Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Sech beweege loossen – D'Maria, eng Fra mat Charisma (Lk 11,27-28)

$
0
0

D'Priedegt lauschteren

Download
Quell: wort.lu

Evangelium: Lk 11,27-28

Wéi de Jesus d'Leit geléiert huet, huet matzen ënner deene villen, déi do waren, eng Fra him zougeruff: “Glécklech de Schouss, deen dech gedroen, an d'Broscht, déi dech geniert huet!”

Hien awer huet geäntwert: “Glécklech si villméi déi, déi dem Herrgott säi Wuert héieren an sech dorun halen!”

7. Oktavpriedegt

1. Vun engem Manager gëtt hautesdags vill verlaangt. Selbstverständlech brauch hie Qualitéiten an e sens entrepreneur. Awer hie soll och méiglechst vill Ausstrahlung hunn an eng Perséinlechkeet sinn. Hie muss Visiounen hunn, hie muss kënnen Ziler formuléieren an Nolauschterer matrappen.

Charisma nennt een dat, wat all Top-Manager brauch. Charisma! De Begrëff boomt. Fuerscher beschäftege sech dermat, wat et mat dem Charisma op sech huet.

Charisma ass am Fong geholl e bibleschen, en theologesche Begrëff a bedeit esou vill wéi „Gnod“, eng „Gof vum Hellege Geescht“, déi e Mënsch der Gemeinschaft zur Verfügung stellt an déi hie benotzt, fir d'Evangelium ze verkënnegen. Dat muss elo net onbedéngt eng aussergewéinlech Gof sinn. D'Koschtesch, déi d'Kierch rëscht, oder de Museker, deen e Lidd vertount, een, deen sech am Bénévolat engagéiert, si all loossen hir Talenter zu engem Charisma ginn.

2. Et gëtt awer och Mënschen, deenen e besonnescht Charisma zougesprach gëtt. Dozou gehéiere reliéis Perséinlechkeeten, wéi eise Poopst Franziskus, dozou gehéiere prophéitesch a missionaresch Glaweszeien, wéi eng Mère Teresa vu Calcutta, awer och esou munnech Personnalitéiten aus der Politik an der Gesellschaft, déi vrun allem a Krisesituatiounen hir Wierkung entfalen. Do nennen ech elo bewosst keen, mä ech denken, hei falen äis sécher déi eng oder déi aner Nimm an. D'Entreprisë wëssen haut, datt Visiounen néideg sinn. Déi, déi an der Économie d'Soen hunn, maache sech dofir op d'Sich no Sënn an no Charisma. Och déi ganz Branche vun der Publicitéit lieft vun der Erkenntnes: Et keeft een net nëmme Wueren, et keeft een eng Iddi, eng Aura, also eppes, wat ausstraalt.

Zënter Joren heefe sech wësseschaftlech Étuden, déi charismatesch Féierungsqualitéite moosse wëllen. Den onergrëndleche „Facteur X“– also d'Charisma– gouf zu enger neier, geheimnesvoller Eegeschaft vum Manager.

Och de Jesus hat charismatesch Féierungsqualitéiten: z. B. sozial Kompetenz, Responsabilitéit, Courage, eng gekonnt Auswiel vu Mataarbechter, wéi hien et bei der Wiel vun sengen Apostele bewisen huet. Hie muss op seng Sympathisante grad ewéi op seng Géigner eng immens Impressioun gemaach hunn. D'Vollek sot voller Verwonnerung: „Hie léiert wéi een, dee Muecht huet“, gëttlech Muecht. Hien hat Geescht a Charme an Ausstrahlung wéi keen aneren.

3. Hei virum Votivaltor, wou mir den Owend als Männer ënnert äis sinn, géif ech trotzdeem gär op eng Fra hiweisen, déi een och als Fra mat Charisma bezeechne kann: op d'Maria, dem Jesus seng Mamm, eis Tréischterin. Si hat an huet bis haut eng geheimnesvoll Ausstrahlung. Si zitt d'Mënschen un – soss wiere mir wuel kaum den Owend zu dëser spéider Stonn hei. Do muss eppes derhannert stiechen, datt d'Muttergottes esou vill an esou ënnerschiddlech Mënschen unzitt, datt scho Kanner spontan Vetrauen zu hir hunn, datt Mënschen zu Haf op déi verschidde Muttergottes-Wallfahrtsplaze pilgeren, datt e Kranken an der Nout spontan „Maria, hëllef mir!“ seet, datt gestane Männer op si schwieren, datt al Leit, déi schonns een no deem anere verluer hunn, hiert No-Sinn sichen.

Eng Fra mat Charisma! Eng Fra, déi mat engem Management vu Léift Mënschen zesummeféiert, déi et fäerdeg bréngt, souguer déi gréisste Skeptiker fir Christus z'intresséieren – och wann et der do ëmmer erëm gëtt, déi mengen, am Numm vu Fortschrëtt an Erneierung alles missten an d'Lächerlecht ze zéien, an déi dofir um Enn just där „Ewig-Gestrigen“ bleiwen!

