Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Hellegt Häerz Jesu C

$
0
0

Kontext

An deenen zwee Vv. virun eisem Text kréie mer d'Steierandreiwer an d'Sënner beschriwwen, déi all bei de Jesus kommen – wat d'Pharisäer an d'Schrëftgeléiert knouteren deet. De Jesus hëlt dozou Stellung an deenen dräi Gläichnësser, déi hien elo verzielt (Vv. 3-7. 8-10. 11-32); hei geet et ëmt een/eppes verléieren, en/et erëmfannen an sech driwwer freeën.

De Jesus huet keen Ënnerscheed gemeet a souz esouwuël mat Pharisäer (ganz fromm Leit) a Schrëftgeléierten (och éierlech ëmt e gottgefällegt Liewe beméite Leit) um Dësch, wéi mat Steierandreiwer (déi och nach Collaborateure ware mat der réimescher Besatzungsmuecht) a soss sougenannte Sënner. – Dës Dëschgemeinschaft, wou jiddfereen seng Plaz huet an déi sech zesummefënnt fir dem Jesus sengem Evangelium/senger Gudder Noriicht nozelauschteren, gëtt schonn den Ëmrëss vu sengem leschten Iessen mat senge Jünger (wou hien och säin Testament mécht), dem ‘leschten Abendmahl', wou hien d'Eucharistie asetzt. – Dat kënnt awer net esou richteg u bei deenen, déi knouteren (an esou sech selwer ausschléissen – well si méngen, si wiere méi gottgefälleg, wéi déi Sënner all), wat schliisslech derzou féiert, datt si dem Jesus säin Doud beschléissen.

Text

De Jesus huet de Pharisäer an de Schrëftgeléierten dëst Gläichnes erzielt (V. 3)
Eigentlech ass dëst d'Aleedung an déi dräi Gläichnësser; haaptsächlech déi zwéin Eischt hänken zesummen: eppes ze widderhuelen, oder besser ‘duebel z'erzielen' war eng Reegel vun der antiker Rhetorik.

"Wie vun iech, deen 100 Schof huet... (V. 4)
D'Leit, déi deemools nogelauschtert hunn, konnten hei direkt verstoen, datt d'Gläichnes ëmt Gott a säi Vollek geet, well hinnen d'Bild vu Gott als den Hiirt vun Israel aus der Schrëft/eisem A.T. bekannt war (cf. z. B. Gen 48, 15; Hos 4, 16; 13, 4-6; Mi 2, 12f;; 7, 14; Jer 31, 10;...); esouguër Erzielungen iwwert d'Schof, dat erëmfonnt gëtt, ware bekannt als Gläichnes fir d'Rettung duerch Gott (cf. Mi 4, 6f; Jer 23, 1-4; Ez 34, 11-16); am V. 7 gëtt dann d'Analogie (fir déi Leit, déi de Lien nach net gemeet hätten) opgeléist. –“D'Wüüst ass déi Plaz, wou a Palestina d'Schof lafe gelooss si ginn (de Mt schreiwt am Parallel-Text Mt 18, 12”Bierger“). –”Wie vun iech": d'Fro riicht sech u jiddfer eenzelnen; en Trick vun de Gläichnesser ass, datt, wann een den Ufank bis gelauschtert huet, een net méi onparteiesch bleiwe kann! – Wat d'Behuele vun engem gudden a verantwortungsvollen Hiirt ausgemaach huet (cf. Ez 34, 6.25) kënne mär schlecht kritiséieren, och wann et eis vläicht oniwwerluecht virkënnt 99 Schof wéinst engem der Gefor auszesetzen.

A wann hien et fonnt huet... (Vv. 5-6)
Den Hiirt gëtt sech wierklech Méi: hie sicht, bis hien et entlech fonnt huet (V. 4), dann hëlt hien et voll Freed (net rosen!; e Motiv, dat wichteg ass, cf. Lk 9, 23f.32; 15, 7. 10.32) op seng Schëlleren an invitéiert d'Frënn an d'Noperen sech him unzeschléissen.

Ech soen iech: Esou... (V. 7)
Elo kënnt Gott (= am Himmel) méi explizit an de Bléck: hie gëtt net emol 1% vun de Mënschen op; hie wëlt d'Trap Schof komplett hunn, och wann 99% vun hinne waarde mussen. – Wéi sollen d'Pharisäer an d'Schrëftgeléierten sech gefillt hunn, wéi si esou Erzielungen héieren hunn? Hunn si sech automatesch als der vun deene 99 Gerechten, déi et net néidesch hunn ëmzedenken, gesinn (V. 7)?
Den Akzent vun dësem Gläichnes (an deenen zwéin aneren hannendrun) läit awer net nëmmen op dem Hiirt/Gott, dee keng Méi scheit fir dat Schof ze sichen, dat ier gaangen ass, mee och op der Invitatioun sech mat him ze freeën an sech der Fro ze stellen, ier een dann elo dat eent Schof ass, oder éischter eent vun deene 99. – Eegal wéi, allen 100 sinn se agelueden, sech mat ze freeën.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411