedunge geholl ginn. - Ëmt déi Zäit war d'Hoffnung op de “Messias” (= dee Gesaleften = de Christus; hei froen sech Judden, ier de Johannes éieren de Messias ass – de Lk géif vum Christus schreiwen) am juddesche Vollek ganz grouss; d'Leit hunn sech schwéier gedoe mat der jorhonnertelaanger Okkupatioun duerch Friemer (cf. vun de Makkabäerbicher bis bei d'Réimer). Et ass haaptsächlech op e politesche Messias (ausser zu Qumran) gewaart ginn, deen d'Réimer erausgeheie géif an dat “aalt” Israel, wéi ënnert dem Kinnék David, evtl och als e Gottesstaat erëm opriichte géif.- Déi Zäit ass och méi wéi een opgetrueden, deen sech zum Messias beruff gespuert huet, bis hin zum Bar Kochba (2. Krich géint d'Réimer, deen 135 zu Massada en tragescht Enn fonnt huet).

Du sot hien zu hinnen all "Ech deefen iech elo mat Waaser, ma et kënnt een, dee méi staark ass... (V.16)
wuertwiertlech “ech deefen iech elo mat Waaser/ hien deeft iech am Waasser an am hellege Geescht; hei gëtt den Ënnerscheed gemeet tëscht dem Johannes an dem Jesus senger Daf; engersäits kann et sinn, datt de Johannes eng fir eis zimlech”brutal“Messiaserwaardung hat (cf. 17), anerersäits kann hei schonn eng Uspillung sinn u Päischten (cf. Apg 2, 3-4), woubäi am Hellege Waaser an am hellege Geescht méi ass, wéi e Geste, mee eppes wéi eng aktiv Präsenz, déi do ugefaangen huet, an an dier déi Gedeeften ewéi dra stinn, ewéi am Stuerm, deen ëmt d'Leit an der Apg op Päischten bléist. (Zu däer Zäit war eng rituell Réngegung mat Waasser am Juddentum bekannt (z. B. zu Qumran, wou awer och Wäert geluecht ass ginn op eng bannewänneg Bekéierung, bei de Pharisäer, an och bei de Proselyten, d.h. Leit, déi sech zum juddesche Glawe bekéiert hunn). Dem Johannes seng Daf war awer e bëssen anescht, seng Daf war jiddferengem zougänglech an si war just fir ee Mol, d.h. si konnt normalerweis keng zweete Kéier widderholl ginn. Et huet een sech misse virhuelen sech seriös ze bekéieren, en vue vum Noloosse vun de Sënnen. D'Sënnen huet ee missen haart agestoen.”Sech bekéieren“huet geheescht, versichen d'Kéier am Liewen ze kréien a versichen op Gott ze vertrauen. Wie vum Johannes gedeeft ginn ass, ass mat eragaangen an d'Endzäit, d.h. an déi lescht Etapp vun der Geschicht tëscht dem Herrgott an de Mënschen.) De Johannes schwätzt net fir sech, ma fir deen,”dee méi staark ass" wéi hie selwer; d'Stäerkt gehéiert zu den Attributer vum Messias (cf. Jes 11, 2; 49, 25). De Johannes gesäit sech als manner wéi e Sklav, well hien et net emol wäert ass, deem dee méi staark ass wéi hien, d'Schongstréckele lasszemaachen. (E Judd konnt net vun sengem juddesche Sklav verlaangen him d'Stréckele lasszemaachen!) An den Evangelie gëtt drop insistéiert, datt de Johannes sech selwer ganz kleng gemeet huet an datt hien sech just als Virleefer gesinn huet vum Messias. Historesch gesinn huet dat seng Ursaach am Konflikt tëscht Johannes- a Jesusjünger, déi allebéid an hirem Léiermeeschter de Messias gesinn hunn. Dëse Konflikt ass doduerch verschäerft ginn, well de Jesus zu ugangs wahrscheinlech e Jünger vum Johannes war.

Wéi dat ganzt Vollek gedeeft ginn ass, ass och de Jesus gedeeft ginn.... (V. 21)
Fir de Lk ass et wichteg ze soen, datt de Jesus sech areit an déi Beweegung vun der Emkéier vun deem ganze juddesche Vollek; hie steet net do driwwer, mee matzen dran. -

Iwwerdeems hie gebiet huet, ass den Himmel opgemaach ginn... (V. 21)
De Lk weist de Jesus dacks, wéi hie bied (cf. 5, 16; 6, 12; 9, 18.28f; 10, 21;...). - Dat, wat hei geschitt steet um Ufank vum Jesus sengem ëffentlechen Optrieden; déi Offenbarung hei (well eng Offenbarung ass et) ass gläich ze setze mat de Prophéten hirer Beruffung um Ufank vun hirer Missioun. De Jesus ass hei duergestallt als de Prophéit, op deem dem Herrgott säi Geescht ass (cf. Lk 4, 18), dem Herrgott säi “Jong (V. 22)”, de Messias, deen duerch d'Prophéiten ugekënnegt gi war – de Jesus, an net de Johannes). –“Den Himmel ass opgemaach ginn” = “passif divin”, d.h. datt Gott eppes mécht.

... an den hellege Geescht ass an der Gestalt vun enger Dauf op hien erofkomm.... (V. 22)
Wuertwiertlech “an der Gestalt wéi vun enger Dauf”, d.h. de Lk betount stark, datt hei e Symbol gebraucht gëtt – den hellege Geescht ass keng Dauf! – Et gëtt da versicht dat Symbol, dat mer beim Jesus senger Daf an alle véier Evangelien erëmfannen, z'erklären; eng méiglech Erklärung ass d'Referenz op eng juddesch Traditioun, déi dem Herrgott säi Geescht, deen iwwert de Waasser bei der Schëpfung schwieft, als Dauf beschriwwen huet; deemno géifen d'Evangeliste soen, datt mat dem Jesus senger Daf eng nei Schëpfung ugefaangen huet (cf. Gen 1, 2).

An eng Stëmm koum aus dem Himmel “Du bass mäi Jong, an...” (V. 22)
“... aus dem Himmel” = Emschreiwung fir “Gott”. - Hei hu mer eng Allusioun un 2Sam 7, 14 an de Ps 2, 7. De Jesus gëtt als Messias inthroniséiert; wann een elo bedenkt, datt dës Offenbarung ‘vu ganz uewe' kënnt, dann war/ass vun Ufank u fir d'Chrëschten oder d'Katechumene kloer, wien de Jesus ass a wat seng Missioun ass. – D'Jünger ronderëm de Jesus hu ganz séier gemierkt, datt dee Mënsch Jesus eng ganz besonnesch Relatioun hat mat Gott, sengem Papp/ “Abba”; fir dës eenzegaarteg Relatioun ze beschreiwen hunn si, resp. d'Evangelisten de Jesus als “dem Herrgott säi Jong”ëmschriwwen; domadder hunn si e Begrëff aus dem Alen/Eischten Testament opgegraff, an deem de Kinnek als dem “Herrgott säi Jong” bezeechent ginn ass a spéiderhin dat ganzt juddescht Vollek, well hien, resp. si all eng ganz speziell, no, vertraute Relatioun mat Gott hu sollten. Am Jesus entlech ass dunn déi Bezéiung realiséiert ginn; spéiderhin hunn d'Kierchepäpp dës déif Gedanken an Iwwerleeungen opgegraff an hir Schlussfolgerungen, no villem Hën an Hir, liese mer an deenen éischten Dogmen, resp. soe mer am Credo.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411