D'Maria ass eng Fra mat Charisma! Dat ass, mat anere Wierder ausgedréckt, awer leschtenenns dat selwecht wéi dat, wat den Engel hir zu Nazareth gesot huet: „Du bass ganz an der Gnod!“

Mir kënnen dëst Kompliment erweideren: Du bass räich un Talenter! Du bass erfëllt vun de Gowe vum Hellege Geescht! Du hues äis an der Kraaft vun deem Hellege Geescht de Jesus Christus geschenkt. Den Härgott selwer wunnt an dir, an dengem Schouss, op dengem Aarm. Du hues am Haus vun der Elisabeth bewierkt, datt dës al Fra op eemol vum Hellege Geescht erfëllt gouf, esou datt de klenge Johannes an hirem Schouss sech beweegt huet. Du hues op der Houchzäit zu Kana présence d'esprit gewisen, wéi kee Wäi méi do war. Dunn hues du diskret beim Jesus nogebuert an Hëllef vermëttelt: net nëmme gudde Wäin, mä och d'Offenbarung vun senger Herrlechkeet. An am Päischtsall waars du derbäi, mattendran, wéi den Hellege Geescht déi jonk Kierch staark a phantasievoll gemaach huet. Du hues och no dengem Liewen hei op der Äerd net opgehal, charismatesch ze wierken. Du bass nach ëmmer domat amgaang! Och elo, an dëser Stonn!

4. D'Maria ass déi, déi vum Geescht erfëllt ass, déi vum Geescht begaabt ass, méi wéi all déi aner mat Gnoden a mat Charisma ausstafféiert, iwwerräich vum Härgott beschenkt, an ëmmer neess do, fir dat, wat si geschenkt krut, un äis Mënsche virunzeschenken.

Nëmmen esou versti mir, wien d'Maria, d'Mamm vu Christus ass: ganz vum Hellege Geescht hier! Sou versteet een och, firwat d'Mënschen esou vill Heelung an Hëllef bei hir erfueren. D'Bibel zielt zu de Charismen, déi den Hellege Geescht an de Communautéite waakreg rifft, och d'Gowe vun der Heelung, vum Tréischten, vum Hëllefen a vum Déngen. Sollt ausgerechent d'Maria, déi jo voll vu Gnod ass, dës Gowen net hunn? Et fällt op, datt op deene Plazen, wou d'Muttergottes besonnesch veréiert gëtt – och hei an eiser Oktav – charismatesch Phänomener vun der Urkierch ze fanne sinn: Zeechen, Heelungen, Prophetie, Evangelisatioun, Bekéierung. Vrun allem geschitt do esou eppes wéi Sammlung vum Härgott sengem Vollek. Ob dat net dat grousst Charisma vun der Maria ass: Mamm ze si fir äis all, esou wéi hire Jong, de Jesus et um Kräiz wollt?

5. Dee selwechte Geescht, deen si zur Mamm vum Gotteskand Jesus Christus gemaach huet, mécht si fäheg, un äis Mënsche villfälteg Mammendéngschter ze leeschten. Eis Oktav ass eng Plaz vu Gnod, eng Plaz mat Charisma, eng Plaz, déi ausstraalt. Hei gëtt dat lieweg, wat um Päischtdag geschitt ass: d'Gebiet vun de Jünger zesumme mat der Maria, d'Geschenk vum Hellege Geescht an domat verbonnen och d'Erhéiere vum Gebiet, a schliisslech de Courage vun de Jünger, fir als Zeie vun der Operstéiung vu Christus opzetrieden. Bei der Muttergottes ginn d'Mënschen, gi mir zu Apostelen!

Ech denken un e jonken Ingénieur, vun deem e Kolleeg sot: „Wann hie bei mir am Büro war, huet hien ëmmer en eegenaartege Glanz zréckgelooss. Hie fällt op duerch seng aussergewéinlech Responsabilitéit, säin Talent a seng waarm Mënschlechkeet.“

Oder ech denken un e 17 Joer aalt Meedchen, dat biet: „Härgott, hëllef mir, datt mäi Bléck transparent ass an deng Léift duerchstrale léisst, däi Verstoen, deng Häerzlechkeet.“

Oder ech denken un eng jonk Koppel. Si gleewen, datt den Härgott a jiddfer Gedeefte lieft. An do geet et deene béiden op: Da si mir jo ee fir deen anerern e Stéck Himmel. An si soen: „Dat huet bewierkt, datt mir ëmmer méi dacks am Staunen ee virun deem anere stinn a vill méi sensibel am Ëmgank matenee gi sinn. Och d'Zäertlechkeeten, déi mir austauschen, hunn eng aner Dimensioun kritt.“

Mir doe gutt drun, heihinner bei d'Muttergottes ze kommen. Si léisst äis deelhuelen un hirem Räichtem, si schenkt äis hiert gutt a rengt Mammenhäerz, si schenkt äis vun hirer Glawesstäerkt, vun hirer Opmierksamkeet, vun hirer Verbonnenheet mat Christus, vun hirem Sieg iwwer den Ongeescht an iwwer d'Sënd. Si léint äis hir Muecht, fir d'Mënschen anzetrieden, an si baut mat äis zesummen eng nei Kultur vun der Léift a vum Liewen op.

Loosse mir äis vun hir beweege loossen, fir esou op hir Virsprooch an no hirem Beispill an eisem Liewen neess nei op Christus hin ëmdenken ze kënnen. Amen.

Gebiet vun den Oktavpilger

Helleg Maria, Gottesmamm,
Tréischterin am Leed,
wéi all Joer
gi mir dir eist Verspriechen.

Méi wéi dräihonnert Joer
bass du mat äis gaang.
Haut versprieche mir op en Neits,
dech gär ze hunn
an trei ze sinn am chrëschtleche Glaf.

Léif Mamm, Patréinesch vu Stad a Land,
alles leeë mir an deng Hänn,
wat äis léif an helleg ass:
eis Familljen, eis Kanner,
eis Fräiheet, eis Eenegkeet,
d'Gléck vun der Heemecht
an de Fridden uechter d'Welt.

Seen, déi äis regéieren,
behitt deng Kanner,
heiheem an an der Friemd,
a féier äis de Wee
an d'éiweg Heemecht.

Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411