e Samschdeg, den 10. Mee 2014 vu 16.00 Auer un
beim “Bicherzelt” vun der ErwuesseBildung am Bannenhaff tëscht Kathedral an Nationalbibliothéik
Op eis waart eng Schatzkëscht voll mat Märercher – där, déi mir scho gutt kennen an där, déi mir nach net esou dacks héieren hunn. Fir jiddereen ass sécher déi richteg Geschicht dobäi. Et muss ee sech just an ons kleng Mäerchewelt erantrauen. Verzielt ginn d'Märercher op Lëtzebuergesch an och op Franséisch (*). D'Kanner kënnen sech umellen, fir eng oder och méi Geschichte lauschteren ze kommen. Donieft hale mir fir déi kleng Nolauschterer e puer nascheleg Schneekereien aus eiser Hexekiche bereet.
De Programm:
Fir “Hexemeeschteren” an “Prinzessinen” aus dem Cycle 1 + 2 (4 – 7 Joer):
- 16.00-16.20 Auer: Kurs 144650M (*) contes uniquement en français!!!
- 16.30-16.50 Auer: Kurs 144660M
- 17.00-17.20 Auer: Kurs 144670M
- 17.30-18.00 Auer: Kurs 144680M
Fir “Prënzen” an “Zauberfeeën” aus dem Cycle 3 + 4 (8 – 11 Joer):
- 17.00-17.45 Auer: Kurs 144690M (*) contes uniquement en français!!!
- 17.50-18.20 Auer: Kurs 144700M
- 18.30-19.00 Auer: Kurs 144710M
Umeldung:
per Telefon (4 47 43 340)
per Mail (info chez ewb.lu) bis de 5. Mee 2014
Gitt w.e.g. déi entspriechend Kursnummer(en) un.
Beitrag: 3 € pro Virstellung (ginn op der Plaz bezuelt)
Organisatioun: Aarbechtsgrupp “Kannerbicher” vun der ErwuesseBildung
Responsabel: Danielle Mertes, ErwuesseBildung
W.e.g. mellt Iech of, wann Dir Är Umeldung musst annuléieren.