Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Hellegt Häerz Jesu C

$
0
0

3 De Jesus huet de Pharisäer an de Schrëftgeléierten dëst Gläichnes erzielt:

4"Wie vun iech, deen 100 Schof huet an eent dervu verléiert, léisst net déi 99 an der Wüüst zréck a geet deem verluerenen no, bis hien et fënnt?

5 A wann hien et fonnt huet, dann hëlt hien et voll Freed op seng Schëlleren.

6 Doheem rifft hien d'Frënn an d'Noperen zesummen a seet zu hinnen: 'Freet iech mat mir, well ech hu mäi Schof, dat ech verluer hat, erëmfonnt!'

7 Ech soen iech: Esou ass och am Himmel méi Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt, wéi iwwer 99 Gerechter, déi et net néideg hunn, ëmzedenken."


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411